Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OGBL: Ënnerstëtzung vum Klimaprotest vun de Schüler
International Kultur Neiegkeeten Stories

OGBL: Ënnerstëtzung vum Klimaprotest vun de Schüler

Zesumme mam Departement vun de Jonke begréisst an ënnerstëtzt den

Sozialkonflikt a Frankräich: de Macron versprécht net nozeginn
International Kultur Neiegkeeten Stories

Sozialkonflikt a Frankräich: de Macron versprécht net nozeginn

En Donneschdeg huet de franséische President, Emmanuel Macron, kloergestallt, datt

What the Fakt – Viru ronn 5000 Joer entsteet de Brauch vun Halloween
International Kultur Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Viru ronn 5000 Joer entsteet de Brauch vun Halloween

Haut ass et nees esou wäit. Elle Gestalten a Grujelfilmer

What the Fakt – Internationalen Dag vum friddlechen Zesummeliewen!

Mateneen amplaz géinteneen

What the Fakt – Internationalen Dag vum friddlechen Zesummeliewen!

Mat sengem Bestoe vun zwee Joer ass dësen Aktiounsdag nach relativ jonk, an awer erweist et sech als essentiell den internationalen Dag vum friddlechen Zesummeliewen ze zelebréieren. Lescht Joer ass d’Evenement zu Paräis am Haus vun der UNESCO offiziell agefouert ginn.

Um 8. Dezember 2017 hunn déi Vereenten Natioune bei hirer 72. Sessioun d’Resolutioun A/RES/72/130 ugeholl, wouduerch all Joer um 16. Mee den internationalen Dag vum friddlechen Zesummeliewen organiséiert soll ginn. Am Ganzen haten 193 Memberstaaten zougestëmmt. Ziel ass et genuch Gemeinschafte fir d’Fërderung vu Fridden, Toleranz, Inclusioun a Verständnis ze motivéieren. Donieft geet et awer natierlech och ëm Solidaritéit an de gemeinsame Wëllen, fir harmonesch an eiser ganzer Diversitéit zesummen ze liewen.

Zesummeliewen

D’Iddi fir dësen Dag koum vum Cheikh Khaled Bentounes, Éierepresident vun der AISA ONG Internationale. D’Inspiratioun hat hie beim 1. internationale Kongress vun de Fraen am Oktober 2014 gesammelt. Begeeschtert vum Häerz an dem grousse Wëlle vum Evenement huet d’Associatioun ëm de Betounes alles an d’Weeër geleet, fir zuelräich Partner ze mobiliséieren an esou verschidde Campagnen am Kader vu „Wonsch fir Fridden“ opzestellen.

Kann ee Fridde moossen?

Säit 2007 existéiert de sougenannte Global Peace Index (GPI). Am australeschen Institut fir Ekonomie a Fridden (IEP) beschäftegt ee sech mat der Miessung vum Fridden an huet dofir 162 Staaten op Grond vun 23 Indikatoren analyséiert. Heibäi si beispillsweis d’Unzuel u Kricher am Gebitt, d’Unzuel u Mordfäll oder och déi staatlech Ausgabe fir de Militär berécksiichtegt ginn.

Fridden

www.visionofhumanity.org

Zënterhier steet Island op der éischter Plaz. Direkt hannendru kommen Neiséiland, Éisträich, Portugal an Dänemark. Op de leschten dräi Plaze stinn hei de Süd-Sudan, den Afghanistan a Syrien. Beim GPI ginn et zu Lëtzebuerg keng Daten, woubäi eis Nopeschlänner all an engem ongeféier gläichen Zoustand sinn. Däitschland ass nämlech op Plaz 17, d’Belsch op der 21 Plaz a Frankräich op der Nummer 61. De Fuerschungsleeder um IEP, Daniel Hyslop, ënnersträicht an dësem Kader, datt et net duergeet, just friddlech Bezéiungen zu anere Staaten ze féieren, fir am Ranking ofzeschneiden.

Wisou de weltwäite Fridden net etabléiert ka ginn, ka keen a Kuerzform einfach erkläeren. D’Miessung vum Fridden duerch de GPI mëscht et allerdéngs méiglech ze gesinn, wéi ee Gewalt ze reduzéieren a Krich verhënnere kéint. „Een Ziel vun der Friddens- a Konfliktfuerschung ass et erauszefannen, wat dem Fridden déngs a wat ëm schuet“, sou d‘Dr. Corinna Hauswedell, Co-Editrice vun der jäerlecher Friddensexpertise.

Den Hyslop ënnersträicht: „ Wa mir déi lescht zéng Joer kucken, huet et eng zimlech däitlech Verännerung ginn. D’Welt ass manner friddlech ginn. Des Entwécklung ass géigeleefeg zum Trend, de mir säi dem Enn vum Zweete Weltkrich erlieft haten: Manner Konflikter, manner Krich tëscht Staaten an ee geréngere Grad un tëschemënschlecher Gewalt.“

Zesummeliewen

D’Komplexitéit vum Thema geet esou wäit, datt een bei der Aarbecht vum IEP vum negativen, an net vum positive Fridden ausgeet, deen däitlech méi schwéier ze klassifizéieren ass. Bei de Resultater vun der Analys vun 2018 si schliisslech just Facteure gekuckt ginn, déi de Fridde verréngeren oder zerstéieren. Beim positive Fridde ginn allerdéngs och Astellungen, Institutiounen a Strukturen, sou wéi friddlech Gesellschafte gekuckt.

An dësem Kader nennt den Daniel Hyslop folgend 8 Sailen: Een héijen Humankapital, gutt Bezéiungen zum Noper, Rechter vun de Mannerheeten, geréng Korruptioun, Meenungsfräiheet an Zougang zu Informatiounen, déi gerecht Verdeelung vu Ressourcen, Chancëgläichheet an eng funktionéierend Regierung.

Kuckt ee sech déi momentan Lag un, esou wäert déi Saach mam Fridden eréischt nom Ausstierwe vun der Mënschheet méiglech sinn.

Ähnlech Sujeten AISA ONG, Fridden¨, Global Peace Index, Internationalen Dag vum friddlechen Zesummeliewen, UN, UNESCO, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel