Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den 33.International American Car Festival zu Stadbriedemes!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Den 33.International American Car Festival zu Stadbriedemes!

Veréierer vun de beléiften US-Maschinnen a Besëtzer vun engem historeschen

money
Dem Casino 2000 ass eng gutt Zukunft sécher
International Kultur Neiegkeeten Stories

Dem Casino 2000 ass eng gutt Zukunft sécher

Eigentlech leeft d‘Konzessioun vum Munnerefer Casino 2000 eréischt am Juni

What the Fakt – Globalen Dag vum Recycling
International Kultur Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Globalen Dag vum Recycling

Déi gréng a blo Tonn, wéi och déi blo Tut

What the Fakt – Iwwert dat architektonescht Genie Antoni Gaudí

What the Fakt – Iwwert dat architektonescht Genie Antoni Gaudí

Mir all kennen de katalaneschen Architekt Antoni Gaudí wuel duerch säi Meeschterwierk vun der Sagrada Familia zu Barcelona. Mat sengem Talent huet hie sech international een Numm gemaach a gehéiert zu de wichtegste Vertrieder vun der Moderne. Haut kann een de Gebuertsdag vun dësem aussergewéinleche Mënsch feieren!

Um 25. Juni 1852 ass de Gaudí zu Riudoms beei Reus op d’Welt komm. Seng Elteren, déi als Kesselschmatte geschafft hunn, konnten hirem Bouf ee besonnescht Verständnis fir Raum a Volumen vermëttelen. Souwuel am Plange vu Raimlechkeeten, sou wéi der Veraarbeschtung vun diverse Materialie kontn de jonke Kärel sech esou wäit virun entwéckelen, datt hie schnell als Genie vum dräidimensionalen Entworf ginn ass.

Gaudí

Fir datt Dir och ee Bild kritt vum Kënschtler

Mat 18 Joer huet et de Gaudí op Barcelona gezu fir Architektur ze studéieren – wat och soss? Dobäi ass hien als ongewéinleche Student opgefall, d’Professeren hu schnell säi verbuergent Talent gesinn, wouduerch Kollaboratiounen net ausstoungen. Beim Ofschloss huet den Direkter Elies Rogent ënnerstrach: „Ech weess net, ob mir him den Titel vun engem Verréckten oder vun engem Genie ginn hunn, d’Zäit wäert et weisen.“

Duerch immens gutt Kontakter – ënnert anerem mam Kënschtler Eusebi Güeli – sinn zuelräich Projeten entstanen. Déi eng sinn net iwwert d’Skizzen hinaus gaang, vill sinn awer verwierklecht ginn. Meeschterwierker wéi de Park Güeli, den Torre Bellesguard oder och d’Sagrada Familia sinn dobäi eraus komm. Kee Wonner, datt seng Aarbechten als gaudesch Architektur benannt gi sinn.

Gaudí

De Park Güeli zu Barcelona © Bernard Gagon

Säi Stil ass eenzegaarteg

A senger Karriär huet hien de Gaudí säi ganz eegene Stil entwéckelt. De Katalanesche Jugendstil, oder och „Modernismo“ genannt, ass duerch de politeschen a wirtschaftlechen Hannergrond entstanen, wouduerch een et als Ausdrock vun Onofhängegkeet vu Katalounien ziele kann.. Esou fënnt een divers Symboler vun der katalanescher Identitéit erëm, historesch Formen a Motiver vun hirer Vollekskonscht, sou wéi Duerstellunge vum katalanesche Schutzpatréiner Sant Jordi.

Formen a Faarwe gi mat Materialien a Bauweise gemëscht. Keramik, Stol a Glas formen dobäi extravagant a geschwonge Kierperen un de Fassaden. Beim Gaudí selwer fënnt ee virun allem natierlech Formen ëmmer erëm. Gotikfënsteren, wellefërmeg Gäng a Maueren, sou wéi Béi loosse fantasievoll Gebaier entstoen, déi och haut nach d’Stadbild vu Barcelona prägen.

Bei dëse ville geschwongenen organeschen Ornamenter ass et och kee Wonner, datt den Architekt sech gären un der Natur inspiréiert huet. Zesumme mat anere Kënschtler si seng Wierker schliisslech, duerch d’Kombinatioun aus Architektur, Miwwelen a Skulpturen zu engem Gesamtkonschtwierk ginn.

Gaudí

D’Casa Batlló © Paolo Da Reggio

Den Ofschid vum Kënschtler

Um 10. Juni 1926 ass den Antoni Gaudí vun enger Stroossebunn ugestouss an déidlech blesséiert ginn. Um Wee fir bei d’Sagrada Familia huet de katalanesche Genie nom Zesummestouss d’Bewosstsinn verluer an ass spéider gestuerwen. Zwee Deeg méi spéit ass hien bei enger gigantescher Trauerfeier a senger Kierch begruewe ginn. D’Bevëlkerung huet d’Stroossen gefëllt, fir hirem Architekt eng lescht Éier ze erweisen.

Opmaacherbild: © apetcher.wordpress.com

Ähnlech Sujeten Antoni Gaudi, Architekt, Katalounien, Sagrada Familia, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel