Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Konviktsgaart fleegt säin Image
International Neiegkeeten Stories

De Konviktsgaart fleegt säin Image

Et war e flotten Dënschdegmueren am Stater Altersheem „Konviktsgaart“, an

Kollektiv Monoparental: Weider Verhandlungen ëm d’Steierklassen
International Neiegkeeten Stories

Kollektiv Monoparental: Weider Verhandlungen ëm d’Steierklassen

De Kollektiv Monoparental representéiert ongeféier 11 % vun de Lëtzebuerger

Wéi gutt kenns du dech am Éislek aus?
International Neiegkeeten Stories

Wéi gutt kenns du dech am Éislek aus?

D’Éislek mécht e gudden Drëttel vun der Landesfläch aus, mee

What the Fakt – D’Doudesstrooss vu Kuwait 1991

What the Fakt – D’Doudesstrooss vu Kuwait 1991

Zur Zäit vum Zweete Golfkrich ass eng Strooss tëscht Kuwait a Basra duerch ee Loftugrëff zerstéiert ginn. Heibäi goufen zuelräich Militär- an Zivilistegefierer attackéiert, wouduerch honnerte Mënschen ëm d’Liewe komm sinn. Dobäi waren déi irakesch Truppe grad dobäi, sech zeréckzezéien.

No zuelräichen Ultimaten, datt déi irakesch Truppen sech aus Kuwait zeréckzéie sollen, hu si um 26. Februar 1991 dës Fuerderung an d’Realitéit ëmsetze wëllen. Virdrun hu si beim Verloossen nach divers Uelegfelder a Brand gesat an d’Spärriegelen vun den Terminalen opgemaach, sou datt riseg Quantitéiten un Ueleg an der Persesche Golf gefloss sinn. Op der Haaptverbindungsstrooss huet sech schliisslech ee laange Konvoi vun den irakeschen Truppen a Beweegung gesat, fir d’Land ze verloossen. Ronderëmt si hu sech awer och immens vill Zivilisten an hire Gefierer befonnt.

Golfkrich

© Rarehistoricalphotos.com

Tëscht 1400 an 2000 Gefierer waren op der Streck ënnerwee, wou d’Schlaang um Highway 80 als éischt vu Minne gestoppt ginn ass. Zu dësem Zäitpunkt hu verschidde Mënschen den Zäitpunkt ergraff fir ze flüchten. Kuerz drop ass de Bombardement lass gaangen, bei dem sougenannt „Cluster Bommen“ aus der Loft ofgeschoss gi sinn. Dës Waff enthält zuelräich explosiv Munitiounen, sou datt d’Zerstéierung méi grouss gëtt. Esou konnt ee sécher goen, datt all Zaldot oder Zivilist, déi sech am betraffene Beräich befënnt, och garantéiert ëm d’Liewe komme wäert.

Golfkrich

© Sgt Dean Wagner

De Project on Defense Alternatives Research schätzt, datt dobäi 800 bis 1000 Mënsche gestuerwe sinn. Et waren alliéiert Kräft, déi dëst Attentat verüübt hunn, an dës Streck soumat zu enger Doudesstrooss („Highway of Death“) transforméiert hunn. Den Irak hat nämlech acceptéiert, seng Truppen ewech ze huelen, an awer wollten si d’Resolutioune vun der UN net unhuelen. Als véiertgréisst Arméi hunn d’Iraker iwwert masseweis, a virun allem effektiivt Equipement verfüügt. Mat dësem Ugrëff sollten hir Truppen ofgeschwächt a verjot ginn.

Golfkrich

© Rarehistoricalphotos.com

De Golfkrich erkläert

Generell ginn hei déi dräi Kricher am Persesche Golf bezeechent, an deenen den Irak bedeelegt war.

Den éischte Golfkrich gëtt ageuerdent tëscht 1980 an 1988, hei goung et ëm de Konflikt tëscht Irak an Iran. Sträitthema war déi politesch, wirtschaftlech, reliéis a kulturell Hegemonie. Virun allem awer ass sech ëm de Grenzverlaf gestridde ginn. Zirka 800.000 Doudeger zielt de Krich, dobäi sinn 900 Milliarden Dollar drop gaangen. Ee Resultat am Bezuch zum Land gouf et keen.

Den zweete Golfkrich bezitt sech op d’Befreiung vu Kuwait vun irakeschen Truppen. Ënnert dem Kommando vun den USA hunn UN-Truppen huet den aktive Konflikt mat Loftugrëffer am Januar 1991 ugefaangen. Schonn no wéinegen Deeg konnt d’Land Kuwaitbefreit ginn. Dobäi sinn 100.000 irakesch Zaldoten an 130 alliéiert Zaldoten ëm d’Liewe komm. Donieft ass duerch d’Uelegquellen d’Mier enorm verknascht ginn, wat zu enger Ëmweltkatastroph gefouert huet.

Den drëtte Golfkrich beschreift d’Zäit vum 20. Mäerz bis den 2. Mee 2003 an op een neits hunn d’USA an hir Alliéiert géint den Irak gekämpft. D’US-Regierung huet sech militäresch a Gefor gesinn. No engem schnelle Sieg, bei dem och den irakeschen Herrscher Saddam Hussein gestierzt ginn ass, sinn déi amerikanesch Truppen, déi nach am Land waren, ëmmer erëm vun den Iraker attackéiert ginn.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Doudesstrooss, Golfkrich, Highway Of Death, Irak, Kuwait, Loftugrëff, UNO, What the Fakt, Zaldoten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel