Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Gileten Akt XIII: Gewaltbereetschaft ass ongebrach
Kultur Neiegkeeten

dating is not worth the hassle

De Mouvement vun der giele Gileten (gilets jaunes) ass gëschter

5.1 surround hookup
Kultur Neiegkeeten

Gratulatioun: Zwee nei Schäffe goufe vereedegt

Gëschter sinn bei enger offizieller Zeremonie zwee nei Schäffe vun

D‘Zukunft vun der Zousazversécherung CMCM
Kultur Neiegkeeten

D‘Zukunft vun der Zousazversécherung CMCM

Vum demographesche Wandel profitéieren an den Affiliéierte méi Servicer ubidden,

What the Fakt – Alles Guddes un d’Hayley Williams vu Paramore!

What the Fakt – Alles Guddes un d’Hayley Williams vu Paramore!

Een immens kreativen an talentéierte Kapp – mat orangen Hoer als Markenzeechen – feiert haut seng 30 Joer. D’Hayley Williams, vun der alternativer Rockband Paramore, begeeschter mat Lidder, wéi „Decode“ oder „Ain’t It Fun“ ëmmer erëm d’Fans an d’Popwelt a beräichert mat enger groussaarteger Stëmmt d’Musekszeen.

Um 27. Dezember 1988 ass dat begaabt Framënsch zu Mississippi an den USA gebuer ginn. De Startschoss vun der musikalescher Karriär ass 2003 gefalen, wou d’Hayley Nichole Williams vun den zwee Manager Dave Steunebrink a Richard Williams entdeckt ginn ass. No engem zwee järege Vertrag an engem Engagement an enger Pop Punk Band ass 2004 d’Band Paramore gegrënnt ginn. Zesumme mam Josh Farro, Zac Farro an Jeremy Davis ass esou eng vun de wéinege Rock-Gruppen entstanen, déi eng Fra un der Front stoen hunn.

Paramore

No enger Relatioun mat engem Bandmember huet d’Sängerin hir grouss Léift am Chad Gilbert fonnt, mat dem hatt 2016 bestuet ginn ass. Besonnesch opfälleg ass um Haley – et kann een et net iwwersinn – seng Hoerfaarf. Hatt ass bekannt, mat Faarwen ze experimentéieren, woubäi hatt awer ëmmer nees zum Orange zeréck gaangen ass. Bei engem Interview mat Fuse soll hatt uginn hunn, datt bei him d’Verännerunge vun den Hoer oft emotional Konflikter als Hannergrond hunn. Och säin individuellen a verréckte Kleedungsstil ënnersträicht d’Musek vun der Band.

Et ass wuel eng traureg Gewunnecht bei de Kënschtler an Individualisten, datt si oft u psycheschen Erkrankunge leide mussen. Och d’Hayley Williams gehéiert zu deenen, déi laang ënnert Depressiounen a Mobbing gelidden hunn. Mëttlerweil kann hat awer stolz zouginn, datt hatt „iwwerlieft“ huet. Wëll et fir d’Sängerin ee wichtegt Uleies ass, aneren ze hëllefen, ënnerstëtzt hatt d’Organisatioun „To Write Love on Her Arms“, eng Non-Profit Organisatioun, déi Leit hir Hëllef ubitt, déi ënnert Suchtproblemer, Depressiounen a Selbstmordgedanke leiden.

Egal wéi muss een einfach zouginn, datt d’Madame Williams eng Powerfra ass, déi net nëmmen äusserlech uspriechend ass, mee och charakterlech an vum Talent hir immens vill ze bidden huet. Mir freeën eis op weider Songs vum him an der Band Paramore!

Quellen:

Ähnlech Sujeten Decode, Gebuertsdag, Hayley Williams, Musék, Paramore, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel