Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Briten demonstréiere géint de Boris
jade mya dating

D‘Briten demonstréiere géint de Boris

Honnerte Londoner hu gëschter an de Stroossen géint de Boris

how potassium argon dating works
jade mya dating

Geet d’Wandkraaft op Käschte vun der Natur?

No enger Meldung vun natur & ëmwelt Asbl huet een

surprise
Videospiller hunn e manner groussen Afloss op Rape Myth Acceptance ewéi virgefaasste Gendervirstellungen
jade mya dating

Videospiller hunn e manner groussen Afloss op Rape Myth Acceptance ewéi virgefaasste Gendervirstellungen

Videospiller hunn et jo net ëmmer einfach. Oft stinn se

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Kichelchen

What the Fakt – Haut ass den Dag vum Kichelchen

Aiii dat ass nees ee kuriéise Feierdag fir all déi Séiss ënnert eis! Pünktlech zu Wanterzäit ass dann den fantastesche Kichelchers-Dag. An och wann et eigentlech een amerikanesche Feierdag ass, fanne mir, datt dat séisst Gebäck och hei een Éierendag verdéngt huet.

Dëse leckeren Dag geet op den US-Amerikaner Matt Nader aus San Fransisco zeréck. Am Joer 1987 huet hien an der Blue Chip Cookie Company entscheet, datt de Kichelchen och een eegene Feierdag muss hunn, och wann et hei méi als Spaass geduecht war. Mee scho virdrun, am Joer 1976, ass den nationale Kichelchers-Dag an der amerikanescher Versioun vun der Sesamstraße opgegraff ginn.

Interessant ze wëssen ass hei, datt den englesche Begrëff „Cookie“ seng etymologesch Wuerzele vum nidderlänneschen „koekje“ huet, wat esou vill heescht wéi „klenge Kuch“.

Mee och de Goût an d’Form variéiere jee no Land. Sou hunn se an Nordamerika beispillsweis hire Cookie gären als ganz flaache, ronne Kichelchen, den aus Miel, Eeër, Zocker a Botter besteet. Oft gëtt en da verfeinert mat Schockela, Mandelen, asw. An Europa wier dat wuel éischter ee Biscuit. Hei an der Géigend ass den normale Botterkichelchen beléift. Zur Chrëschtzäit duerf et dann och gären ee Vanillekipferl sinn, eppes Séisses mat Noss oder ee Spekulatius.

Huet hei ee Spekulatius gesot?

Fir all eis séiss Lieser ass hei ee flott Rezept fir och zur Wanterzäit eppes Guddes ze knabberen ze hunn.

Wat brauch een?

  • 150 g Botter
  • 125 g brongen Zocker
  • 1 Ee (M)
  • 1 TL gemuelene Kanéil
  • E bësse gemuelen Neelcheskäpp
  • E bësse Kardamom
  • 1 TL ofgeriwwe Schuel vun enger onbehandelter Zitroun
  • 60 g gemuele Mandelen
  • 300 g Miel
  • 1 TL Bakpolver
  1. De Botter, Zocker an d’Ee mam Schnéibiesem op mannst 10 Minutte schaumeg schloen. Duerno d’Gewierzer, d’Zitrouneschuel an déi gemuele Mandelen ënnerréieren.
  2. Miel a Bakpolver mëschen an ënnerréieren
  3. Den Deeg mat den Hänn zu enger Kugel formen an a Folie awéckelen. Dat Ganz dann ca. 1 Stonn kal stellen
  4. De kalen Deeg muss uschléissend op enger bemieltener Aarbechtsfläch ongeféier 4 Millimeter dënn ausgerullt ginn. Elo kann een en mat ënnerschiddleche Formen ausstanzen
  5. Déi ausgestanzten Spekulatiussen op d’Bakblech leeën an nach ëmol 2 Stonne kal stellen
  6. D’Blech am virgeheizten Uewen (175 ° C Ëmloft) 10 bis 12 Minutte baken, eraus huelen, ofkille loossen
  7. Genéissen!

Quellen:

Ähnlech Sujeten Baaken, Cookie, Feierdag, Kichelchen, Nationale Kichelchers-Dag, Spekulatius, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel