Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wann eis de Bësch verluer geet
Neiegkeeten

Wann eis de Bësch verluer geet

No Schätzungen, déi um Méindeg vu Global Forest Watch (GFW)

Berlin zitt seng Truppe aus der Tierkei zréck
Neiegkeeten

Berlin zitt seng Truppe aus der Tierkei zréck

Gëschter huet déi däitsch Regierung beschloss, seng Truppe vun der

Liicht getéitscht, mee glécklech – Stock-Car an der Belle Etoile!
Neiegkeeten

Liicht getéitscht, mee glécklech – Stock-Car an der Belle Etoile!

Nach bis den 1. Juni stellen d’Membere vum Stock Cars

What the Fakt – D’Single Imagine vum John Lennon gëtt offiziell verëffentlecht

What the Fakt – D’Single Imagine vum John Lennon gëtt offiziell verëffentlecht

De Klassiker „Imagine“ vum Beatles Sänger, John Lennon, ass haut viru 47 Joer als Single verëffentlecht ginn. Och haut nach gëtt dëst harmonescht Lidd iwwert de Weltfridden am Radio spille gelooss.

„Imagine all the people living lifer in peace“ – dat ass d’Haaptausso vum Lidd. Den John Lennon, Gitarrist vun der populäerster Grupp an de 60er Joer „The Beatles“, dreemt hei vun enger Gesellschaft fräi vu Relioun, Nationalismus a Privateegentum. Hie rifft zum Fridden op, wou jiddwereen an Harmonie an Eeklang zesumme lieft. Domadder gëtt dësen Hit zur Hymne vun der Friddensbeweegung.

Fir de Sänger war seng Musek wéi eng Momentopnam vun dem, wat hie grad fillt a gesäit. Hien huet sech an der Verantwortung gesinn, duerch seng Berühmtheet, seng Gedanken an Ureegungen un d’Mënschen ze bréngen an d’Gesellschaft zum Positiven ze veränneren. Dobäi huet de Museker ëmmer vill dorop ginn, wat de Publikum vu senger Musek gehalen huet.

Seng utopesch Siichtweisen huet den John Lennon mat „Imagine“ zwee Deeg no sengem 31 Gebuertsdag eraus bruecht. Um 8. Dezember 1980 gëtt hie vum Mark David Chapman virum Dakota-Gebai ugeschoss an erleit senge Verletzungen Owes am Spidol.

Ähnlech Sujeten Imagine, John Lennon, Musék, The Beatles, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel