Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!
Kultur Neiegkeeten Stories

Du gees ëfters an de Musée? Da sollt der dee Quiz hei keng Problemer maachen!

D’Lëtzebuerger Muséeslandschaft ass de vergangenen 20 Joer opgebléit. Mee sinn

Mobbing ass un eise Schoulen keng Seelenheet – an d’Opfer wëssen sech oft net ze hëllefen!
Kultur Neiegkeeten Stories

Mobbing ass un eise Schoulen keng Seelenheet – an d’Opfer wëssen sech oft net ze hëllefen!

Fir vill Schüler ass et eng deeglech Realitéit: Si gi

Katalounien: Fréier Parlamentspresidentin steet net méi zur Verfügung
Kultur Neiegkeeten Stories

Katalounien: Fréier Parlamentspresidentin steet net méi zur Verfügung

D‘Carme Forcadell huet en Donneschdeg Bekannt ginn, datt si sech

What the Fakt – Haut emol plakeg ënnerwee!

What the Fakt – Haut emol plakeg ënnerwee!

Um haitegen internationalen Dag vum Plakeg-sinn (engl. International Nude Day) gëtt d’Fräikierperkultur zelebréiert. Et sief Iech also erlaabt, ganz ongenéiert och emol ouni Kleedung den Dag erliewen ze kënnen, wann Dir dat net vläicht souwisou schonn esou maacht…

Bei der Entstehung vun dësem kuriéisen Aktiounsdag ginn zwou Varianten erzielt, déi béid zimlech plausibel eriwwerkommen. Esou ginn déi meescht Quellen un, datt d’Initiativ op den neiséilännesche Rugbyspiller an TV-Moderator Marc Ellis zeréck geet.

Am Kader vu senger Fernsehshow huet hien 2003 d’Campagne vum nationalen Nude Day an d’Liewe geruff. Jiddwereen, deen der deemoleger Ministerpresidentin Helen Clark plakeg begéine géif, kritt eng finanziell Belounung. D’Campagne war esou erfollegräich datt d’Aktioun zum feste Bestanddeel vun der Sendung ginn ass.

Plakeg

Ee Bild vum Carl Larsson , 1906

Aner Quelle ginn un, datt schonn 1976 US-amerikanesch Nudisten de besonnegen Dag an d’Liewe geruff hätten. Nieft der Fräiheet um Kierper huet d’Fräikierperkultur nämlech nach aner Virdeeler:

  • Gesteigert Selbstwäertgefill: An éischter Linn geet et ëm Body-Positivity, net ëm Erotik. Ouni sech ze schumme soll een dobäi fir säi Kierper stoen. Schliisslech probéiert een oft mat der richteger Kleedung Problemzonen ze verstoppen.
  • Fir de bessere Schlof: Ee Pyjama ka verhënneren, datt eis Kierpertemperatur am Schlof erofgeet. Doduerch gëtt eise Schlofrhythmus gestéiert, wat am schlëmmste Fall dozou féiert, datt mir guer net schlofen.
  • Plakeg fir d’Kierpergewiicht: Bei guddem Schlof ginn iwwregens Wuesstemshormoner ausgeschott. Wien dauernd erwäscht léisst säi Cortison-Niveau steigen, wouduerch ee méi groussen Appetit kritt.
  • Frësch Loft fir de Kierper: Verschidde Beräicher un eisem Kierper, sou wéi beispillsweis déi intim Kierperplazen, reguléieren hir Temperatur a Fiichtegkeet selwer. Onnéideg Kleedung a Wäermt kann dobäi d’Ausbreedung vu Bakterien a Pilzer fërderen.
  • Ee gléckleche Portmonnie: Eleng fir Bikinien, Schwammboxen a Maillote sinn am Joer 2013 ganzer 336 Milliounen Euro ausgi ginn. D’Sue kann ee sech dach einfach spueren, andeems een plakeg ronderëm leeft.

Plakeg

Opgepasst beim FKK!

Grad bei der Fräikierperkultur kann et schnell zu Mëssverständnesser an/oder Sträit mat den Noperen entstoen. Dofir sollt een op verschidde Saachen oppassen. Am Ëmgang mat aneren Unhänger vum FKK sollt ee sech esou begéinen, wéi wann een ugedoe wier, an net de Kierper vum Géigeniwwer ugaffen. Natierlech sollt een och keng Foto vun enger plakeger Persoun maachen, egal op ee selwer ugedoen ass oder och net.

Fir dëse Kult auszeliewe sollt een iwwregens op Plaze goen, wou FKK erlaabt ass, sou datt een den Noper oder déi eeler Fra vun Niewendrun net stéiert. Huet een emol déi richteg Plaz fonnt, da soll een un eng Ënnerlag, a Form vun engem Handduch denken! Donieft sollt een och héiflech Ofstand zum Aneren halen a säi Privatberäich respektéieren.

Zu gudder Lescht – wëll plakeg sinn och oft mat Erotik verbonne gëtt – sollt gewosst sinn, datt een weder ugedoen, nach plakeg dobaussen ze vill Zäertlechkeeten austausche soll. Zu gudder Lescht sollt een och all Form vu Provokatioun ënnerloossen. Schliisslech stéiert een um Textilstrand kee mat senger Fräikierperkultur, ëmgekéiert gëllt dat selwecht.

Do gëtt et jo da just nach eppes haut ze maachen: Handduch an de Grapp gedréckt an ab bei den textilfräie Camping Bleesbréck oder de Reenert!

Ähnlech Sujeten FKK, Fräikierperkultur, International Nude Day, internationalen Dag vum Plakeg-sinn, Marc Ellis, Nudist, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel