Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA geneemegen sech e Waffendeal mat Taiwan
International Kultur when to talk about dating exclusively compatibility dating questions

ios anime dating games

Wann den Donald Trump via Twitter bekannt gëtt, datt de

dislike
Brexit: Hir Lordschafte stellen der britescher Regierung d‘Been
International Kultur when to talk about dating exclusively compatibility dating questions

Brexit: Hir Lordschafte stellen der britescher Regierung d‘Been

Am „House of Lords“ ass fir d‘Bäibehale vun der EU-Charta

Brexit: D‘Theresa May wëll et nach emol wëssen
International Kultur when to talk about dating exclusively compatibility dating questions

Brexit: D‘Theresa May wëll et nach emol wëssen

Et war eng Noriicht, déi esou keen aus der Downing

What the Fakt – Haut ass den Internationalen Dag vun der Famill!

What the Fakt – Haut ass den Internationalen Dag vun der Famill!

De 15. Mee steet ganz am Zeeche vun der Famill. A säit 1993, wou d’UN dësen Aktiounsdag beschloss huet, feiert een dëst Evenement dach gären. Datt hannert dem familiäre Beräich ganz eescht Intentioune leien, gesäit een allerdéngs op den éischte Bléck net.

Bei hirer Generalversammlung viru 26 Joer hunn déi Vereenten Natioune per Resolutioun A/RES/47/237 den haitege Mee-Dag zum Internationalen Dag vun der Famill erkläert. Op der enger Säit soll esou un déi zentral Bedeitung vun der Famill als Eenheet a Gemeinschaft geduecht ginn an dobäi och nach dat ëffentlecht Bewosstsinn fir d’Fërderung vun der Familljeroll stäerken.

Déi Vereenten Natioune betounen awer, datt dësen Aktiounsdag och op politescher a sozialer Noutwennegkeet berout. Am Virdergrond soll nämlech de Schutz vun de Fraen- a Kannerrechter, der Gläichberechtegung, d’Recht op ee fräie Choix vum Partner a virun allem d’Protektioun vun der Famill stoen.

Famill

Wisou d’Famill esou wichteg ass

Jiddweree vun eis ka sengen Elteren dankbar sinn, iwwerhaapt op der Welt ze sinn. An donieft ass et wuel och d’Famill, déi engem gehollef huet, um Punkt ze stoen, un deem een haut ass. A schwéiere Situatiounen hält een zesummen a souwisou existéiert tëscht de Familljememberen – mir schwätzen hei vu Mamm, Papp a Kand – eng ganz besonnesch Bezéiung a Verbindung, déi et keng zweet Kéier gëtt. Egal op kleng, grouss oder och Patchwork, all Famill ass anescht an awer ganz besonnesch!

Famill

Dofir hei e puer Grënn, wisou d’Famill dat ALLERGRÉISST ass:

  • D’Famill als Ënnerstëtzung: Duerch déck an dënn steet ee sech zur Säit a meeschtert als Team all Situatioun.
  • Eng Léift, déi ee vu soss kengem kritt: Et ass wuel egal wéi eng Auerzäit et ass, als Famill huet een ëmmer een oppent Ouer fireneen.
  • D’Gefill vun der Zougehéieregkeet: Zemools Heemwéi kennt wuel jiddweree vun eis. Bei der besonnescher Bezéiung an der Famill fillt ee sech eigentlech ëmmer gebuergen.
  • Hëllef bei Entscheedungen: Oft kann een tëscht méi Méiglechkeete wielen, wéi et an Zukunft weider goe soll. A genau bei dësem oft schwéiere Choix kann een duerch den Austausch a Gespréicher, sou wéi eegen Erfarungen hëllefen.
  • Schutz an Trouscht: Ongesond Aflëss a schwéier Liewenssituatioune probéiert d’Famill ëmmer vun engem ewech ze halen. Natierlech klappt dat net ëmmer, mee trotzdeem ass mat Sécherheet een do, deen engem bäisteet.
  • D’Famill léist dech wuessen a léieren: Wäerter wéi Pünktlechkeet kritt ee meeschtens vu Familljemembere bäibruecht. Aus eegenen Erfarungen eraus probéiert een dem anere Rotschléi ze ginn, vir esou aus de Feeler vum Aneren ze léieren.

D’Famill ass keng Grupp aus Persounen, mee quasi dat eegent Doheem. Et ass déi Plaz, wou een de ganze Stress vergiesse kann a sech einfach gebuerge fillt! Qualitativ héichwäerteg Zäit mat der eegener Famill ze verbrénge gehéiert wuel zu de gréisste Freede vum Liewen.

Ähnlech Sujeten Internationalen Dag vun der Famill, Schutz, UNO, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel