Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weis eis, wéi gutt s de eist Land kenns!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Weis eis, wéi gutt s de eist Land kenns!

Mir maachen nees eng digital Rees duerch eist Land. Erkenns

Nei Plattforme fir de Wäissstorch – elo ka gebréit ginn!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Nei Plattforme fir de Wäissstorch – elo ka gebréit ginn!

Dëse Méindeg huet natur&ëmwelt Beetebuerg-Monnerech-Réiserbann mam Accord vum Centre Ornithologique

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit
International Kultur Neiegkeeten Stories

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit

Gutt gelaunt an héich erfreet hunn d’Awunner vun der Bongert-Strooss

What the Fakt – internationale LEGO-Dag

What the Fakt – internationale LEGO-Dag

Den haitegen Dag steet ganz am Zeeche vun de faarwege Bausteng vu LEGO. Mat zuelräichen Designs an Milliarde Kombinatiounsméiglechkeete bei den Eenzeldeeler gëtt net nëmme Kreativitéit gefuerdert, mee och ee schlaue Kapp verlaangt. Dëse kuriéise Feierdag went sech u Grouss a Kleng Leit déi gäre spillen a bastelen, sech d’Fräizäit mat Kniwwelaarbechte verséisse wëllen oder einfach grousse Fan vun dëser Spillsaach sinn.

Viru genau 61 Joer huet d’Entreprise Lego de sougenannten „Réierchersprinzip“ ugemellt, wat fir genau ze sinn d’Manéier beschreift, wouduerch déi ronn Réiercher op der Uewersäit vum Stee genau an den Huelraum vun der ënneschter Säit passen. Doduerch ass de Baustee méi stabil ginn a konnt och säitlech versat openee gestach ginn. Et war den Ole Kirk Christiansen, Grënner vun der LEGO-Grupp, den sech dëse schlaue Prinzip afalen a spéider perfektionéiere gelooss huet. Och haut nach gëtt dës Method benotzt, wouduerch d’Steng an onendleche Kombinatiounen ëmmer nees nei matenee verbaut kënne ginn.

Lego Patent
Lego Patent

LEGO an de 60er Joer

Säit 1963 gëtt d’Spillsaach aus Acrylnitril-Butadien-Styrol-Copolymerisat – kurz ABS – hiergestallt. Am Ufank waren d’Bausteng fir kleng Kanner geduecht, déi, wéi bekannt, gären hir Spillsaachen an de Mond huelen. Aus dësem Grond ass vun Ufank un gekuckt ginn, datt de Grondstoff ongeféierlech an net gëfteg ass. Donieft ass de glänzende Konschtstoff immens haart a krazfest, wouduerch d’Lego-Steng eng laang Liewensdauer hunn.

De Prinzip fir ee Steen ze bauen ass am fong ganz einfach: De Granulat vum ABS Konschtstoff gëtt op 232 °C erhëtzt, sou datt eng zéiflësseg Mass entsteet. Mat engem Gewiicht vu bis zu 150 Tonne gëtt dës Mass dann an d’Forme gepresst an ofkille gelooss- Schonn ass de LEGO-Stee fäerdeg!

lego

Weder d’Qualitéit, nach d’Beléiftheet senkt

Säit de 60er Joer ass d’Entreprise senger Hierstellungs-Method trei bliwwen. An et schéngt sech auszezuelen! Och haut nach spille Kanner, sou wéi Erwuessener gäre mat de Bausteng, wouduerch et mëttlerweil déi verschiddensten Designs ginn. Dobäi huet een d’Méiglechkeet entweder selwer kreativ ze sinn, sech eenzel Stécker ze kafen a wëll drop lass ze bauen. Oder et entscheet ee sech fir ee Set, wou een als geüübte Persoun scho mol eng Woch dru kniwwele kann.

Trotz dem digitalen Zäitalter an der Existenz vun elektresche Spillsaachen entscheet sech de Groussdeel nach ëmmer fir LEGO. Aus dësem Grond gëtt d’Entreprise selwer zou, datt si bal net méi mat der Produktioun hannendru kommen. Bis ewell ass et LEGO City an/oder Technik, déi am beschten ukommen. Et sin Set wéi den Vun Star Wars (75045-AT-AT) mat 1.137 Eenzeldeeler, de Volvo Radlader (42030) mat 1.636 Stécker oder d’Policestatioun (60047) mat 854 Steng, déi besonnesch gefrot sinn.

lego

D’Schlass vun Hogwarts 71043 vum Kultfilm “Harry Potter”.

Zënterhier et d’Legoland an och de Lego-Film gëtt konnt d’Entreprise nach méi ee grousse Succès erliewen. D’Erfollegrezept ass a bleift awer wuel, datt si sech fir hir kleng Clienten, wéi och fir d’Freed vun Erwuessenen asetzen, déi virun allem no de Chrëschtdeeg Dag an Nuecht do setzen, fir d’Schlass vun Hogwarts (71043) mat 6.020 Deeler oder de Porsche 911 GT3 RS (42046) mat 2.704 Stécker prezis zesummen ze bauen, am beschten ouni ee Steen ze vergiessen.

Wëssenswäert Fakten

De Kult ëm d’Bausteng hält net op, an dat säit Joerzéngten. An dëser Zäit ass vill geschitt, wat mir Iech hei an e puer spannende Fakten zesumme faassen.

  1. LEGO als gréisste Pneuenhiersteller op der Welt: Am Schnëtt produzéiert d’Entreprise iwwer 300 Millioune Pneuen d’Joer. Dat ass méi, wéi all grouss Entreprisen (Goodyear, Pirelli,…) zesummen hierstellen. Domadder ass LEGO am Joer 2012 och an d’Guinnessbuch vun de Rekorden agedroe ginn.
  2. Eng geheim „Schatzkummer“: An dësem Raum an Dänemark steet jeeweils een Exemplar vun all Set, den an der Geschicht hiergestallt ginn ass. Am Ganze kann een iwwert 4.700 Këschten zielen.
  3. De “Millenium Falcon” als wäertvollst Set: Am Dezember 2015 louch de Präis vum berühmte Star Wars Modell bei 3.130 €. Gleeft een enger Analys vum Telegraph sollt ee besser a LEGO investéiere, wéi an Gold.
  4. De gréisste Modell aus 5 Millioune Steng: Do staunt een net schlecht! De Star Wars X-Wing Starfighter besteet, mat senger Spanwäit vun de Flilleke vun 30 Meter aus iwwer 5 Millioune Bausteng. Kuckt kann een d’Modell vum Raumschëff am LEGO-Land an Däitschland.
  5. Een Numm aus Dänemark: De Begrëff LEGO besteet aus den dänesche Wierder „Leg Godt“, wat esou vill heescht wéi „Spill gutt“. Op Latäin iwwersat bedeit d’Wuert „sammelen“. Majo déi zwee Begrëffer passen!
  6. Alles passt: Säit de 60er Jore gëtt et keng Ännerung an der Produktioun. Sou passt och haut nach all eenzele Bausteen op den aneren. Doduerch huet een d’Méiglechkeet Set’en vu fréier, mat deene vun haut ze kombinéieren.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Hogwards, Konschtstoff, LEGO, Lego Technik, Porsche 911, Spillsaach, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel