Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den ACL un der Säit vun de Cyclisten
International Kultur https://moien.lu/best-generic-first-message-online-dating/ matchmaking slamm

hi dating website

Ab elo direkt, profitéieren all d‘Membere vum Automobilclub Lëtzebuerg (ACL)

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!
International Kultur https://moien.lu/best-generic-first-message-online-dating/ matchmaking slamm

HIV-Autodiagnostik-Tester: Geschwënn nach méi einfach an diskret!

No der Propositioun vum Gesondheetsminister Étienne Schneider huet de Rot

What the Fakt – Den éischten Ëmzuch fir Rosenmontag zu Köln
International Kultur https://moien.lu/best-generic-first-message-online-dating/ matchmaking slamm

What the Fakt – Den éischten Ëmzuch fir Rosenmontag zu Köln

All Kölner ass ewéi bänzeg op déi fënneft Joreszäit. Och

What the Fakt – Pickt den Hitchcock dann nach richteg?

What the Fakt – Pickt den Hitchcock dann nach richteg?

Et ass ewell 56 Joer hir, datt de britesche Regisseur an Dréibuchauteur Alfred Hitchcock an den USA säi bekannte Wierk „Die Vögel“ erausbruecht huet. Dobäi waren et net nëmmen déi eigentlech harmlos Villercher, déi Opsinn erreegt hunn – schonn eleng den Dréi ka fir d’Haaptroll als traumatescht Erliefnis agestuuft ginn.

De Film, deen am Original „The Birds“ heescht, baséiert op der Erzielung vum Daphne Du Maurier, woubäi dëst Wierk schonn dat drëtt vun der Damm gewiescht ass, dat de Regisseur an ee Film verwandelt huet. Donieft huet de Sir Alfred Joseph Hitchcock allerdéngs och divers Recherche bedriwwen, bei der hien sech u reale Virfäll inspiréiere gelooss huet an esou dat onerkläerlech aggressiivt Verhale vun de geplëmmte Kollegen erausgepickt huet.

Och wann et méi, wéi een halleft Joerhonnert hir ass, datt de Film gedréit ginn ass, sou huet den Hitchcock fir eng optimal Realisatioun immens modern Technik agesat. Nieft dresséierten a wëlle Villercher, wéi Kréien, Spatzen a Méiwen, sou wéi zuelräichen Attrappen, ass och nach eng Réckproduktioun, ee Yellowscreen an d’Rotoskopie agesat ginn. Och de Soundtrack ass eleng mat Vullestëmmen entstanen, déi duerch ee Virgänger vum analoge Synthesizer zesumme gesat gi sinn.

hitchcock

Een düstere Film, een traumateschen Dréi

Op kee Fall sollt „Die Vögel“ no engem Science-Fiction Klassiker ausgesinn. Vill méi sollt hei eng apokalyptesch Erzielung gewise ginn, bei der d’Déieren ouni Grond Mënschen attackéieren. Et loung awer net eleng un der Geschicht, datt dëse Film vir esou vill Kritik gesuergt huet.

Als Schauspillerin huet den Hitchcock sech d’Model Tippi Hedren ausgesicht, wat ausser enger Publicitéit fir Diätgedrénks nach keng Filmerfarung hat. Dëst sollt dem Regisseur allerdéngs recht sinn, well hie säi Star esou nach forme kann. Mat sengem engelsgläiche Gesiicht an de liichtend blonden Hoer huet déi spéider Mamm vum Melanie Griffith fir de klenge ronnen Horror-Hitchcock einfach perfekt an d’Bild gepasst.

Mat Perfektionismus un d’Ziel

Op alleréischter Plaz sollt fir de Regisseur awer nach ëmmer hie selwer, zesumme mat de Vulle stoen, wouduerch säi Personal immens grob behandelt ginn ass. Virun allem dat jonkt US-amerikanescht Model, wat am Film Melanie Daniels heescht, muss verschidden Zeenen ëmmer an ëmmer erëm widderhuelen, bis de Chef schlussendlech zefridde war.

Dat schlëmmst kënnt nach: d’Tippi war net ganz esou frou mat de fléienden Déieren an awer ass hatt vun der Crew fir den Dréi mat Villercher beworf ginn oder et krut se direkt virun d’Gesiicht gehalen. Dobäi huet ee Kueb d’Actrice um Ae blesséiert. „Et war déi schlëmmst Woch a mengem Liewen“, seet d’Tppi spéider. Duerch déi psychesch Ustrengung an d’Iwwerlaaschtung huet hatt schliisslech missen an d’Spidol bruecht ginn.

Dem Hitchcock säi Film sollt sech mat 371 Trickopnamen als deiersten an opwännegste Film vun der Zäit erausstellen. Duerch déi vill Aarbecht huet d’Premieren ëm een halleft Joer verluecht misse ginn, wouduerch d’Vullen eréischt den 28. Mäerz 1963 d’Leit am Kino erféiere konnte. Um 20. September sinn d’Opnamen dunn och an den däitsche Kinoe gelaf.

Déi grujeleg Handlung

Bei „Die Vögel“ geet et ëm d’Millionärsduechter Melanie Daniel, wat an engem Déierebuttek den Affekot Mitch Brenner kenneléiert. Dobäi imponéiert hien dem Melanie esou staark, datt hatt hien a senger Heemescht, der Küstestad Bodega Bay iwwerrascht. Scho kuerz nodeems hatt ukënnt, gëtt d’Fra vun enger Méiw ugegraff a blesséiert. Dëst sollt awer just den Ufank vun enger Rei onerkläerlecher, ëmmer méi aggressiver Attacken duerch ganz Gruppen u Vulle sinn.

Wien elo op de Goût komm ass no engem alen Horror-Klassiker, dee sollt sech dem Hitchcock säi Wierk op alle Fall emol ukucken.

Ähnlech Sujeten Alfred Hitchcock, Die Vögel, Horror, Klassiker, Tippi Hedren, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel