Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Polen setzt op d’Kuel fir seng Stroumproduktioun
saying no online dating Neiegkeeten https://moien.lu/dating-memoir/

https://moien.lu/ways-to-hookup-on-tinder/

De polneschen Energie-Grupp ENEA huet um Dënschdeg am Kuelekraaftwierk vu

https://moien.lu/dating-a-minute-man/
saying no online dating Neiegkeeten https://moien.lu/dating-memoir/

Ellergronn: Et soll een d‘Eise schmidden esou laang wei et gliddeg ass

Loscht eppes iwwert de Beruff vum Schmadd ze léieren? Eventuell

Wäisswampech: déi gréng stäipen sech géint d‘Privatiséierung vum Séi
saying no online dating Neiegkeeten https://moien.lu/dating-memoir/

Wäisswampech: déi gréng stäipen sech géint d‘Privatiséierung vum Séi

Viru kuerzem ass den touristesche Groussprojet „Suneo Park“ zu Wäisswampech

What the Fakt – Haut ass internationale Joggingsboxendag

What the Fakt – Haut ass internationale Joggingsboxendag

Et ass wuel ee vun de gemitterlechste kuriéise Feierdeeg: de Weltjoggingboxendag. All Joer um 21. Januar gëtt dëse bequeme Schlabberlook an enger bestëmmter Tenue gefeiert – an dat natierlech an der gudder aler Joggingsbox. Mee wéi koum et eigentlech zum genannte Feierdag?

Et ass ganz schnell an einfach erkläert: de kuriéisen Aktiounsdag kënnt vu 4 jonken Éisträichescher, déi mat hirer Klass geplangt haten, alleguerten an der Joggingsbox an d’Schoul ze kommen. Dës Aktioun koum esou gutt un, datt uschléissend beschloss ginn ass, dës Traditioun viru liewen ze loossen.

Den Dag vun der Joggingsbox sollt awer net nëmme an Éisträich gefeiert ginn. Déi véier jonk Borschten hunn ugefaangen d’Event op Facebook ze setzen, an dat mat immensem Succès. Scho bei der éischter „internationaler“ Versioun vum Joggingsboxendag hu sech iwwert 130.000 Leit virtuell ugemellt, fir op der ganzer Welt am Schlabberlook ronderëm ze lafen. Mat 600.000 Participatiounen aus 50 verschidde Länner hat de kuriéise Feierdag schnell Uklang fonnt, an dat just zwee Joer nodeems déi véier Éisträicher domadder ugefaangen hunn.

jogging

Ee Kleedungsstéck, mat verfeeltem Notzen

D’Geschicht vun der Joggingsbox huet schonn ëm 1920 ugefaangen. De franséische Grënner vun der Sportsmark Le Coq Sportif, den Émil Camuset huet viru ronn 100 Joer eng einfach gestréckten Jerseybox op de Maart bruecht, déi et Sportler erméigleche sollt, och am Wanter mat genuch Beweegungsfräiheet ze trainéieren.

Mat de Joren ass schliisslech ëmmer méi um Material an um Ausgesinn vun der Sportsbox geschafft ginn. An den 80er Joer ass et domadder ugaangen, datt déi bequem Box och op der Danzfläch ugedoe gouf, woubäi Danzen u sech jo och ee Sport ass. Vun do aus huet d’Joggingsbox vill Uklang an der amerikanescher Rap- an Hip Hop Zeen fonnt. De Baggystyle-Trend ass schlussendlech och an Europa eriwwer komm an esou ass aus der sportlecher Box eng lässeg Alldagsbekleedung ginn.

Zur Zäit vun der Joerdausendwend ass d’Joggingsbox als bequeme Schlabberlook doheem op der Couch ëmmer méi beléift ginn. Mëttlerweil ginn et awer esou vill verschidde Stoffer an Schnëtter, datt d’Joggingsbox och bei Défiléën ze gesinn ass. Déi stylesch a bequem Mëschung vun dësem Kleedungsstéck ass einfach déi ideal Kombinatioun fir am Alldag. Déi eenzegt Persoun, déi hei ee Wuert anzewennen huet, ass wuel de Modedesigner Karl Lagerfeld. Zum Schlabberlook seet hien: „Wien eng Joggingsbox unhuet, huet d’Kontroll iwwert säi Liewen verluer.“

Ee bequemen Dag

Egal ob een haut doheem bleift, schaffe geet oder an d’Schoul muss, wien wëll kann haut roueg an der bequemer Joggingsbox virun d’Dier goen. Esou ginn och déi 8 Stonnen um Büro zu engem gemitterlechen Aarbechtsdag.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Bequem, Hip-Hop, Joggingsbox, Karl Lagerfeld, Moud, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel