Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Reformen a Gesetzer: déi nei Dispositioune fir 2018
International Neiegkeeten Stories

Reformen a Gesetzer: déi nei Dispositioune fir 2018

Et si Gesetzer gestëmmt a Reformen duerchgesat ginn. Dat heescht,

De Biber: groussen Architekt a Meeschter vun der Biodiversitéit
International Neiegkeeten Stories

De Biber: groussen Architekt a Meeschter vun der Biodiversitéit

Nodeems de Biber (Castor fiber) am verlaf vum 19. Joerhonnert

De Nicolas Schmit wëll op Bréissel
International Neiegkeeten Stories

De Nicolas Schmit wëll op Bréissel

Wann ee bedenkt, datt den aktuellen Aarbechtsminister, Nicolas Schmit (LSAP)

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Fleeg!

What the Fakt – Internationalen Dag vun der Fleeg!

Zu Éieren vun der britescher Infirmière Florence Nightingale gëtt um 12. Mee den Internationalen Dag vun der Fleeg gefeiert. Als länneriwwergräifenden Aktiounsdag kréien all Persounen aus de Fleegeberuffer ee grousse Merci gesot.

Den Datum vun dësem sozialen Dag geet dobäi op de Gebuertsdag vum Florence Nightingale (1820-1910) zeréck, déi als Pionéierin vun der moderner Krankefleeg gëllt. An hirer Heemescht gëtt si virun allem fir hir Leeschtunge wärend dem Krimkrich veréiert, wouduerch si säit dëser Zäit och den Numm „Lady with the Lamp“ dréit. Duerch hir Asätz am Krich huet si déi blesséiert nämlech oft am Liicht vun enger Petroleumsluucht behandelt.

Fleeg

D’Florence Nightingale ëm 1850

Den Internationalen Dag vun der Fleeg bezitt sech op de Countdown vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zu de sougenannten „8 Milliennium Development Goals“ (MDG). Heibäi geet et virun allem ëm folgend Punkten:

  1. D’Bekämpfung vun extremer Aarmut an Honger
  2. D’Ëmsetzung vun enger allgemenger Primärschoulbildung
  3. D’Gläichstellung vun de Geschlechter an/oder d’Stäerkung vun der Fra
  4. D’Verréngerung vun der Kannerstierwlechkeet
  5. D’Verbesserung vun der Gesondheetsversuergung fir Mammen
  6. D’Bekämpfung vu Krankheeten, wéi HIV an/oder Malaria
  7. Déi ökologesch Nohaltegkeet
  8. Den Opbau vun enger globaler Partnerschaft fir Entwécklung

Jee no Land falen d’Prioritéiten vun dëse Punkter natierlech aanecht aus.

Fleeg

Op der offizieller Internetsäit vum International Council of Nurses (ICN) fënnt een divers Flyeren an Infomaterial, wisou de Beräich vun der Fleeg esou wichteg ass. Donieft ginn och falsch Fakten erkläert, sou wéi iwwert eng gutt Gesondheet vu Kanner a Mammen informéiert. Bis ewell huet den ICN duerch seng Leeschtunge schonn divers Präisser gewonnen, dorënner de Christiane Reimann Präis, den Health and Humand Rights Award oder och de Partner in Development Award.

Ähnlech Sujeten Florence Nightingale, Infirmière, Internationalen Dag vun der Fleeg, Krankheeten, Spidol, What the Fakt, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel