Search

You may also like

FREYA RIDINGS den 27. Januar am Atelier!
International Kultur Neiegkeeten Stories

FREYA RIDINGS den 27. Januar am Atelier!

Fir Groussbritannien ass dës Sängerin ee vun de gréissten opbléienden

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat
International Kultur Neiegkeeten Stories

Zukünfteg Gestaltung vun Europa am Debat

Et war an engem briechend vollen Auditorium vun der Universitéit

Ab muer de Moie rullt et nees bei der CFL
International Kultur Neiegkeeten Stories

Ab muer de Moie rullt et nees bei der CFL

Gutt Nouvelle fir all Schüler a Pendler dee d‘Eisebunn benotzt:

What the Fakt – Lëtzebuerger Widderstand mat uerge Folgen

What the Fakt – Lëtzebuerger Widderstand mat uerge Folgen

Um 25. Februar 1944 sinn 23 Bierger aus Lëtzebuerg no hirem Widderstand am KZ Hinzert ëmbruecht ginn. Säit Joerzéngte gedenkt de Grand-Duché dësem Ereegnis, wat knapp 80km vun eiser Haaptstad stattfonnt huet, an erënnert esou aktiv un all Persoun, déi sech dem Nazi-Regimm entgéint gestallt huet.

Si waren net déi eenzeg, déi di demokratesch Fräiheet am Land oprecht erhale wollten. Trotzdeem zielen dës 23 Affer symbolesch als Representanten. Duerch dësen nationale Gedenkdag soll kloer gestallt ginn, datt des Resistenz kee Mythos ass. Am Ganzen sinn 1.586 Lëtzebuerger an d’Camp zu Hinzert deportéiert ginn. Dovunner hunn 76 Persounen am genannte Lager hiert Liewe gelooss, anerer goufen a Konzentratiounslager an Däitschland, Frankräich, Éisträich a weiderer bruecht.

Hinzert

Gedenktafel am Agang vum KZ Hinzert

D’Resistenz huet eng individuell Entscheedung duergestallt, doduerch, datt all Publicitéit verbuede war. D’Buch „Histoire du Luxembourg“ vun 2013, geschriwwe vum Professer Michel Pauly, weist folgend Zuelen, bei enger demoleger Populatioun vun 290.000 Persounen, op:

  • 3.963 Bierger goufen aus politesche Grënn an d’Konzentratiounslager zu Dachau, Buchenwald, Struthof, Mauthausen, Ravensbrück, Sachsenhausen an anerer deportéiert. 791 vun hinnen hunn net iwwerlieft, dorënner 76 Prisonéier vum Camp zu Hinzert.
  • 4.136 Persoune goufen aus politesche Grënn deplacéiert. 154 Persounen hunn d’Ëmsiedlung a Polen net iwwerlieft.

Am Zweete Weltkrich huet d’Nazi-Politik immens vill jonk Lëtzebuerger zur Nazi-Uniform gezwongen. Och hei sinn d’Zuele vum Professer Pauly schockéierend:

  • 10.211 Jonker goufen zwangsrekrutéiert, dovu sinn der 2.848 gestuerwen oder verschwonnen
  • 3.510 jonk Lëtzebuerger hunn et gekappt, mat Hëllef vun hirer Famill an der Resistenz aus dem Militär auszebriechen.

Bis zur Besetzung am Mee 1940 hunn net all d’Judden et gepackt, de Grand-Duché ze verloossen. Ganzer 1.289 Lëtzebuerger Judde sinn esou an d’Doudes- oder Konzentratiounslager deportéiert ginn. Just 81 Persoune konnten dem Dout dovu kommen.

An dësem Kontext muss een och d’Zuel un de Fräiwëllegen ernimmen, déi mat den Alliéierte gekämpft hunn: 584 Persounen hu sech engagéiert, wouvu 57 mat hirem Liewe bezuele missten. Ganzer 3.614 Fraen hunn donieft géint hire Wëlle Räichsaarbechtdéngscht leeschte missen.

Natierlech koum et am ganze Misär och zu Kollaboratioune mam Nazi-Regimm. 5.721 Persoune goufen doduerch ugeklot, ronn d’Halschent gouf schëlleg gesprach. Dovunner sinn der 12 zum Dout veruerteelt ginn, 8 Persoune goufen effektiv exekutéiert.

Hinzert

Historescht Stroosseschëld – haut am Besëtz vum nationale Resistenzmuseum zu Esch-Uelzecht

Wéi konnt et dozou kommen?

Trotz der Besetzung vun der Wehrmacht um 10. Mee 1940 huet de Grand-Duché probéiert, fir weiderhin seng Neutralitéit ze behalen a sech aus dem bewaffente Konflikt erauszehalen. Trotzdeem konnt och Lëtzebuerg net virum Nazi-Regimm flüchten, wouduerch all Persoun, déi net dem Diktat gefollegt ass, eliminéiert ginn ass. Anerer duerften net méi hire Beruff ausüben oder hu missen op däitschem Buedem an d’Exil goen.

D’Bierger um Lëtzebuerger Terrain duerften d’Grenz, zu engem bessere Liewen, net méi fräi iwwerschreiden, wouduerch no an no eng heemlech Resistenz entstanen ass. Dobäi war et ëmmer de perséinleche Choix vum Resistenzler, fir Widderstand ze leeschten. Dës Fraen a Männer hu kenger Autoritéit gefollegt a waren sech ëmmer bewosst, datt si hiert Liewen riskéieren, an domadder och hir Famillen a Gefor bréngen.

Wien erwëscht gouf huet Befrounge vun den Nazien, sou wéi schrecklech Folter missen erdroen, iert een an de Prisong komm ass. Et ass op Initiativ vun den Iwwerliewenden, datt den nationalen Dag vun der Resistenz organiséiert gëtt. Erënnerung un dës grausam Dot muss oprecht erhale ginn. Et soll een och an Zukunft un d’Affer gedenken an dofir suergen, weiderhin a Fräiheet liewen ze kënnen, ouni totalitäre Regimm.

D’Lager vun Hinzert an „d’Säuberung“

Um 1. Juli 1940 ass d’Lager vun der Inspektioun fir Konzentratiounslager iwwerholl ginn a krut de Status vun engem KZ-Haaptlager. Nieft der „Aarbechterzéiung“ vun de Prisonéier sinn ëmmer méi politesch Gefaangener op Hinzert bruecht ginn. Ab Mee 1942. sinn esou ronn 2000 Gefangener aus Frankräich an de Benelux-Länner ageliwwert ginn. Bis 1945 hu ronn 14.000 männlech Prisonéier am Alter tëscht 13 an 80 Joer am Lager gelieft.

De Camp zu Hinzert war just fir 560 Gefaangener ausgeluecht. Trotzdeem ass d’Unzuel u Prisonéier op méi, wéi dat Duebelt erop gaangen, wouduerch d’Lager enorm iwwerfëllt war. Dobäi muss ee bedenken, datt Hinzert kee Vernichtungslager war mat Gaskummeren, an awer goufen zäitweis sougenannt „Sonnerbehandlungen“ duerchgefouert. Sou ass et och 1944 geschitt, wou 23 Widderstandskämpfer aus Lëtzebuerg duerch Erschéissen oder Gëftsprëtzen higeriicht an duerno am Bësch hannert dem Lager vergruewe gi sinn.

D’Hinzerter Kräiz

Schonn 1945 ass d’Hinzerter Kräiz a Gedenken un d’Affer opgeriicht ginn. De Gedenksteen ass dobäi op Lëtzebuergesch an Däitsch beschrëft. Donieft ass den 11. Oktober 1986 een Denkmal fir de Lëtzebuerger Gefaangene Lucien Wercollier opgeriicht ginn. Heirobber steet „In ardorem humanitatis, pacis et iustitae“, wat souvill bedeit, wéi „Duerchdronge vu Mënschlechkeet, Fridden a Gerechtegkeet.“

Hinzerter Kräiz

Mir mussen eis virun Ae behalen, wéi laang fir eng fräi Demokratie an déi fundamental Mënscherechter gekämpft ginn ass. Fir d’Liewen, d’Fräiheet an d’Sécherheet vun alle Mënsche genéissen ze kënnen, dierf een den Opponenten an Doudegriewer vun den demokratesche Wäerter keng Chance loossen!

Related topics Dag vum Widderstand, Hinzert, Konzentrationslager, Nationalen Dag vun der Resistenz, Nazi-Regimm, Resistenz, SS, What the Fakt, Zweete Weltkrich
Next post Previous post