Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

26 Mënsche stierwe bei enger Schéisserei am Texas
International Kultur https://moien.lu/dating-scene-new-orleans/ castle and beckett dating in real life

https://moien.lu/speed-dating-colocation/

An enger Kierch am Texas huet e Mann, matten am

https://moien.lu/wenn-man-single-bleibt/
International Kultur https://moien.lu/dating-scene-new-orleans/ castle and beckett dating in real life

Kölle Alaaf: Vu jecke Gestalte a Geckege mat Kabelbinder

Fir zéngdausende Kölner a Karnevalsbegeeschterter huet um 11.11. pünktlech um

What the Fakt – Dag vum Knätsch
International Kultur https://moien.lu/dating-scene-new-orleans/ castle and beckett dating in real life

What the Fakt – Dag vum Knätsch

Et ass vläicht een zéien Ulooss, awer haut ass am

What the Fakt – den internationalen Dag vun der Mammesprooch (UNESCO)

What the Fakt – den internationalen Dag vun der Mammesprooch (UNESCO)

Weltwäit existéieren iwwer 6000 verschidde Sprooche. Ee Grond méi wisou d’UNESCO den 21. Februar zum internationalen Dag vun der Mammesprooch erkläert huet. Esou soll all Joer op een neits déi sproochlech Diversitéit a Kultur ervir gehuewe ginn, sou wéi déi zuelräich Virdeeler vum Multilinguismus.

Um 26. Oktober 1999 huet an der franséischer Haaptstad Paräis eng Konferenz vun der UNESCO stattfonnt. Ziel war et, d’Memberstaaten ze invitéiere fir zesummen den 21. Februar als Dag vun der Mammesprooch ze wielen. D’Sprooch u sech ass, fir eng international Organisatioun, déi sech fir Bildung, Wëssenschaft a Kultur asetzt, ee Kärpunkt vun eisem alldeegleche Liewen. Esou bestätegt d’Organisatioun selwer, datt dëst eent vun de stäerkste Mëttelen ass, fir eise materiellen an immaterielle Patrimoine ze erhalen an ze entwéckelen.

Esou mëscht d’UNESCO dorop opmierksam, datt d’Verbreedung vun der Mammesproochen net nëmmen der Sproochevillfalt an der multilingualer Bildung déngt, mee och eis kulturell a sproochlech Traditioune weltwäit op een héijen Niveau hieft, sou datt d’Solidaritéit, d’Verständnis, d’Toleranz an den Dialog gefërdert kënne ginn.

D’Liewen opgi fir d’Sprooch

D’Originne vun dësem Dag leien am südasiatesche Land Bangladesch. Dofir musse mir zeréck an d’Joer 1947 – ee Joer, an deem Indien a Pakistan onofhängeg vu Groussbritannien gi sinn. D’Sprooch vu Pakistan sollt „Urdu“ sinn, woubäi den ëstlechen Deel vum Land (haut Bangladesch) et virgezunn huet „Bengali“ als Mammesprooch unzegesinn, wat dem Rescht vum Land esou guer net an de Krom gepasst huet.

Ëmmer erëm koum et zu Protester an d’Bierger hu sech d’Käpp ageschloen, wien sech dann am Endeffekt duerchsetze géif. Zumols d’Professeren an d’Studente sinn op d’Barrikade gaangen – et gouf gejaut, mat Tréinegas geschoss an zuelräich Leit sinn dobäi ëmkomm, dorënner den 9 Joer jonken Ohiullah. Um 16. Februar 1956 haten si hiert Ziel endlech erreecht, an no ville Verletzten, Gefaangenen an Doudege sinn souwuel Urdu, wéi och Bengali als Sprooch vu Pakistan opgeholl ginn.

Sprooch

Dausende Leit sinn um 21. Februar 1952 bei der Dhaka Universitéit op d’Barrikade gaangen.

Säit 1952 konnt all Joer um 21. Februar eng Sprooche-Beweegung observéiert ginn, wat een enormen Afloss op d’Kultur vun de Bengalien hat. No der Onofhängegkeet vu Bangladesch um 16. Dezember 1971 ass dës Aktioun zum Sprooche-Beweegungs-Dag („Language Movement Day“ oder „Shaheed Dibosh“) erkläert ginn. Sou feiert d’Bevëlkerung hir Sprooch, Literatur a Kultur.

No der Versammlung vun der UNESCO am Oktober konnt um 17. November den Internationalen Dag vun der Mammesprooch deklaréiert ginn. Esou solle sech alleguerten d’Memberstaaten un déi Leit erënneren, déi gekämpft a souguer hiert Liewe gelooss hunn, fir hir Sprooch duerchzesetzen. Wuel keen anert Land hätt esou ee Sacrifice fir seng Mammesprooch gemaach.

Wéi ass d’Sprooch iwwerhaapt entstanen?

Säit der Antik sicht d’Mënschheet nom Ursprong vun der Sprooch. Dobäi geet een dovun aus, datt beim Iwwergang vum Déier zum Mënsch déi éischt Wierder entstane sinn. Sou erkläert den Christian Lehmann, ehemoolege Professer fir Sproochwëssenschaften un der Universitéit Erfurt, datt déi éischt Form vu Sprooch sech op Basis vun der Kommunikatioun vu Primaten entwéckelt huet. „Fir d’éischt hat d’Sprooch eng reng beschreiwend Wierkung. Et huet ee gesot, wat ee gesinn huet. Sazbau oder Grammatik gouf et nach net. Dem Homo Erectus, eng Aart Urmënsch, den virun iwwert enger Millioun Joer gelieft huet, huet ugefaangen déi déieresch Lautsystemer ze verfeineren an de Gebrauch ze intensivéieren“, sou de Professer.

Sprooch

Schwätzen u sech ass dobäi just eng méi héich Form vun den Déieregeräicher. Wat déi mënschlech Kommunikatioun ausmëscht, ass d’Méiglechkeet fir Irreales ze formuléieren an, an de verschiddenen Zäiten ze sprangen. Sou kann eng bei just iwwert d’Blumm erzielen, op der se setzt, mee net iwwert eng aus der Vergaangenheet oder eng imaginär Planz. Fir de fréie Mënsch hat déi abstrakt Sprooch den evolutionäre Virdeel, datt beispillsweis d’Taktik vun der Juegd konnt ofgestëmmt ginn.

Top 10 vun de Sproochen

Weltwäit schwätzt d’Halschent vun der Bevëlkerung eng vun den 10 meescht geschwate Sproochen. Dës deelen sech folgendermoossen op:

Sprooch Unzuel (Mio.)
Mandarin-Chinesesch 726
Englesch 427
Spuenesch 266
Hindi 182
Arabesch 181
Portugisesch 165
Bengali 162
Russesch 158
Japanesch 124
Däitsch 121

Weider Informatiounen zur Opdeelung an den diverse Variatioune fannt Dir HEI.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Bangladesch, Internationalen Dag vun der Mammesprooch, Kultur, Linguistik, UNESCO, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel