Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit… de laange Wee zum Handelsofkommes
International Kultur Neiegkeeten Stories

Brexit… de laange Wee zum Handelsofkommes

Um Freideg huet d‘EU vun de 27 der Erëffnung vun

Lëtzebuerg zielt iwwert 96.000 Portugisen
International Kultur Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerg zielt iwwert 96.000 Portugisen

Eis portugisesch Matbierger maachen haut insgesamt 16% vun eiser Populatioun

Alles geet op de BD-Festival zu Contern
International Kultur Neiegkeeten Stories

Alles geet op de BD-Festival zu Contern

Den nächste Weekend ass et nees esouwäit, d‘Bande Dessinée oder

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Froen zesumme mam Einstein

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Froen zesumme mam Einstein

Den 140. Gebuertsdag vum Genie Albert Einstein. Zu sengen Éieren gëtt haut den Internationale Stell-eng-Fro Dag gefeiert. Wéi béid Saache genau zesumme passen a Fakten zu dësem kuriéise Feierdag ginn am Verlaf vum Artikel méi genau erkläert.

Groussaarteg Äntwerte fänke mat genau esou groussaartege Froen un. Schonn eleng wéinst dem grousse Physiker Albert Einstein sengem Gebuertsdag um 14. Mäerz gouf den haitegen Aktiounsdag an d’Liewe geruff, an zwar vum Marilee G. Adams. Dé US-amerikanesch Fra ass d’Grënnerin vum Inquiry Institut, Coach, Auteurin an huet donieft nach eng bemierkenswäert Biografie opzeweisen. Wichteg ass allerdéngs, datt si, nieft dësen zuelräichen Aufgaben, och nach d’Grënnerin vun der offizieller Internetsäit questionday.com ass.

fro

Um genannte Site stellt d’Adams divers Informatiounen zum Thema Froe-stelle bereet. Dozou gehéieren ënnert anerem verschidden Übungen, wéi een treffend a wichteg Froe stellt, Detailer zu verschiddene Philosophen, sou wéi och 12 Froe fir Succès ze hunn. An dësem Fall sollt ee sech beispillsweis froe wat ee selwer wëll, wat méiglech ass a wéi eng Schrëtter am meeschte Sënn maache wäerten. Dobäi sollt een ëmmer bedenken, datt et, egal a wéi enger Situatioun, keng domm Froen, mee just domm Äntwerte ginn.

Aus dësem Grond sollt ee grad haut alles hannerfroen an erkläert kréien, fir wat ee sech schonn ëmmer interesséiert huet. Och kleng Schrëtter droen zum eegene Wësse bäi, sief et duerch eng déifgrënneg philosophesch Fro oder eng éischter iwwerflächlech Diskussioun. Och den Einstein selwer sot zu senger Zäit „Et soll een ni ophalen ze froen“.

einstein

Den Einstein 1921

E=mc2

Um 14. Mäerz 1879 ass de Mann, dee spéider fir seng Relativitéitstheorie berühmt sollt ginn, zu Ulm gebuer ginn. Als Schüler hat hien éischter mëttelméisseg Notten. Trotzdeem huet den Albert sech fréi besonnesch fir Naturwëssenschaften a Mathematik interesséiert. Dem jonke Kärel huet et allerdéngs ni an de Krom gepasst, mat wéi enger strenger Diziplinn an Zwang een an der Schoul zum Léiere bruecht ginn ass, wouduerch hie mat 15 Joer beschloss huet, guer net méi a seng Klass zeréck ze goen.

Am Joer 1895 huet den Einstein dann awer säin Ofschloss an der Schwäiz nogeholl a krut just ee Joer méi spéit och nach säi Premièresdiplom. No senge Studien zu Zürech konnt hien am Juli 19990 erfollegräich säin Diplom an der Mathematik a Physik mat Heem huelen.

Nieft senger Aarbecht am Patentamt zu Bern huet hie leidenschaftlech gären a senger Fräizäit um Gebitt vun der theoretescher Physik geschafft, woubäi och eng Rei bedeitend wëssenschaftlech Aarbechten eraus komm sinn. Eng dovun handelt natierlech vun der berühmter Relativitéitstheorie, eng aner enthält d’Formel E=mc2, wat op einfachem Lëtzebuergesch ausgedréckt beschreift, datt sech Materie an Energie ëmwandele léisst. Dobäi steet den E fir Energie, den m fir d’Mass an den c fir d’Liichtgeschwindegkeet.

D’Zäit huet hire Laf geholl an esou huet den Einstein eng Famill gegrënnt, den Éischte Weltkrich ass ausgebrach an de Physiker huet sech fir zweet bestuede gelooss, dat mat senger Cousine, dem Elsa Löwenthal. Kuerz virdrun hat d’Genie un enger Verallgemengerung vu senger Theorie geschafft, déi schliisslech kuerz nom Bestietnis duerch een Experiment bestätegt konnt ginn. Dëst war de groussen Duerchbroch vum Albert Einstein, den iwwer Nuecht berühmt ginn ass.

einstein

Quellen:

Ähnlech Sujeten Albert Einstein, Äntwert, E=mc2, Internationalen Dag vun der Fro, Wëssen, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel