Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Gripp geet ëm an et kann ee sech nach impfe loossen
International Neiegkeeten art of living dating site

cs go matchmaking server probleme

Mir hunn et elo all matkritt, a wien net selwer

Festival atlântico: Lusophon Diversitéit an der Philharmonie
International Neiegkeeten art of living dating site

Festival atlântico: Lusophon Diversitéit an der Philharmonie

De Festival atlântico feiert nees d’Musek vun de lusophone Länner

Editorial: Den „Donneschdeg“ ass am Alter vu 22 Joer verstuerwen
International Neiegkeeten art of living dating site

Editorial: Den „Donneschdeg“ ass am Alter vu 22 Joer verstuerwen

Si war dem „Fonkekätt“ – wéi de Feierkrop d‘Prinzessin vun

What the Fakt – den Internationalen Dag vum Bësch

What the Fakt – den Internationalen Dag vum Bësch

Pünktlech zum Ufank vum Fréijoer gëtt d’Natur geéiert a virun allem de Bësch mat senger immenser Biodiversitéit ervir gehuewen. Schonn am Joer 1971 ass fir eng éischte Kéier zu dësem gréngen Aktiounsdag opgeruff ginn, wouduerch der globaler Vernichtung vun de Bëscher entgéint gewierkt soll ginn. Ziel ass et, op déi wichteg Bedeitung vun de Beem a Planze fir eist Klima an eise Planéit opmierksam ze maachen.

Eigentlech soll een Drëttel vun der gesamter Landfläch vun der Äerd Bësch sinn. Mat 20 Milliounen Hektar vun dëse grénge Flächen, déi all Joer zerstéiert a vernicht ginn, wäert dës Zuel wuel net méi laang esou héich bleiwen. Fir op dës global Degradéierung vun de Bëschflächen hinzeweisen, huet d’Welternährungsorganisatioun FAO (Food and Agriculture Orginazation of the United Nations) an de 70er Joer zum Internationalen Dag vum Bësch opgeruff.

Fir d’Biodiversitéit!

Beem droen een immens wichtegen Deel zum Klimaschutz bäi. Nieft der Produktioun vu Sauerstoff späicheren si gläichzäiteg Kuelestoff of a reduzéiere soumat den Zäregaseffekt. Och fir de Waasserkreeslaf ass de Bësch ee wichtege Bestanddeel a bitt zuelräichen Déieren a Planzen een natierleche Liewensraum.

Och fir de Mënsch gëllt de Bësch als Plaz vun der Erhuelung an Entspanung. Vun der Stad an de Matmënschen ofschalte kann een idealerweis an der Rou vun dëse grénge Flächen, woubäi een och op dat eent oder anert Déier treffe kann. Ëmsou méi wichteg ass et eis Bëscher ze protegéieren an hire positiven Effekt op d’Äerd, d’Mënschheet an d’Liewe vun all Individuum an d’Bewosstsinn ze récken.

bësch

E puer Froe beäntwert

Wéini ass ee Bësch eigentlech ee Bësch?

Eng genau Beschreiwung gëtt et heivir net. Enger Etüd no soll et 800 ënnerschiddlech Definitioune fir de Bësch ginn. Fakt ass awer, datt e puer Beem nach laang kee Bësch maachen. Ökologesch gesi schwätzt ee eréischt dovun, wann d’Beem esou no an zu sou vill beienee stinn, datt sech an hinnen dat typescht Bësch-Klima entwéckelt.

Wéi vill Beem stinn an de Bëscher?

Satellittebiller vun 2015 sollen um bloe Planéit dräi Billioune Beem weisen, wat statistesch gesinn deemools 400 Beem pro Kapp waren. An tropeschen a subtropesche Géigende sollen esou 1,3 Billioune Beem, a kale Regioune 740 Milliarde Beem gestanen hunn.

Wéi vill Bësch gëtt et eigentlech?

Kuckt ee sech Europa un, esou soll Däitschland wuel déi meeschte Bëscher hunn. Vun 11,4 Milliounen Hektar Fläch sinn knapp d’Halschent am private Besëtz. Weltwäit gekuckt ginn et véier Milliarden Hektar Bësch, war 31 % duerstellt. Dovu läit méi wéi d’Halschent an dëse fënnef Staaten: Russland, Brasilien, Kanada, USA a China.

Ass de Bësch just eng Erhuelungsquell fir de Mënsch?

Nee! Méi wéi 350 Millioune Mënsche wunnen direkt um oder am Bësch, wouduerch dës gréng Fläch fir si zum Liewensraum a Liewensgrondlag gëtt. Iwwer 60 Millioune Persounen, virun allem vun indigene Volleksgruppen si komplett ofhängeg vum Bësch a gi souguer als „Wächter vum natierleche Bësch“ betitelt.

Wéi bedreet sinn d’Bestänn?

D’Geschicht vum Mënsch huet bewisen, datt mir eis dëse Liewensraum schonn oft zu notze gemaach hunn, wat och zur Ofholzung gefouert huet. Säit 1990 soll sech den Tempo, esou FAO, awer wuel reduzéiert hunn. Vun 1990 bis 2015 sinn déi weltwäit Bëschbestänn ëm 129 Milliounen Hektar op 4 Milliarden Hektar zeréckgaangen. Dobäi si virun allem d’Trope betraff. Haaptursach ass d’Ofholzung, fir esou nei Ackerflächen entstoen ze loossen.

Ähnlech Sujeten Beem, Degradatioun, Ëmwelt, Gréngfläch, Internationalen Dag vum Bësch, Natur, Ofholzung, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel