Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Begriefnis vum Groussherzog Jean: Een emotionalen Ofschid vun engem Mënsch, mat groussem Häerz!
https://moien.lu/speed-dating-gay-amsterdam/ speed dating sutton

technology killed dating

Um haitege Moien huet d’Zeremonie vum Begriefnis vu S.A.R. dem

https://moien.lu/christian-dating-sites-in-dubai/
https://moien.lu/speed-dating-gay-amsterdam/ speed dating sutton

5 Saache, déi s de maache kanns, elo datt de Gemengewahlkampf eriwwer ass

Haut gi mer all Wielen. An domatter ass de Wahlkampf

70 Joer Volleksrepublik China
https://moien.lu/speed-dating-gay-amsterdam/ speed dating sutton

70 Joer Volleksrepublik China

Um haidegen 1. Oktober zelebréiert d‘Volleksrepublik China seng Grënnung. Bannent

What the Fakt – Haut ass internationalen Tolkien Dag!

What the Fakt – Haut ass internationalen Tolkien Dag!

Sidd Dir begeeschter vun Hobbits, Mittelerde, Elben an dem Gollum? Ma dann ass haut de perfekten Dag fir Iech! All Joer um 3. Januar ermuddegt Tolkien Society d’Fans op der ganzer Welt, fir de Gebuertsdag vum ganz besonneschen Auteur ze zelebréieren.

Genau haut am Joer 1892 ass den John Ronald Reuel Tolkien am südafrikanesche Bloemfontein op d’Welt komm. Hien hat eng relativ schwéier Kandheet, an der d’Eltere fréi gestuerwe sinn. Trotz allem ass hie spéider Professer u verschiddenen engleschen Universitéite ginn an huet am Ufank vun den 30er Joer ugefaangen d’Geschicht vum klengen Hobbit ze schreiwen.

Un d’Verëffentlechung vun der Geschicht denkt hien zu dësem Zäitpunkt net. Just Frënn a verschidde Studenten dierfe säi Wierk liesen. Eréischt 1936 bitt hien der Editioun Allen&Unwin den Hobbit un. Schonn 1 Joer méi spéit ass d’Geschicht als Buch um Marché an erlieft een enorme Succès. Souwuel d’Fans, wéi och de Verlag wëlle méi vun de Personnagen aus Mëtteläerd gewuer ginn an esou entsteet an den nächsten 12 Joer ee literarescht Meeschterwierk.

Ronn 10 Joer méi spéit war dunn och déi endgülteg Fassung vun „Herr der Ringe“ fäerdeg. Trotzdeem ass den éischten Deel vun der Geschicht eréischt 1954 eraus komm. Den Editeuren no soll d’Handlung wuel ze komplex gewiescht sinn, an awer huet den Erfolleg vun der Verëffentlechung all d’Erwaardungen iwwertraff.

Tolkien

The Professor! Ustoussen op de groussen Auteur

Traditioun vun dësem kuriéise Feierdag beseet, datt een um 21:00 Auer lokal Zäit säi Glas soll hiewen, mat engem Gedrénks no Choix, an „The Professor!“ soe soll, fir esou op den J.R.R. Tolkien ze prosten an hien anstänneg ze wierdegen. D’Virlag dozou huet natierlech den Hobbit Frodo geliwwert, den ëmmer um 22. September op säi Monni, de Bilbo prost.

Mat senge fantastesche Geschichte vun enger Mäerchewelt mat eegene Kreaturen huet den Tolkien Meeschterwierker geschaf, déi hautdesdaags nach gäre vu Grouss a Kleng gelies ginn. Zentraalt Thema war awer ëmmer erëm de Kampf tëschent Gutt a Béis. Um 2. September 1973 ass den Auteur zu Bournemouth no kuerzer Krankheet gestuerwen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Herr der Ringe, Hobbit, J.R.R. Tolkien, Literatur, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel