Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Washington wëll „Mini“ Atomwaffen entwéckelen
International Kultur Neiegkeeten Stories

Washington wëll „Mini“ Atomwaffen entwéckelen

Den amerikanesche Verdeedegungsministère wëll säin Nukleararsenal iwwerpréiwen an en neien

WhatsApp gëtt grousse Sécherheetsproblem zou!
International Kultur Neiegkeeten Stories

WhatsApp gëtt grousse Sécherheetsproblem zou!

Wéi de Communicatiounsdéngscht WhatsApp elo zouginn huet, soll eng Sécherheetslück

money
De Chef-Ekonomist vun der Handelskummer zum Staatsbudget
International Kultur Neiegkeeten Stories

De Chef-Ekonomist vun der Handelskummer zum Staatsbudget

Et ass ni einfach fir eng Regierung e Budget op

What the Fakt – de kanadesche Fändel kritt säin Ahornblat

What the Fakt – de kanadesche Fändel kritt säin Ahornblat

Nodeems vill Virschléi erakomm sinn konnt um 15. Februar 1965 endlech den neie Fändel mam Ahornblat, dem sougenannte Maple Leaf, presentéiert ginn. A wien kennt de minimalistesche Fändel a wäiss a rout, mam naturalisteschen Element an der Mëtt net?

Virun der Aféierung vum haitege kanadesche Fändel hat d’Land eng Variant mam britesche Red Ensign an dem kanadesche Wopen, alles op roudem Hannergrond. Am Laf vun de Joren huet den Design ëmmer nees liicht geännert, an awer huet et ni besonnesch harmonesch a passend gewierkt. Mat zouhuelender Lassléisung vu Kanada zu Groussbritannien huet sech de Wonsch no engem eegene Fändel verfestegt. Dëst representatiivt Zeeche sollt net méi un d’Kolonialmuecht erënneren.

No laangen, deels passionéierten Diskussioune kruten d’Kanadier sech schlussendlech duerchgesat an hunn ugefaangen, déi éischt Virschléi ze sammelen. Am Mee 1964 war et eng Variant vum deemolege Premierminister Lester B. Pearson, déi an der enger Auswiel stoung. Säin Design mat bloem Bord an dräi zesummewuessen Ahornblieder huet awer fir immense Widderstand gesuergt, wouduerch d’Kommissioun vum Parlament eng Aart oppene Concours organiséiert huet.

Hei hin mat den Entwërf!

Am Endeffekt sinn 3.541 Virschléi agereecht ginn, wourënner d’Parlament een Entworf fir den zukünftege Fändel auswiele misst. No verschiddenen Iwwerpréiwungen ass um 22. Oktober 1964 d’Decisioun op dem Historiker Geroge Stanley säin Design, sou wéi mir et haut kennen, gefall. Natierlech huet d’Medaille ëmmer zwou Säiten an esou waren et déi franséisch Kanadier, déi sech duerch déi feelend blo Faarf am Fändel ausgeschloss gefillt hunn.

No zuelräichen Diskussiounen an Erklärunge konnten sech déi zwee Haiser vum Parlament allerdéngs eenegen. Nom Begriefnis vum Winston Chruchill gouf d’Queen am Januar 1965 gebueden, den neie kanadesche Fändel ze verkënnegen. Haut viru 54 Joer konnt de Maple Leaf schliisslech an der Ëffentlechkeet gehisst ginn.

Hei dann verschidden Entwërf:

Ee Symbol fir déi räich Natur a Selbststännegkeet

Datt d’Ahornblat bei de Kanadier ee beléiften Symbol ass, ka wuel jiddwereen sech denken. Déi offiziell Beschreiwung vum Fändel beseet, datt sech ee rout Ahornblat op engem sëlwerege kanadesche Potto, mat opléiendem Rout befënnt. Déi rout Sträife riets a lenks si genau hallef esou breet, wéi dat wäisst Feld. D’Zockerahornblat huet 11 Zacken, wat eigentlech net dem natierlechen Zoustand (23 Zacken) entsprécht. Dës Zuel huet hei awer keng méi déif Bedeitung, se ass just aus ästhetesche Grënn gewielt ginn.

Déi rout Sträifen op de Säite symboliséieren d’Ozeaner (Pazifik an Atlantik), dat wäisst Feld steet fir den arktesche Schnéi. De gewielte Roudtoun staamt vum ale britesche Red Ensign. Donieft steet de Faarftoun awer och fir dat vergossent Blutt, wat déi kanadesch Zaldoten am Éischte Weltkrich, sou wéi an der Schluecht vu Vimy Ridge 1971 vergoss hunn.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Ahornblat, Fändel, Kanada, Maple Leaf, Queen, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel