Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Télétravail, e Phenomen am Zäitgeescht
International Kultur signs of dating a con man https://moien.lu/shy-guy-dating-advice/

https://moien.lu/27-year-old-woman-dating-24-year-old-man/

Am Kader vun enger Etüd déi vum RETEL (Reseau d‘Études

Vulkan Whakaari ausgebrach
International Kultur signs of dating a con man https://moien.lu/shy-guy-dating-advice/

Vulkan Whakaari ausgebrach

De Vulkan Whakaari op der Insel White Island war zanter

Frësch, anescht an en Hauch utopesch: si sinn déi lénk
International Kultur signs of dating a con man https://moien.lu/shy-guy-dating-advice/

Frësch, anescht an en Hauch utopesch: si sinn déi lénk

Fir gesinn ze ginn, dierf een net zécken nei Weeër

What the Fakt – Alles fir d’Kaz um Internationale Kazendag?

What the Fakt – Alles fir d’Kaz um Internationale Kazendag?

Alles muusseg oder wat? Um haitegen Internationale Kazendag dréit sech alles ëm eisen eegesënnege Véierbeener. Déiereschutzorganisatioune, wéi WWF notzen zënterhir den 8. August a produktiver Aart a Weis, a maachen op Mëssstänn, sou wéi Geforen fir all Kazenaarten opmierksam.

Um 29. Oktober feieren d’Amerikaner den Dag vum Minitiger – haut gëtt d’Kaz weltwäit zelebréiert. Och wann et sech ëm een internationalen a kuriéise Feierdag handelt, esou ass allerdéngs net ganz sécher, wien d’Initiativ vum Kazendag aus wéi enge Grënn an d’Liewe geruff huet. Eng éischt Kéier daucht den Dag vun der Miessi am Joer 2001 beim International Fund for Animal Welfare (IFAW) op.

Déiereschutzorganisatioune, wéi WWF a Pro Wildlife hunn den Weltkazendag allerdéngs schnell matopgeholl. Fir si ass et déi ideal Méiglechkeet d’Ëffentlechkeet zu den diverse Wëllkazenaarten ze sensibiliséieren. Duerch eist Verhale gëtt nämlech lues a lues hire Liewensraum zerstéiert, wéi beispillsweis de Bësch zu Borneo.

Kazendag

Borneo-Goldkaz (Catopuma badia) mat rout-brongem Pelz

Insel-Kazen a Gefor

Am Joer 2011 huet WWF d’Sensibiliséierungscampagne zur Ofholzung vun de Bëscher op der Insel Borneo an den domat bedreete Kazenaarte lancéiert. Zwar liewe vill Wëllkazen immens zeréckgezunn, bis dohi ware se awer nach net am internationale Schutzprogramm mat abezunn. D’Gefor besteet, datt verschidden Aarten, déi vläicht emol nach net richtegt erfuerscht gi sinn, ganz verschwannen.

D’Ausstierwe vun enger Aart bréngt am Gläichgewiicht vun all Ökosystem Konsequenze mat sech. Virun allem den Niwwerlparder an d’Borneokaz liewen an Héich – an Déiflandreebëscher. WWF huet dofir d’Regierung vun de Staaten Malaysia, Indonesien a Brunei Darussalam opgefuerdert, konkret Schutzmoossnamen ze ergräifen, sou datt de Véierbeener eiser Welt erhale bleift.

Kazendag

Eng Kaz besëtzt een net, dat ass dach gewosst

Als Hausdéier steet d’Kaz, zesumme mam Hond um Podium vun de beléifsten Hausdéieren an eiser Géigend. Dobäi besëtzt een de Minitiger net einfach. Nee, et ass een ee geduldeten Matbewunner an hirem Räich. Wien mat enger Kaz zesumme wunnt, dee ka sech un diverse Virdeeler erfreeën:

  • Fleegeliicht: Natierlech bréngt een Hausdéier Aarbecht mat sech. D’Kaz gehéiert hei zu den onofhängegen, an domat och fleegeliichten Déiercher. Schliisslech bleiwe Muusse gären ënnert sech a brauche wéineg Opmierksamkeet.
  • Wéineg CO2: Den ekologesche Foussofdrock vun enger Kaz erweist sech als zimlech kleng. Geet et der neiséilännescher Kopper Robert a Brenda Vale no, representéiert de Minitiger de VW Gold, een Hond éischter ee Land Cruiser, wann et ëm den CO2-Ausstouss geet.
  • Manner Stress: Eng Etüd vun der Universitéit vu Minnesota beweist, datt eng Kaz Stress an Angschtgefiller reduzéiere kann. Och de Risiko een Häerzinfarkt ze erleiden, geet ëm 40 % erof.
  • Propretéit pur: Kazen hunn et esou richteg gär sech selwer ze botzen a propper ze sinn. Dofir muss ee si net all puer Méint bueden.
  • Och fir Allergiker: Verschidde Kazen gëllen als hypoallergen. Heizou gehéiert beispillsweis déi Orientalesch Kurzhaar, d’Russisch Blau, d’Siamkaz oder och déi plakeg Sphynx-Kaz.
  • Alles entspaant: Tëscht 16 an 20 Stonne schlofen d’Miessien all Dag.
  • Positiv Emotiounen: Wien nach ëmmer keng Kaz huet, dee sollt sech wéinstens hir lëschteg Videoen ukucken. Enger US-amerikanescher Etüd no soll een doduerch nämlech generell besser gelaunt sinn.

Egal wéi een Hausdéier ee sech zouleeë well, et sollt een dem Liewewiesen och een aartgerecht Liewe bidde kënnen. Kuckt also am viraus, op Är Wunneng et hiergëtt, een Hausdéier ze halen. Sidd Dir bereet Iech a gudden, sou wéi a schlechten Zäiten drëm ze këmmeren? Hutt Dir eng Plaz, wou d’Déier ënnerkomme kann, wann Dir an d’Vakanz wëllt? Zum Wuel vu Kaz, Hond a Co muss ee sech vun Ufank u senger Verantwortung bewosst sinn an dem véierbeenege Kolleg zur Säit stoen.

Ähnlech Sujeten Aartestierwen, Borneo, International Fund for Animal Welfare, Internationale Kazendag, What the Fakt, WWF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel