Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Afghanistan: Attentat mat enger Ambulanz zu Kabul
https://moien.lu/brittenelle-fredericks-dating/

dating someone my own age

Bei der Explosioun vun enger Autosbomm, déi an enger Ambulanz

best dating advice blogs
https://moien.lu/brittenelle-fredericks-dating/

Egypten: d‘Vente vun de giele Gilete gëtt vun der Police kontrolléiert

En Dënschdeg hunn eis Geschäftsleit vu Kairo op eng droleg

INFO: Spärung bei der Sortie 7 Gaasperech Richtung Irgäertchen
https://moien.lu/brittenelle-fredericks-dating/

INFO: Spärung bei der Sortie 7 Gaasperech Richtung Irgäertchen

Am Kader vun der Neigestaltung vum Echangeur Irgäertche kann een

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag

Nom kuriose Feierdag, wou een sengem Auto een Numm sollt ginn, ass dann haut den internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag. Am Géigesaz zum véierriederege Gefier mat Bensin bitt den Drotiesel eng Rei Virdeeler.

Entstanen ass de Feierdag duerch ee Lieser, den fonnt huet, datt och de Vëlo et verdéngt huet een Numm ze erhalen. Doropshin gouf souguer een internationale Feierdag doraus gegrënnt.

Och hei geet et erëm dorëms, eng liewlos Materie op een mënschlechen Niveau ze erhiewen. Mir hunn eben d’Gewunnecht, de Saachen, déi mir gär hunn een Numm a liewege Charakter ze ginn. Virun allem an de Stied ass de Vëlo ee beléift Fortbeweegungsmëttel an bréngt eis deelweis méi schnell bei eis Destinatioun, wéi den Auto.

Donieft bitt den Drotiesel awer nach méi Virdeeler:

  • Mir stäerken eis Muskulatur, net nëmmen an de Been mee och d’Longen. Déi frësch Loft an ze ootmen, déif duerch ze ootmen an domat de Kierper gläichméisseg mat Sauerstoff ze versuergen kräftegt eis Otemmuskulatur a schütz eis esou virun diverse Krankheeten, wéi z.B. Asthma.
  • De Fettstoffwiessel gëtt ugekuerbelt. Ee Vëlofuerer verbrennt ronn 400 Kalorien an der Stonn. Duerch d’Beweegung gëtt d’Fettverbrennung aktivéiert a mir huelen am beschte Fall och of.
  • D’Koordinatioun gëtt verbessert. Duerch déi verschidden Ënnergrënn, iwwert déi mir fueren, trainéiere mir eis Beweeglechkeet a Reaktiounsfäegkeet. Sou léiert de Kierper a verschiddene Situatioune méi schnell ze reagéieren a sech op nei Situatiounen schnell an ze stellen.
  • Mir aktivéieren Gléckshormoner. No enger hallwer Stonn Ausdauersport schëtt eise Kierper Endorphiner a Serotonin aus, Hormoner déi enger Depressioun entgéint wierken. Mat gläichméisseger Beweegung an enger Tour duerch d’Natur kréie mir ee gutt Gefill un Harmonie a Gléck.
  • Et ass méi bëlleg an ökologesch wéi den Auto. De Vëlo gëtt eleng vu Muskelkraft bedriwwen a sou spuere mir d’Käschte vum Bensin oder Diesel, wou den CO2 Ausstouss hautdesdaags jo oft kritiséiert gëtt. Et muss een och net onbedéngt deier Versécherung, nei Pneuen, Revisiounen oder Parking bezuelen.

Majo dat ermuddegt eis jo direkt fir eis kierperlech ze beweegen! Hutt Dir och een extraen Numm fir äre Vëlo?

Quellen:

Ähnlech Sujeten Feierdag, kuriose Feierdag, Vëlo, Vëlospisten, Virdeeler, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel