Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!

Scho fir d’fënneft Kéier huet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) um vergaangenen

Weltraumfuerschung: Lëtzebuerg a Moskau wëllen zesummeschaffen
International Kultur Neiegkeeten Stories

Weltraumfuerschung: Lëtzebuerg a Moskau wëllen zesummeschaffen

Op Vältesdag war de Wirtschaftsminister Etienne Schneider, a Begleedung vun

E chargéierte Regierungsrot
International Kultur Neiegkeeten Stories

E chargéierte Regierungsrot

Vill Erfreeleches haten d‘Regierungsmembere bei der Sëtzung vum Regierungsrot leider

What the Fakt – D’Ierfgroussherzogin Stéphanie huet Gebuertsdag!

What the Fakt – D’Ierfgroussherzogin Stéphanie huet Gebuertsdag!

Um haitegen 18. Februar gëtt d’Ierfgroussherzogin Stéphanie vun Nassau 35. Joer jonk. Als Fra vum Lëtzebuerger Ierfgroussherzog Guillaume wäert d’Altesse déi zukünfteg Groussherzogin vum Grand-Duché ginn.

D’Stéphanie vu Lëtzebuerg huet vu Gebuert un dem Adel ugehéiert, an zwar dem flämeschen Uradelsgeschlecht Lannoy, déi virun allem duerch de Feldherr Charley de Lannoy bekannt sinn. Als jéngst vu 7 Geschwëster kann d’Stéphanie vun Nassau mëttlerweil och eng sëllech weider Titelen, wéi beispillsweis Prinzessin vu Boubon-Parma, zu sengen eegenen zielen.

stephanie

Als Kand huet d’Stéphanie fir d’éischt déi hollänesch-sproocheg Schoul Sancta Maria zu Ronse besicht, ier et dunn firt zwee Joer un de Collège Sainte-Odile an Nord-Frankräich gaangen ass. Uschléissend ass et an de Bréisseler Institut de la Vierge Fidèle gaangen, wou d’Schülerin 2002 säin Ofschlossdiplom krut, den bei eis mat enger Première gläich ze setzen ass.

Sprooche sinn dem Stéphanie säin Element

Nodeems eis Ierfgroussherzogin seng Volljähregkeet gefeiert huet, ass d’Stéphanie fir ee Joer op Moskau gaangen, fir do déi russesch Sprooch a Literatur ze studéieren. Am Uschloss huet et hatt op Louvain-la-Neuve gezunn, fir hei Germanistik un der kathoulescher Universitéit ze léieren. De Master an däitscher Philologie gouf zu Berlin absolvéiert, woubäi d’Ofschlossaarbecht iwwert den Afloss vun der däitscher zur russescher Romantik gehandelt huet.

No engem Stage zu Berlin un der belscher Ambassade ass et nees zeréck an d’Belsch gaangen, fir hei an enger Investmentgesellschaft ze schaffen. Duerch seng Etüde kann d’Ierfgroussherzogin mëttlerweil Franséisch, Hollännesch, Däitsch, Englesch a Russesch fléissend schwätzen. Momentan léiert d’Stéphanie vun Nassau och Lëtzebuergesch, woubäi mir keen Zweiwel hunn, datt och dës Aufgab mat Bravour wäert gepackt ginn.

stephanie

© Frankie Fouganthin

Déi grouss Léift

Um 26. Abrëll 2012 ass d’Verlobung mam Ierfgroussherzog Guillaume vu Lëtzebuerg bekannt gemaach ginn. Schonn een Dag méi spéit ass d’Feier am Schlass Berg organiséiert ginn. Déi kierchlech Hochzäit konnt um 20. Oktober vum selwechte Joer – een Dag nom standesamtleche Bestietnis – an der Kathedral Notre-Dame stattfannen. Hei war et den Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, den d’Zeremonie gehalen huet.

Eréischt vergaangene Samschdeg konnt de kinneklechen Haff den 28. Gebuertsdag vun der Prinzessin Alexandra feieren. Domadder wënscht d’Redaktioun vu Moien.lu souwuel der Ierfgroussherzogin Stéphanie, wéi och der Prinzessin Alexandra alles Guddes fir de Gebuertsdag. An dësem Kader drécke mir och eis Freed doriwwer aus, esou eng sympathesch groussherzoglesch Famill zu Lëtzebuerg zehunn!

Opmaacherbild: © MMFE

Ähnlech Sujeten Guillaume, Ierfgroussherzog, Lëtzebuerger Adel, Stéphanie vun Nassau, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel