Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Katalounien: Generalstreik a masseg Protest géint de Separatisteprozess
1st dating tips

Katalounien: Generalstreik a masseg Protest géint de Separatisteprozess

Zu Madrid kréien 12 Separatisteleader de Prozess gemaach. D‘Roserei vun

signs your falling for your hookup
1st dating tips

dragons den uk dating app

No laangen a schmäerzvolle Verhandlungen, hunn d‘EU a Groussbritannien e

Gemeinsam EU-Standarts fir gréng Investitiounen
1st dating tips

Gemeinsam EU-Standarts fir gréng Investitiounen

An engem neie Communiqué vun der grénger EU-Deputéiert Tilly Metz

What the Fakt – Viru ronn 5000 Joer entsteet de Brauch vun Halloween

What the Fakt – Viru ronn 5000 Joer entsteet de Brauch vun Halloween

Haut ass et nees esou wäit. Elle Gestalten a Grujelfilmer suergen um 31. Oktober ëmmer nees fir Horror-Stëmmung. Dëse Brauch ass awer kee reng amerikanescht Fest, mee gëtt säit Joerdausende gefeiert. Wat stécht elo genau dohannert?

Den Ursprong vun Halloween läit beim keltesche Fest „Samhain“. Den 31. Oktober ass den Neijoerschdag vun de Kelten a markéiert den Ufank vun der donkeler Joreszäit. Hir Traditioun beseet, datt an der Nuecht zum 1. November d’Paart zu enger anerer Welt opgemaach gëtt a sou och béis Wiesen aus der Ënnerwelt bei eis komme kennen, fir dann eng mënschlech Séil an eng Chance op ee Liewen nom Dout ze kréien.

Fir net vun den Doudegen erkannt ze gi verkleeden sech d’Mënsche säithir. Mee och d’Réimer hunn d’Fest iwwerholl, spéider hunn iresch Migranten Traditioun an d’USA matgeholl, wou säit 1840 „Trick or Treat“ um Owend vun Halloween organiséiert gëtt.

A wat ass mam Kürbis?

Den Ursprong vun dëser Traditioun kënnt vun der Geschicht vum Jack O’Lantern. Hien huet et gepackt den Däiwel op ee Bam ze lackelen, wou hien, duerch d’Aritze vun engem Kräiz an d’Bamrind, net méi erof koum.

Nom Dout vum Jack gouf him den Zougang zum Himmel an zur Häll verweigert. Den Däiwel huet him, duerch een Ofkommes, awer ee Kürbis mat gléiender Kuel offréiert, fir säi Wee duerch déi donkel Ënnerwelt ze fannen. Dohier kënnt och säin Nonumm „O’ Lantern“ fir d’Lanter.

Och haut huet sech de Brauch oprecht erhalen, fir um Owend vun Halloween ee Kürbis, mat geschnëtztem Gesicht a Käerz dran, virun d’Dier ze setzen. Fir Famillen ass et awer och eng flott Geleeënheet, fir zesummen Zäit ze verbréngen an ee kleng Konschtwierk ze gestalten.

halloween

Grujelfaktor och bei eis

A Mëtteleuropa gëtt Halloween ëmmer méi gefeiert. Bei eisen däitschen Noperen etabléiert sech esou lues de Brauch verkleet no Séissegkeeten heeschen ze goen. Am Grand-Duché fënnt een eng Rei Partië mat Horror-Stëmmung, sou wéi Dia de los Muertos a Clause, den Elloween zu Ell oder Lions Halloween Bash I zu Dikrech.

Fir déi méi roueg Gesënnte kann een awer och ee gemitterlechen Owend um Kanapee verbréngen, mat Horror-Filmer, Popcorn a Gedrénks. Egal wéi dir den Owend verbréngt, mir wënschen ee flotten Owend!

Quellen:

Ähnlech Sujeten Allerhellgen, Halloween, Horror, Jack O'Lantern, Samhain, Traditioun, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel