Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Erhéichte Risiko fir Bëschbränn duerch Hëtztwell!
International Kultur https://moien.lu/best-dating-website-for-long-term-relationship/ atlas mason jar dating chart

https://moien.lu/dating-christmas-ornaments/

Duerch déi héich Temperaturen an d’Absence vu Reen besteet aktuell

What the Fakt – 2711 Stelen fir d’Affer vum Holocaust!
International Kultur https://moien.lu/best-dating-website-for-long-term-relationship/ atlas mason jar dating chart

What the Fakt – 2711 Stelen fir d’Affer vum Holocaust!

No zwee Joer Bauzäit ass um 10. Mee 2005 an

Lëtzebuerger Bildungsdësch: Minister a Gewerkschaften sinn enger Meenung
International Kultur https://moien.lu/best-dating-website-for-long-term-relationship/ atlas mason jar dating chart

Lëtzebuerger Bildungsdësch: Minister a Gewerkschaften sinn enger Meenung

Um Méindeg hat den Educatiounsminister Claude Meisch eng Entrevue mat

What the Fakt – Duerch déi grouss Liewensdramen mam Jacques Brel!

What the Fakt – Duerch déi grouss Liewensdramen mam Jacques Brel!

Trotz senge belsche Wuerzelen avancéiert de Sänger, Komponist a Schauspiller an de 50er Joer zu engem vun den erfollegräichste franséische Chanson-Sänger. Mat senger markant rauer Stëmm huet hien seng sozialkritesch a melancholesch Lidder op bemierkenswäert Aart a Weis eriwwerbruecht an domat de franséische Chanson ënnerstëtzt an erneiert. Haut géif de Jacques Brel säin 90. Gebuertsdag feieren!

Um 8. Abrëll 1929 kënnt de spéidere Museker, dee mam ganzen Numm Jacques Romain Georges Brel heescht, zu Bréissel op d’Welt. Schonn als Jugendleche wiisst an him d’Passioun fir Musek a Film, wouduerch hien, zesumme mat der Jugendorganisatioun Franche Cordée a Spideeler, Asyler an Altersheimer optrieden duerft. D’Schoul hat hien donieft ni esou richteg begeeschtert.

Mam Leetsproch vun der Jugendorganisatioun „An dir stécht méi“ huet hie seng Zukunft weider entwéckelt a sech am musikalesche, poeteschen a schauspillereche Beräich weider entwéckelt. Gleeft een enger Legend, esou soll de Bruyndonckx de jonke Jacques dozou bruecht hunn, seng Texter, a Begleedung vun enger Gittar ëffentlech virzedroen an hie weiderhin an dëser Konschtform ze fërderen.

Jacques Brel

De Museker Mëtt 1962 © IISG

Mir reese virun an der Zäit an treffen de Jacques Brel bei senger Hochzäit un, wou hien am Juni 1950 d’Thérèse Michielsen bestiid. D’Koppel huet sech duerch Franche Cordée kennen a léiwe geléiert, wouduerch och no der Hochzäit dräi Kanner als Resultat vun hirer Léift erauskomm sinn. Déi roueg Géigend vu Flandern schéngt de Museker allerdéngs net méi halen ze kënnen an esou reest hien an d’Metropol vu Paräis fir op klenge Variété-Bühnen opzetrieden. No 5 Joer huet dunn och déi grouss Showbühn de Chanson-Sänger wëllkomm geheescht!

Seng Fräizäit genéisst hien iwwerdeems bis 1960 mat senger Affär Suzanne Gabriello. Säi grousst Geheimnis wärend den Optrëtter war seng Authentizitéit: mat Grimassen am Gesicht erzielt hie an tragesch-melancholescher Aart a Weis Geschichte vu Léift a Sehnsucht. Nieft senge ville Fans, déi den talentéierte Museker bewonneren, polariséiert de Figaro awer och duerch seng choleresch Ufäll, déi virun allem géint d’Kierch an déi belsch Klengkarréiert ginn. Esou entwéckelt hie sech mat der Zäit zu engem vun de wichtegste Gesellschaftskritiker.

Ech sinn da mol fort!

No 15 Joer un der Chanson-Front gëtt hie säin Ofschiedsconcert 1967 bekannt. Ganz op hie verzichte muss een allerdéngs net: an diverse Filmer an Theaterstécker geet de Museker senger Passioun fir d’Schauspill no an e schafft als Musical-Autor a Regisseur. Mat der Léift schéngt et och gutt ze lafen. Hei huet hien direkt dräi Fraen u senger Säit, déi dem musikalesche Mann ee Laachen an d’Gesiicht zaubere wëllen.

Schlussendlech kënnt awer och fir hien d’Decisioun an esou hëlt hien net seng al Léift, d’Miche an oder net d’Marianne, mee dat jonkt Maddly Bamy mat op säi Seegelschëff a lieft an der Südsee. Knapp 10 Joer no senger éischter Plack ass „Les Marquises“ op de Maart komm. De ganze Succès sollt de Jacques Brel awer net méi materliewen: um 9. Oktober 1978 stierft hien am Alter vun 49 Joer u Longekriibs. Vergiess ass hien allerdéngs bis haut net!

Opmaacherbild: © Jac. De Nijs/Anefo

Ähnlech Sujeten Belsch, Chanson, Jacques Brel, Museker, Ne me quitte pas, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel