Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eppes ze vill gefeiert, Brigangen, an Autoen déi brennen
International Kultur Neiegkeeten Stories

Eppes ze vill gefeiert, Brigangen, an Autoen déi brennen

Nach iert dat neit Joer sech gewisen huet, war eis

Dan Codello: Bei der LSAP war et och schonn emol besser
International Kultur Neiegkeeten Stories

Dan Codello: Bei der LSAP war et och schonn emol besser

D‘Sozialisten aus der Minettemetropole hunn et am Moment net liicht.

Wéi wierken déi gréng zu Ettelbréck?
International Kultur Neiegkeeten Stories

Wéi wierken déi gréng zu Ettelbréck?

Ettelbréck geet et wéi ville klenge Stied an Europa: Hier

What the Fakt – Den Internationalen Dag vum Pinguin!

What the Fakt – Den Internationalen Dag vum Pinguin!

Um 25. Abrëll feiert d’Welt de Villchen, deen net fléie kann an awer ëmmer -a schwaarz a wäiss – gutt gekleet ass. Riets ass vum Pinguin, een watschelnde Fierderfrënd, deen sech trotz villen Talenter ëmmer e bëssen onbehollef duerch säin Territoire weider beweegt. A genau dofir hu mir dëse Séivull wuel esou gären!

Egal op u Land oder am Waasser, de Pinguin ass ee geschéckte Kënschtler vun der Upassung. Ee Mol ofgedaucht notzen si nämlech hir Flilleken ass Flossen, woubäi d’Féiss an de Schwanz dëst Déier nach weider undreiwen a si an immensen Tauchprofien verwandelt. Dobäi sinn d’Pinguinen net nëmmen an der Äiswüst vun der Antarktis doheem, mee och beispillsweis a Südamerika, Australien an Neiséiland, wou si sech un d’Wiederbedingungen ugepasst hunn.

Pinguin

Genau Informatiounen zur Kreatioun vum animaleschen Aktiounsdag ginn et leider net, mee dat ass den Déierefrënn, – schützer an -aktiviste keen Hindernis. Allerdéngs kann ee beim Datum soen, datt de 25. Abrëll vun de Wëssenschaftler vun der amerikanescher McMurdo-Statioun, déi am Joer 1955 an der Antarktis ageriicht ginn ass, gewielt ginn ass.

Si hunn nämlech festgestallt, datt Adéliepinguinen sech all Joer um selwechten Dag op der selwechter Plaz treffen, fir uschléissend zesumme bei hir Bréikolonie ze wanderen. Do virdru verbréngen si Méint am Waasser. No engem längeren Zäitraum konnt ee feststellen, datt dëst Gruppentreffen keen zoufällegt Phenomen ass, mee een natierlecht Wandermuster vum Vull dohannert stécht.

Pinguin

Adéliepinguin-Kolonie © Lin Padgham

Méi zum ënnerschätzen Zäitgenossen

De Pinguin gehéiert zur Grupp vun de fluchonfäege Séivullen, déi op der südlecher Hemispher vun der Äerd unzetreffe sinn. Am Laf vun der Evolutioun hu sech hir Flilleken zu praktesche Flossen entwéckelt, wouduerch si zu schnellen wendege Schwëmmer ginn.

Bei de momentan bekannte Pinguinen ënnerscheet een 17 Aarten a 6 Gattungen. De gréisste Frackdréier ka mat enger Héicht vun 1,20 Meter ee Gewiicht vu bis zu 40 Kilogramm op d’Wo bréngen. An jo, bei dësem Schwéiergewicht handelt et sech ëm de Kaiserpinguin. Dogéint huet den Zwergpinguin mat sengen 30 Zentimeter a ronn 1,5 Kilogramm näischt ze radetten.

Iwwregens kënnt den Numm Pinguin wahrscheinlech vum walisesche Begrëff „pen gwyn“ wat „wäisse Kapp“ bedeit. Jo mir wëssen et, de Vuggel huet kee wäisse Kapp, wouduerch den Numm och vum laténgesche Wuert „penguis“ komme kéint, wat „deck“ heescht. Majo gutt, datt si dat elo net héieren hunn!

Fakten zum komesche Vull!

  • D’Plomme vum Pinguin sinn immens kuerz. Esou kann de Kierper duerch zuelräich Schichte gutt waarm agepaakt ginn a si virum kale Waasser, Wand an Äis schützen.

  • D’Kaiserpinguine beweege sech duerch Rutsche fort. Mam Bauch gleiten si no fir iwwert d’Äis, woubäi d’Flilleken an d’Féiss si undreiwen. Esou kënnt de Pinguin net nëmme schnell viru mee spuert och nach Energie.

  • Si gesinn zwar onbehollef aus, kënnen awer immens gutt kloteren. Vill Aarte bréien dofir op de Steilküsten.

  • Donieft sinn si un d’Friessen am Waasser ugepasst. Mat klenge Widerhaken un der Zong an, an der Strass bleift hiert Fudder nämlech am Schniewel a flutscht net bemol eraus.

  • D’Fësch ginn ëmmer mam Kapp no fir ofgeschléckt. Esou verschlécken si sech net un de Flossen oder Schuppen, déi sech am Hals ofspreizen a stieche bleiwen.

  • D’Pinguin-Koppele sinn ee Liewe laang zesummen. Hu si ee Mol hire Partner fonnt passen si zesummen op d’Ee op a spéider ëm hire Klengen.

Ähnlech Sujeten Antarktis, Internationalen Dag vum Pinguin, Pinguin, Vul, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel