Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Péiteng: Um rietsen A blann?
International Kultur Neiegkeeten Stories

Péiteng: Um rietsen A blann?

De politesche Rietsruck an der Gemeng Péiteng ass de Piraten

D‘Stad Lëtzebuerg ass en touristesche Bijou
International Kultur Neiegkeeten Stories

D‘Stad Lëtzebuerg ass en touristesche Bijou

Wann et och sécherlech seng Aufgab ass, de Gäscht déi

Neies vum Bichergeck : Eng Virwëtztut fir d’Kanner?
International Kultur Neiegkeeten Stories

Neies vum Bichergeck : Eng Virwëtztut fir d’Kanner?

Déi grouss Vakanz ass geschwënn eriwwer, d’Schoul geet nees un.

What the Fakt – Internationalen Dag vum Fräschen-Retten!

What the Fakt – Internationalen Dag vum Fräschen-Retten!

Scho säit dem Joer 2009 feiere vill Länner um leschte Samschdeg vum Abrëll den internationale Save The Frogs Day (Lux. „Rett-d’Fräschen-Dag“), wat sech nom weltwäiten Dag vum Pinguin nees perfekt an déi kuriéis animalesch Aktiounsdeeg afüügt. Natierlech soll heibäi d’Ëffentlechkeet op d’Gefäerdung vun den Amphibien opmierksam gemaach ginn.

Dës interessant Initiative, fir esou ee kleng Déier, geet op d’Déiereschutzorganisatioun „Save The Frogs“ am Joer 2009 zeréck, woubäi duerch weltwäit Evenementer zum Schutz an zur Opklärung am Beräich vun den Amphibien organiséiert ginn. Duerch den natierleche Liewensraum vun den Déieren, deen ëmmer weider zerstéiert gëtt, sinn och eis Fräschen a Gefor. Bis ewell sinn säit der Grënnung a 60 verschiddene Länner iwwert 1050 Aktiounen duerchgefouert ginn, ganz zum Wuel vun de Quakerten.

fräsch

Wéi scho gesot, fält dëse besonneschen Aktiounsdag all Joer op de leschte Samschdeg am Abrëll. Grond ass, laut den Initiateuren, datt dës Amphibien zu dëser Zäit besonnesch Aktiv sinn an duerch d’Temperaturen gären emol an der Natur ronderëm sprangen. Och bei dësem klengen quaakenden Déier, wat oft ënnerschat gëtt, ginn et eng Rëtsch interessant a spannend Fakten:

  1. De Fräsch als Bioindikator: D’Feelen oder d’Presenz vun dësem Déier an eisem Ökosystem gëtt Wëssenschaftler een Abléck, wéi et ëm de Gesondheetszoustand vun der jeeweileger Regioun ausgesäit.
  2. De klenge Fleeschfrësser: Grondsätzlech ernären d’Fräsche sech vun Insekten. Bei munchen Aarten stinn awer och heiansdo méi kleng Aartgenossen um Menü.
  3. Eng Warnung un d’Feinden: D’Quaken, déi duerch hir grell Faarwen erausstiechen, benotzen hiert Ausgesinn als Warnung. Oft ass hir Haut gëfteg, sou datt aner Déieren geläämt kënne ginn oder souguer stierwen. Ee Gramm vum Gëft vum Feilgëftfräsch kann iwwregens 100.000 Mënschen ëmbréngen.
  4. Nuecht oder Dag? Déi meescht Amphibien sinn Nuets aktiv a liewen op Beem. De Feilgëftfräsch profitéiert dogéint léiwer vum Dag a vum Buedem.
  5. Joresréng bei Fräschen: Pro Wanter bilden d’Schanke vu Fräschen ee Rank – ähnlech wéi bei engem Bam – wouduerch Wëssenschaftler den Alter bestëmme kënnen.
  6. D’Geschlecht un den Oueren erkennen: Sinn d’Oueren esou grouss wéi d’Aen handelt et sech ëm ee männleche Fräsch. Ëmgekéiert fir d’Weibchen.

Zu gudder Läscht sollt ee vläicht nach erklären, datt sech ee Fräsch duerch ee Kuss wuel net an den Dramprënz verwandelt. Léif Dammen, spuert Iech also är Léift op, fir ee mënschleche Kandidat, deen dann net zeréck quaakt!

Ähnlech Sujeten Amphibien, Déiereschutz, Fräsch, Save The Frogs Day, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel