Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Schëff vu Lifeline dierf Malta ulafen
International Neiegkeeten

https://moien.lu/awema-dating-site/

No villem hin an hir dierf d‘Schëff vun der ONG

https://moien.lu/good-headline-dating-profile/
International Neiegkeeten

Bildung a Verkéier: zentral Themen am CSV-Wahlprogramm

Autobunnen, den Ausbau vum Tram, Vëlosweeër laanscht all nei Strooss.

14. Editioun vu “Konscht am Gronn”
International Neiegkeeten

14. Editioun vu “Konscht am Gronn”

Zanter leschtem Sonndeg ass nees Konscht ënner fräiem Himmel am

What the Fakt – Wéi vill Bevëlkerung ass ze vill?

What the Fakt – Wéi vill Bevëlkerung ass ze vill?

Um haitegen 11. Juli dréit sech alles ëm d’Weltbevëlkerung. Nodeems am Joer 1987 d’Grenz vu 5 Milliarde Mënsche geknackt ginn ass, huet ee misse mat de wuessenden Erausfuerderunge kloer kommen. Soumat huet d’UNO dësen Datum als internationalen Aktiounsdag deklaréiert, fir dat ëffentlecht Bewosstsinn ze stäerken.

Dëse speziellen Dag, ganz am Zeeche vum Bevëlkerungswuesstem, geet op ee Beschloss vum Regierungsrot vum Entwécklungsprogramm vun de Vereenten Natiounen (UNDP) zeréck. Mat der Resolutioun A/RES/45/216 huet een op der UN-Generalversammlung de Weltbevëlkerungsdag dauerhaft an offiziell agefouert.

De sougenannte Five Billion Day markéiert deen Dag un deem een den historesche Wäert vu 5 Milliarde Mënschen op der Äerd erreecht an iwwerschratt huet. Dëst war, wéi schonn uewen ernimmt, um 11. Juli 1987 de Fall. Mëttlerweil huet sech dës Zuel nach eng Kéier immens gesteigert.

Ufank 2019 louche mir nämlech bei enger Bevëlkerung vun 7.674.575.000 Mënschen op der Äerd. Dobäi gëtt geschat, datt all Sekonn 4 Mënsche gebuer ginn, wat op een Dag 345.600 Gebuerten ergëtt. Am Géigesaz dozou gi ronn 2 Doudesfäll pro Sekonn gezielt, woubäi dës Zuele jee no Regioun änneren.

An Afrika stierft beispillsweis all 3 Sekonnen ee Kand, all 4 Sekonne stierft ee Mënsch un Honger an all 8 Sekonne stierft ee Kand wéinst knaschtegem Waasser. Bedenklech ass dobäi, datt de Bevëlkerungswuesstem virun allem an den Entwécklungslänner spierbar wäert sinn. Bis 2050 soll hei, esou UN-Prognosen, d’Zuel vun aktuellen 5,7 Milliarde Mënschen op bal 8 Milliarde klammen. Weltwäit wäerte mir a ronn 30 Joer bei geschaten 9,2 Milliarden Äerdbewunner leien.

Weltbevëlkerung

Dramatesch Konsequenzen

Wiisst d’Bevëlkerung esou staark un, wéi ee prognostizéiert, da wäerten an Zukunft divers Problemer an Erausfuerderungen op eis duerkommen. Virun allem vun der Waasserkriis wäerte spéider net nëmmen Dréchegebidder betraff sinn, mee iergendwann och déi Regiounen, wou Mënschen ëmmer onbegrenzt Ressourcen zur Verfügung haten.

Nieft der Suerg ëm Liewensmëttel a Ressourcë kënnt och eng sénkend Liewensqualitéit dobäi. Wéi soll een, virun allem a Groussstied, esou vill Leit ënnerkréien? Als Folleg geet bei ville Mënschen de Wuelstand erof, si mussen auswandere fir eng gëeegent Plaz fir ze liewen ze fannen an eventuell mat engem schlechte Gesondheetszoustand kämpfen.

Am Kader vum internationalen Aktiounsdag stellt den United Nations Population Fund (UNFPA) normalerweis ee Motto op. Esou stoung 2011 beispillsweis alles am Zeeche vu „7 Milliarden Aktiounen“, 2014 war et „Investéieren a jonk Leit“ an 2018 „Familljeplanung ass ee Mënscherecht“. An dësem Joer wëll ee generell zum Thema Weltbevëlkerung informéieren a sensibiliéieren.

Ähnlech Sujeten Famill, Mënsch, Ressourcen, UNO, Weltbevëlkerung, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel