Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

L’Italie en poésie – dëse Freideg am Kinosch!
International Kultur list of questions to ask online dating best dating chat

maja dating 2017

Bei dëser musikalescher Lecture geet et ëm den italienesch-lëtzebuergeschen Dialog.

marriage not dating recap 1
International Kultur list of questions to ask online dating best dating chat

Kaffisgespréich mam Stater Schäfferot

Et ass ëmmer nees e Pleséier, emol de Mount um

surprise
Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima
International Kultur list of questions to ask online dating best dating chat

Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima

Laut den Autoritéite waren si zu hirer 12.000, fir d‘Organisateure

What the Fakt – de (Sonnen)Opgank vun den Impressionisten

What the Fakt – de (Sonnen)Opgank vun den Impressionisten

Zu Paräis am Atelier vum Fotograf Nadar stellen drësseg Molen hir Wierker aus. Dorënner ass och dem Claude Monet säi Biler „Impression, soleil levant“, wouduerch déi nei Konschtrichtung hiren Numm kréie sollt.

Am Joer 1873 hat de Kënschtler Monet schonn d’Iddi, fir mat aneren Artisten eng eegen a selwer finanzéiert Ausstellung ze organiséieren. Grond dofir war de „Salon vun de Refuséierten“, bei dem sech d’Siicht vun den net etabléierte Kënschtler an hirer „anerer“ Konscht geännert huet. Um 27. Dezember vum selwechte Joer hu folgend Memberen schliisslech eng Vereenegung gegrënnt:  Claude Monet, Pierre-Auguste Renoir, Alfred Sisley, Edgar Degas, Berthe Morisot, Camille Pissarro, Edouard Béliard, Armand Guillaumin an den Henri Rouart.

Dem Nadar säin Atelier a spéider Ausstellungsplaz

Uschléissend ass no engem gëeegente Raum gesicht ginn, fir dës speziell Ausstellung ze presentéieren. Dobäi ass een op den Atelier vum Fotograf Nadar gefall, dee mol kee Geld fir d’Notzung vu sengem Zëmmer um zweete Stack am Boulevard de Capucines wollt. Fir d’Käschten weiderhin esou geréng wéi méiglech ze halen ass no weidere Kënschtler gesicht ginn, bis ee schlussendlech 30 kreativ Käpp zesumme getrommelt hat.

Um 15. Abrëll 1874 war et esou wäit: D’Ausstellung ass op gemaach ginn!Fir den Entréespräis vun 1 Franc konnt ee vun 10:00 bis 18:00 Auer a vun 20:00 bis 22:00 Auer 165 Biller bestaunen. Mat dobäi waren ënnert anerem dem Auguste Renoir seng „Parisienne“, dem Edgar Degas seng „Classe de dance“ oder och dem Paul Cézanne säin „Une moderne Olympia“.

“Impression, soleil levant” vun 1872

Grouss opgefall ass allerdéngs dem Claude Monet säin „Impression, soleil levant“. Kuerz virun der Ausstellung hat de Kënschtler den Titel nach emol geännert, wat am Endeffekt ee wichtege Punkt fir eng ganz Konschtrichtung sollt sinn. Obwuel d’Evenement an d’Rubrik vum Realismus fale sollt, ass schliisslech de Stil vum „Impressionismus“ agefouert ginn. De Konschtkritiker Louis Leroy huet d’Wierk nämlech mam Begrëff impressionistesch reegelrecht erofgemaach. Hien huet dem Monet säi Bild einfach ze skizzenhaft, onfäerdeg an net usprochsvoll genuch fonnt.

Den Impressionismus

Ënnert dësem Begrëff versteet een eng Epoch an der Konschtgeschicht, déi sech a Frankräich och op weider Beräicher, wéi beispillsweis d’Musek a Literatur, ausgedeent huet. An der Konscht gi virun allem Andréck aus der Natur an dem Liewen an der Groussstad gewisen, woubäi virun allem d’Liichteffekter a Schieter vun immenser Bedeitung sinn.

Seng Ausschnëtter huet de Kënschtler net méi naturgetrei op d’Toile bruecht, mee mat der Hëllef vu klenge Strécher, déi enk niefteneen gesat gi sinn. Dofir wierken d’Biller vun noem immens grob gezeechent. Vu wäitem verschwammen déi eenzel Strécher mateneen, wouduerch ee Formen a Géigestänn erkenne kann.

Ähnlech Sujeten Claude Monet, Frankräisch, Impression, Impressionismus, Konscht, Nadar, soleil levant, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel