Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brasilien betrëtt eng nei Ära
Kultur Neiegkeeten are jim and pam from the office actually dating

https://moien.lu/dating-sites-west-vlaanderen/

Wa sech Rio de Janeiro zum Joreswiessel vu senger entspaanter

costs for online dating sites
Kultur Neiegkeeten are jim and pam from the office actually dating

The Last Jedi zerstéiert d‘Vergaangenheet vu Star Wars – Fir eppes Neies opzebauen!

The Last Jedi ass e Film deen oppe refuséiert, der

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock
Kultur Neiegkeeten are jim and pam from the office actually dating

Robert Mueller setzt Trump ënner Drock

Wéi amerikanesch Medie beriichten, steet den Donald Trump mëttlerweil an

What the Fakt – Haut scho Sushi gerullt?

What the Fakt – Haut scho Sushi gerullt?

Et kéint een deelweis denken, et wier eng Erfindung vun engem Student gewiecht, deen nach e bëssi Räis, réie Fësch a Gréngs doheem hat. D’Realitéit gesäit awer ganz anescht aus an esou kann een um haitegen 18. Juni den internationale Sushi-Dag feieren. Kee Wonner – dës japanesch Spezialitéit fënnt weltwäit ëmmer méi Unhänger!

D’Initiativ fir de kulinareschen Éierendag vum Sushi geet op d’Joer 2009 an den US-Amerikaner Chris DeMay zeréck. Als Administrateur vun enger Facebook-Säit ëm dës traditionell japanesch Fësch-Räis-Rull huet hie schliisslech den 18. Juni zum internationale Sushi-Dag erkläert. Wisou den Aktiounsdag grad op den haitegen Dënschdeg fält, ass allerdéngs net bekannt. Fest steet awer, datt d’Editioun all Joer u Succès gewënnt, wat natierlech och divers Restaurante fir hire Marketing ausnotzen.

Den Numm ass Programm. Esou geet et haut ëm d’Zoubereedung an d’Iesse vu Sushi. Generell gëllt d’Räisgericht als immens gesond, woubäi et der Traditioun no primär ëm de gekachten a gesaierte Räis, an net ëm de réie Fësch geet.

Sushi

Wien huet als éischt gerullt?

Am 2. Joerhonnert no Christus huet sech an der südostasiatescher Géigend ëm de Mekong eng Konservéierungsmethod fir Fësch entwéckelt, woubäi een de Mieresbewunner a gesaierte Räis gewéckelt huet. D’Käre sollten de Gärungsprozess undreiwen an de Fësch méi laang haltbar maachen, woubäi een de Räis spéider net méi mat giess huet.

Déi eelst Sushi-Form besteet säit der éischter Joerhonnertwend. Heibäi geet et ëm de gepresste Funa-Sushi, woubäi ee Gewiicht de Räis verdicht an esou d’Halbarkeet vum Fësch op bis zu 3 Joer erhéije konnt. Ëm dat 14. Joerhonnert ass d’Konservéierung schliisslech an den Hannergrond geréckelt an et huet een ugefaangen och de Räis ze iessen.

Am 18. Joerhonnert ass dunn de moderne Sushi entstanen. Mam wuessende Räichtum vun der Bevëlkerung vum haitegen Tokio ass och d’Beléiftheet vun de Mieresfësch geklommen. Mëttlerweil ass de Maki, Nigiri a Co weltwäit bekannt.

Déi verschidde Formen

  • Nigiri-Sushi: De Räis gëtt mat der Hand zu enger klenger Rull gedréckt, ier eng Sträif Fësch oder Omelett drop geluecht gëtt. Heiansdo gëtt dës Konstruktioun nach mat enger Sträif Nori (gedréchent Algen) zesummegebonnen.
    Sushi

    © Peterjhpark

  • Hoso-Maki: Déi dënn Räisrulle bestinn aus engem halwen Nori-Blat a gi mat Fësch oder Geméis befëllt, ier d’Rull a 6 gläich grouss Stécker geschnidde gëtt.
Sushi

© Think Draw

  • Futo-Maki: Des den décke Räisrulle gëtt Fësch oder Geméis, zesumme mat Räis am Nori-Blat agewéckelt.
Sushi

© Alpha

  • Ura-Maki: Bei eis sinn si wuel besser bekannt als California Roll. Heibäi ass de Räis baussen um Nori-Blat a gëtt oft mat Sesam oder Fëscheeër dekoréiert. Den Ursprong vun dëser Form läit net a Japan, mee an den USA.

Sushi

  • Temaki-Sushi: Heibäi gëtt d’Nori-Blat zu enger Tut gerullt a mat Räis an aneren Ingrediente gefëllt.
Sushi

© Arashiyama

  • Gunkanmaki-Sushi: Dës kleng Rulle leie säitlech um Teller, ginn ënne mat Räis an uewendriwwer mat Fescheeër dekoréiert
Sushi

© Jörn Menning

  • Chirashi-Sushi: De Räis a seng Bäilage ginn an enger Schuel offréiert.
Sushi

© Arashiyama

  • Oshi-Sushi: Räis, marinéierte Fësch an aner Bäilage ginn an eng hëlze Form geluecht a mat Gewiichter gepresst, bis se d’Form unhuelen.

Sushi

  • Sashimi: Eigentlech ass dës Form kee Sushi. De réie Fësch gëtt nämlech an dënnen ästhetesche Sträifen ouni Räis presentéiert.

Sushi

An dësem Sënn wënsche mir ee gudden Appetit oder och Gochisousamadeshita!

Ähnlech Sujeten Iessen, Japan, Konservéierung, Sushi, Traditioun, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel