Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Een Neijoerschpatt mam Xavier Bettel: D’Diskussioun ëm d’Pressefräiheet
International Kultur bria dating app matchmaking meme

radical heights matchmaking

Um freie Mëtteg huet eise Premierminister, Staatsminister a Minister vun

Buch vs Film: „Das Zeiträtsel”
International Kultur bria dating app matchmaking meme

Buch vs Film: „Das Zeiträtsel”

Bicher a Verfilmungen – dat ass esou eng Saach… Well

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or
International Kultur bria dating app matchmaking meme

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or

Mat engem flotten, oppenen Turnéier am „Tête a Tête“, huet

What the Fakt – Hyper Hyper, H. P. Baxxter

What the Fakt – Hyper Hyper, H. P. Baxxter

Bal wier den Hans Peter Geerdens, besser bekannt als Scooter Frontmann H. P. Baxxter Affekot ginn. Mëttlerweil begeeschtert hien mat senger Techno-Musek, duerch déi de Museker souwuel verspott, wéi och veréiert gëtt, weltwäit seng Fans. An do freet ee sech scho säit Joren, wéi vill de Fësch dann elo kascht?

Iert den Hans Peter awer froe konnt „How much is the fish?“ huet hien 1985 säin Schoulofschloss gepackt. De spéidere Museker, den iwweregens 1964 zu Niedersachse gebuer ginn ass, krut säi Spëtznumm „Aitsch-Pi“, den him ee Liewe laang bleiwe sollt, vun engem Chimie-Professer. No sengem Studium fir Rechtswësseschaften zu Hannover huet den HP sech géint dëst dréchent Fach entscheet a seng Suen duerch Aarbechten an engem Museklabel verdéngt.

Zesumme mat senger Schwëster Britt Maxime, dem Rick J. Jordan a Slin Tompson ass an dëser musikalescher Zäit d’Synthie-Pop-Band „Celebrate the Nun“ gegrënnt ginn,déi sech am Joer 1993 zu „Scooter“ embenannt huet. A mëttlerweil huet genau dës Grupp, déi éischter duerch primitiv Texter an haard Techno-Beats voll ranhummert scho méi wéi 30 Millioune Placken an CD’e verkaft.

Domat zielt Scooter zu den erfollegräichste Bands an Däitschland. Op et engem elo gefält oder net, „Hyper Hyper“ an „döp döp döp“ gehéieren zur musikalescher Kultur. Genau an dëse Projet stécht de Frontmann säi ganzt Häerzblutt, wat wuel och de Succès vun der Band erzielt huet. Si hunn ni groussaarteg iwwert de Verlaf nogeduecht, mee einfach gehandelt an trotz immenser Kritik den Eescht vun der Saach ni aus den Aen verluer.

Net nëmmen an Däitschland ka „Scooter“ am Erfolleg bueden: Och Groussbritannien, Skandinavien, Osteuropa a Russland sinn am Hyper-Hyper-Féiwer. Spéitstens mam Album „Jumping All Over The World“ konnt d’Techno-Grupp ëm den HP op den Chartthroun eropklammen, wat dem Frontmann d’Dieren fir divers Fernseh-Shows opgemaach huet. Sou souz hien 2009 beispillsweis an der Jury vum „Eurovision Song Contest“ an 2012 huet de Museker „ X-Faktor“ mat senger Presenz entzéckt, wéi och beim Casting-Format vun DSDS.

Privates vum Techno-Männi

Sech selwer beschreift de Museker als richtege Spiesser. Obwuel hien säit Joren enk Boxen, faarweg T-Shirte mat grelle Prints, Liederaarmbänner an Ouerréng undeet, ass hien a sengem Banneschten éischter konservativ gestréckt. Vun 2006 bis 2011 war de Baxxter mam Model Simone bestuet, wat 15 Joer méi jonk war wéi hie selwer. No senger Scheedung ass dunn fir véier Joer d’Nikola a säi Liewen getrueden, wat hien awer och net hale wollt.

Am Liebes-Repertoire geet et weider mat der Russin Elizaveta, wat ganzer 30 Joer méi jonk ass, wéi de Museker. Säit 2016 gehéiert säin Häerz der Architektur-Studentin Lysann, wat – wéi kéint et och anescht sinn – nees vill méi jonk ass (26 Joer). An der Ëffentlechkeet weist de Scooter-Frontmann gäre mat senger weiblecher Begleedung!

Mir wënschen alles Guddes fir de Gebuertsdag!

Opmaacherbild: © Avda

Ähnlech Sujeten Gebuertsdag, H. P. Baxxter, How much is the fish?, Hyper Hyper, Scooter, Techno, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel