Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Biissen a Google… e Projet mat Héichten an Déiften
International Kultur black dating for free app https://moien.lu/egr-valve-hook-up/

online dating apps vancouver

Den Datenzenter vu Google, deen sech d‘Regierung gewënscht, vun den

https://moien.lu/digital-dating-online-profile-content-of-older-and-younger-adults/
International Kultur black dating for free app https://moien.lu/egr-valve-hook-up/

Arlon Retail Park: Een neien Akafszentrum zu Sterpenech

Haut huet zu Arel-Sterpenech een neien Akafszentrum seng Dieren opgemaach.

Dispositiounen zum Notze vun Dronen am Kader vun de Festivitéiten zu Nationalfeierdag
International Kultur black dating for free app https://moien.lu/egr-valve-hook-up/

Dispositiounen zum Notze vun Dronen am Kader vun de Festivitéiten zu Nationalfeierdag

Am Kader vun de Feierlechkeeten zu Nationalfeierdag huet de Ministère

What the Fakt – den Internationale Fraendag

Denk gerecht, bau intelligent, sief innovativ fir Ännerungen

What the Fakt – den Internationale Fraendag

All Joer gëtt um 8. Mäerz den internationalen Dag vun de Fraen zelebréiert, bei deenen ee virun allem iwwert de Fortschrëtt nodenke soll, den bis ewell gemaach ginn ass. Donieft soll och fir Changementer opgeruff ginn an de Courage an d’Higab vu verschiddenen ambitiéise Frae gefeiert ginn, déi an der Vergaangenheet besonnesch Rollen an der Geschicht vun hirer Communautéit a Land gespillt hunn.

Dëst Joer soll sech virun allem op innovativ Weeër konzentréiert ginn, fir d’Gläichheet vun de Geschlechter an d’Stäerkung vun de Fraen, virun allem am Beräich vum soziale Sécherheetssystem, den Accès zu ëffentleche Servicer an nohalteg Infrastrukturen, an de Fokus ze stellen. Virun allem an innovative Saachen, wéi och der Technologie si Fraen nach ëmmer an der grousser Minoritéit.

Sief et an der Wëssenschaft, dem Ingenieurswiesen, oder der Mathematik ginn si wuel dru gehënnert, sech virun ze entwéckelen an Innovatiounen, déi un dat jeeweilegt Geschlecht ugepasst sinn, an d’Gesellschaft anzebréngen. Och weiblech Iddie solle beispillsweis de Beräich vum Mobile Banking oder déi kënschtlech Intelligenz beaflossen a fir zukünfteg Gesellschafte prägen. Esou soll den haitegen 8. Mäerz drun erënneren datt eng aktiv Roll vu Fraen a Meedercher fir méi inklusiv Systemer, effizient Servicer an nohalteg Infrastrukturen essentiell ass.

feminismus

D’Geschicht vum internationalen Aktiounsdag

De weltwäit éischte Fraendag ass den 8. Mäerz 1911 an den USA gefeiert ginn. D’Begrënnerin war hei déi däitsch Sozialdemokratin Clara Zetkin. Op hir Invitatioun hu sech schliisslech divers Länner zesumme gesat – dorënner d’Schwäiz, Dänemark, Éisträich a Schweden – fir d’Recht op politesch Matbestëmmung, ee gläiche Loun wéi bei de Männer an ee besseren Aarbechts- a Gesondheetsschutz ze fuerderen.

Eleng bei eisen däitschen Noperen si Millioune Frae bei Protester matgaangen, an hunn der Fuerderung nom Walrecht fir Fraen Nodrock ginn. Just een halleft Joer virdrun huet déi zweet international Sozialistesch Fraekonferenz zu Kopenhagen, op Initiativ vun der Sozialistin Zetkin d’Aféierung vum Internationale Fraendag beschloss. Deemools huet si an enger Zeitung Folgendes geschriwwen „Dësen Internationale Fraendag ass déi wuchtegst Ukënnegung fir d’Fraewalrecht gewiescht, déi d’Geschicht vun der Beweegung fir d’Emanzipatioun vum weibleche Geschlecht bis haut verzeechne kann.“

feminismus

Ee weidert Element, wat hei genannt muss gi sinn tëschent dem Éischten an Zweete Weltkrich d’Demonstratiounen zum Schwangerschaftsofbroch, sou wéi de Mammen- a Schwangerschaftsschutz. An der Zäit vum Nationalsozialismus war den Internationale Fraendag ganz verbuede ginn an duerch de Mammendag ersat ginn.

Och de Krich huet säin Enn fonnt an esou ass an der spéider DDR den Internationalen Dag vun der Fra ab 1946 als offizielle Feierdag erkläert ginn. Mat der Zäit ass den Aktiounsdag awer lues a lues a Vergiessenheet geroden. Eréischt mat der Fraebeweegung an de 70er Joer konnt den Dag nees zum Liewen erwächt ginn. Am Joer 1977 hunn déi Vereenten Natioune schlussendlech den „Dag vun de Vereenten Natioune fir d’Rechter vun der Fra an de Weltfridden“ proklaméiert. D’UN-Resolutioun kënnt Dir HEI noliesen.

Essentiell Eckdate vu der Fraebeweegung

  • 1791: Déi franséisch Schrëftstellerin Marie Couze verfaast d’Erklärung vun de Rechter vun de Fraen a Biergerinnen.
  • 1838: Déi pazifesch Insel Pitcairn féier d’Fraewalrecht an
  • 1848: Duerch „Declaration of Sentiments“ lieft d’Fraebeweegung an den USA op. An der Erklärung gëtt de selwechte soziale Status an déi gläich Rechter fir Frae gefuerdert
  • 1886: D’Emilie Kempin-Spyri, éischt schwäitzer Journalistin, fuerdert hir Zouloossung als Affekot a scheitert beim Gericht
  • 1896: Zu Genf gëtt den éischten nationale Fraekongress organiséiert. Heibäi gëtt dat weiblecht Geschlecht fir eng éischt Kéier als aflossräich Grupp eescht geholl.
  • 1903: D’Physikerin Marie Curie kritt als éischt Fra den Nobelpräis iwwerreecht.
  • 1918: D’Fraen an Däitschland dierfe wiele goen
  • 1920: D’Fraewalrecht an den USA gëtt agefouert
  • 1928: D’Briten zéie mam Walrecht fir Fraen no
  • 1944: Och eis weiblech franséisch Noperen dierfe wiele goen
  • 1971: Zu Lëtzebuerg kréie Fraen d’Zivilrecht
  • 1978: D’Ofdreiwungsgesetz gëtt am Grand-Duché ugeholl
  • 2005: An Däitschland gëtt de Congé de Maternité agefouert

CID Fraen a Gender rifft zur Manifestatioun

D’Plattform JIF2019 rifft, am Kader vum Internationale Fraendag, op zwou Manifestatiounen.

Den 8. Mäerz 2019 kënnen Interesséiert sech um 12:00 Auer bei der Stater Gare treffen, fir zesumme Richtung Place d’Armes ze goen an hei politesch Fuerderungen ze stellen. Mat der Symbolfaarf Mof equipéiert, appelléiert d’Aktioun JIF un d’Solidaritéit mat alle Fraen, déi am Leed sinn. Zemools fir d’Europawahle kommende Mee sollen d’Fuerderungen un Europa a politesch Dirigenten ausgesprach ginn.

feminismus

Den 10. Mäerz sidd Dir invitéiert op déi 5. feministesch a kulturell Feier. Mam Concert vu La Nuit d’Antigone, diversen Atelieren, Liesungen, Diskussiounsronnen an Informationsstänn kritt Dir ee räichhaltege Programm gebueden. Genee Detailer fannt Dir HEI.

Hir europäesch an national Fuerderunge kënnt Dir HEI noliesen.

D’Ministesch Taina Bofferding an d’Gläichheet vun de Geschlechter

Fir den Aktiounsdag vum 8. Mäerz hëlt d’Ministesch fir Gläichheet tëscht Männer a Fraen, d’Taina Bofferding un dräi Evenementer vu verschiddene lokalen Associatiounen an Acteuren deel. Heibäi geet et virun allem drëm, op d’Situatioun vum weibleche Geschlecht zu Lëtzebuerg an um weltwäiten Niveau opmierksam ze maachen. Fir eng gerecht Gesellschaft an d’Gläichstellung am Alldag ze garantéiere mussen duerch Diskussioune verschidde Problemer ugeschwat ginn.

Um Programm vun der Ministesch stinn:

  • D’Manifestatioun vun der Plattform JIF
  • D’Initiativ „Rues au Féminin“ am neie Quartier Lenkeschléi zu Diddeleng
  • De Projet „Women Cycling“ zu Mamer

An dësem Kontext wëlle mir och drun erënneren, datt de Lëtzebuerger Film „Histoire(s) de Femme(s)“, den de 4. Dezember 2018 an de Kino komm ass, ee gudden a virun allem perséinlechen Abléck an d’Geschicht an d’Situatioun zu Lëtzebuerg gëtt. Mir wënsche vill Spaass beim Kucken!

Quellen:

Ähnlech Sujeten CID Fraen a Gender, Geschlechtergläichheet, Internationale Fraendag, Manifestatioun, Rechter, Weiblechkeet, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel