Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mëttelmier: Nees e Schëff mat Migrante blockéiert
International Kultur Neiegkeeten Stories

Mëttelmier: Nees e Schëff mat Migrante blockéiert

De Kapitän vun engem Handelsschëff, dee 40 Migranten aus dem

Alles Guddes un de Grand-Duc Henri an de Prënz Sébastien!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Alles Guddes un de Grand-Duc Henri an de Prënz Sébastien!

Um haitegen Dënschdeg kann um groussherzoglechen Haff direkt aus zwee

Quiz: Wéi gutt kennt dir eis Gemengen?
International Kultur Neiegkeeten Stories

Quiz: Wéi gutt kennt dir eis Gemengen?

What the Fakt – Internationalen Dag vun den Hiefammen!

What the Fakt – Internationalen Dag vun den Hiefammen!

Als Gebuertshëllef sinn si dobäi, wann neit Liewen an d’Welt gesat gëtt. Dëst fantastesch Aarbecht soll gewierdegt ginn an esou ass de 5. Mee den Internationalen Dag vun den Hiefammen. Nieft hirer Aufgab, fir beim schéinste Moment vun den zukünftegen Elteren ze assistéiere leeschten si nämlech nach weider Déngschter, wouduerch dëse Beruff ee grousse Merci verdéngt huet.

Scho säit dem Joer 1991 gëtt dësen Aktiounsdag gefeiert, woubäi d’Iddi schonn 4 Joer éischter opkomm ass, an zwar beim internationalen Hiefammen-Kongress an Holland. Wisou ee sech schlussendlech dozou decidéiert huet, no Joren dësen Éierendag anzeféieren ass allerdéngs net bekannt. Eigentlech ass dëst Informatioun awer och net essentiell, wann ee bedenkt, datt mir wuel ouni hir Aarbecht total opgeschmass wieren. Ob brennend Froen zur Gebuerts an der Schwangerschaft, alldeeglech Problemer an dëser Zäit oder och duerno, ob wärend der Gebuert, virdrun oder duerno – si stinn de Mammen an och Pappen zur Säit.

Hiefamm

An engem Beitrag vun 2001 huet d’Säit Lëtzebuerger Land iwwert d’Martine Welter geschriwwen, wat deemools déi eenzeg fräiberufflech Sage-Femme a ganz Lëtzebuerg war an esou och doheem Kanner op d’Welt bruecht huet. Am Artikel huet si et virun 18 Joer als immens schued empfonnt, datt déi 96 Hiewammen am Land éischter als spezialiséiert Infirmieren ugesi goufen, amplaz datt een déi ganz Kompetenze berécksiichtegt huet. Nom normalen Infirmieres-Diplom huet een nämlech no enger Zousatzformatioun vun 2 Joer mat op mannst 40 Gebuerte vill Erfarung gesammelt.

Donieft war een berechtegt verschidden Ënnersichunge bei de schwangere Fraen ze maachen, si wärend der Gebuert mat verschiddene Medikamenter ze versuergen oder, wann néideg, souguer eng kleng Operatioun duerchféieren ze dierfen. Dobäi huet si awer och kloer gestallt, datt eng Hiefamm natierlech kee Medeziner ass, mee eng Persoun, déi mat senger Erfarung den natierleche Prozess vun der Gebuert begleet. Den Dokter sollt just bei Problemer agräifen.

Hiefamm

D’Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes

An dësem Kader géife mir Iech gären dës Lëtzebuerger Associatioun virstellen, bei der een als zukünfteg Elteren immens vill Informatiounen a Berodung gebuede kritt. Nieft nëtzlechen Internetsäiten an enger Lëscht u fräien Hiefammen setzt d’ALSF sech och extrem fir d’Interesse vun dësem Beruff an d’Qualitéit vun der Formatioun an. Donieft geet et och dorëm d’Gesondheetspolitk vu Frae, Kanner a Famillen ze fërderen.

Nom Lëtzebuerger Gesetz ass de Beruff vun der Sage-Femme unerkannt, woubäi awer just eng eenzeg Consultatioun virun der Gebuerts vun der Krankekeess zeréck bezuelt gëtt. Virum groussen Dag begleeden si d’Fra bei der Schwangerschaft, stellen d’Positioun vum Bebe fest, kontrolléieren den Häerzschlag an féieren déi noutwenneg Ënnersichungen duerch. Donieft gi si wichteg Rotschléi zur Hygiène an Educatioun.

Wärend der Gebuert sinn si bei all Fortschrëtt dobäi, iwwerwaachen den Zoustand vun der Mamm an dem Kand, informéieren den Dokter bei Anomalien a suerge fir eng entspaant Atmosphär. Wann d’Kand bis op der Welt ass, këmmert sech d’Hiefamm ëm déi éischt Fleeg vun der Mamm an dem Kand a gëtt weider Rotschléi zum Verlaf. Am Fall vum Baby-Blues oder dem Verloscht vum Kand kënnen si agräifen.

Ähnlech Sujeten Association Luxembourgeoise des Sages-Femmes, Gebuert, Hiefamm, Internationalen Dag vun den Hiefammen, Sage-Femme, Schwangerschaft, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel