Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Editorial: E russesche Spioun, Beschëllegungen a keng Beweiser
Neiegkeeten

Editorial: E russesche Spioun, Beschëllegungen a keng Beweiser

Also wat do nees a Groussbritannien eng opgefouert gëtt, just

Brexit: Eng onendlech Geschicht
Neiegkeeten

Brexit: Eng onendlech Geschicht

Wien sech erhofft hat, et kéim beim aussergewéinlechen EU-Sommet zum

dislike
Weltklimakonferenz: Et ass Zäit endlech Realitéiten ze schafen
Neiegkeeten

Weltklimakonferenz: Et ass Zäit endlech Realitéiten ze schafen

Säit e Méindeg setzen d‘Vertrieder vun 195 Länner, ONGen a

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach

What the Fakt: De Guggenheim Musée huet virun 59 Joer seng Dieren opgemaach

Et ass ee weltwäit bekannten Gebai vum Frank Lloyd Wright wat zu New York steet. Um 21. Oktober 1959 kann de Musée seng éischt Visiteuren zielen.

Den Architekt Frank Lloyd Wright war ee grousse Fan vun der organescher Architektur, wou Form, Farw a Material entspriechend der Ëmwelt erausgesicht an ugepasst gëtt. Heibäi geet et awer och ëm d’Bedierfnisser vum Mënsch wou Form a Funktioun verschmëlze sollen (Form follows function).

Säin berühmtsten Wierk ass nieft dem Musée d’Haus „Fallingwater“ zu Pennsylvania. De Wright huet d’Gebai op engem Fielsvirsprong, iwwert engem Floss mat Waasserfall gebaut. Duerch seng Form an d’Material füügt d’Haus sech perfekt an d’Natur an, sou datt seng Bewunner an noem Kontakt mam Waasser an der Natur stinn.

De Konschtsammler Solomon R. Guggenheim ass bei senger Sich fir de Bau vun engem Konschtmusée op dësen talentéierten Architekt gestouss. Schnell koum d’Iddi d’Gebai a Form vun engem ëmgekippte Schleekenhaus ze bauen. D’Visiteure sollen net méi vu Raum zu Raum goen mee iwwert de spiralfërmege Gank vun uewen no ënnen duerch d’Ausstellung gelotst ginn.

Guggenheim

De Wright gouf vu villen kritiséiert, datt d’Architektur der Konscht hire Charme klaue géife. Ganz am Stil vun dem organesche Bau erkläert hien awer, datt d’Gebai an d’Konscht hei zesumme schaffen a sech géigesäiteg ergänzen. Wou de Musée dunn 1959 fäerdeg gouf, waren alleguerten d’Optragsgeber scho verstuerwen.

Am Guggenheim Musée fënnt een nieft ëmmer wiesselenden Ausstellung och Wierker vu weltwäit bekannte Kënschtler. Vum Kandinsky, iwwert de Picasso bis hin zu Van Gogh kritt de Visiteur alles gewisen, wat ee sech als Konschtintresséierten nëmme wënsche kann.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Guggenheim, Guggenheim Musée, Konscht, Musée, New York, USA, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel