Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Warnschoss vun der CGFP sollt ee bei de Parteien héieren hunn
Auto International millionaires online dating acceptable age difference while dating south africa hook up site

De Warnschoss vun der CGFP sollt ee bei de Parteien héieren hunn

Eng staark „Fonction Publique“ ass gutt fir d‘Land a seng

Vakanzeland Lëtzebuerg
Auto International millionaires online dating acceptable age difference while dating south africa hook up site

Vakanzeland Lëtzebuerg

Dat sech Lëtzebuerg net eleng op seng Haaptstad an d‘Finanzplaz

Vereenten Natiounen a Geldnout
Auto International millionaires online dating acceptable age difference while dating south africa hook up site

Vereenten Natiounen a Geldnout

An engem Communiqué huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres bekannt gemaach,

What the Fakt – de Karl Benz an d’Gebuert vum Auto virun 133 Joer

What the Fakt – de Karl Benz an d’Gebuert vum Auto virun 133 Joer

Mat dëser Aktioun kann een de Karl Benz quasi als Papp vum haut meescht genotzten Transportmëttel bezeechnen. Um 29. Januar 1886 huet hien d’Welt nämlech a Beweegung versat mat der Umeldung vum Patent fir den éischten „Auto“ mat Gas bedriwwenem Moteur. A Kombinatioun mam Gottlieb Daimler, den am selwechte Joer, onofhängeg vum Benz, d’Motorkutsch erfonnt huet, kann een dëst Ereegnis als Ufank vun der Erfollegsgeschicht vu Mercedes-Benz bezeechnen.

D’Ziel vum däitschen Ingenieur an Automobilpionéier war et, ee Gefier ze bauen, bei dem Moteur, Fuergestell an den Undriww eng organesch Eenheet bilden. Haut viru genau 133 Joer krut de Benz schliisslech d’Patent DRP 37435, den op enger eegestänneger Konstruktioun baséiert. Vu sengen éischten zwou Versiounen ass jeeweils just een Exemplar gebaut ginn. Mat engem vun dëse Modeller huet seng Fra, d’Bertha Benz, zesumme mat sengen zwee Bouwen déi legendär Faart vu Mannheim op Pforzheim (ronn 90 Km) – déi éischt Fernfaat an der Automobilsgeschicht – gepackt.

Benz

Patent zum Benz-Motorwon, 29.01.1886 © Daimler AG

Säit 2011 gehéiert d’Patent fir „d’Gefier mat Gasmoteurbetrib“ zum UNESCO-Weltdokumentenierwen an dat well schonn eppes heeschen! Heizou gehéieren nämlech och Wierker wéi d’Bibel vum Gutenberg oder d’h-Moll-Messe vum Johann Sebastian Bach.

Och hien huet kleng ugefaangen

1885 huet de Karl Benz den éischten Automobil vun der Welt entwéckelt, den duerch ee schnelllafenden een-zylindresche Véiertaktmoteur (954 Kubikzentimeter Hubraum, 055 kW, 0,75 PS Leeschtung) ugedriwwe ginn ass. D’Héchstgeschwindegkeet louch hei bei 16 Kilometer an der Stonn – fir deemoleg Verhältnisser scho vill.

Nodeems den Ingenieur schliisslech d’Patent fir seng nei Iddi agereecht huet sinn, bis 1887, dräi verschidde Modeller entstanen. A sengem Schreiwes huet hie kloer festgeluecht, datt am Gefier liicht Fracht transportéiert ka ginn oder 1 bis 4 Persounen.

Zesumme mam Daimler konnt dunn d’Moteurkutsch entwéckelt ginn, eng innovativ Erfindung, déi der Mobilitéit ganz nei Dimensioune ginn huet. D’Gefierer vun haut kéinnten ouni dës zwee schlau Käpp net an der momentaner Form existéieren. An och haut nach steet d’Automark Mercedes-Benz fir Innovatioun, Sécherheet a Komfort, Effizienz a Vertrauen. D’Entreprise setzt vill drun, den Auto vun der Zukunft ze konzipéieren, sief et duerch autonoomt Fueren, intelligent Gefierer oder Elektromobilitéit.

Detailer zum Gefier

Eng Replique vum dräiriederege Gefier mat Gasmoteur steet am Mercedes-Benz Musée an Däitschland. Doduerch, datt dëst Exemplar een Ausstellungsstéck ass fënnt een deementspriechend wéineg Gebrauchsspuren. Technesch gesi kann d’Modellgefier fueren, huet awer keng Zouloossung.

Kafe kann een dësen Exemplaire och, fir de ganz klenge Präis vun 151.490 Euro. Fir dëse Betrag kann een da mat engem Verbrauch vun 10 Liter mat 16 km/h duerch d’Géigend tuckeren an déi néideg Blécker vun de Leit genéissen. Baussen ass d’Gefier schwarz (DB 040), d’Material bannen ass Lieder

Dem Benz seng Iddi vum Gefier ouni Päerd als Alldagsproduit ass esou vun enger Visioun zur Realitéit ginn.

Benz

Den Nobau, den am Mercedes-Benz zum Verkaf steet © Mercedes-Benz

Méi zum Karl Benz

De Karl Friedrich Michael Benz ass um 25. November 1844 zu Mühlburg als Kand vun enger Déngschtmod an engem Lokomotivféierer op d’Welt komm. Als Jugendleche gëtt hien am Polytechnikum zu Karlsruhe ugeholl a studéiert Maschinnebau. Schonn ëmmer huet hie fläisseg u Pläng fir ee Gefier, dat eegestänneg an net op Schinne fiert, geschafft.

„Ich war stolz wie ein König, dass der Traum meiner Jugend endlich verwirklicht vor mit stand!“

Nieft dem Patent vun 1866 huet den Ingenieur 1878 den Zweetaktmoteur entwéckelt a mat Kupplungen, Vergaseren a Gangschaltungen experimentéiert. Fënnef Joer méi spéit entsteet seng Entreprise „Benz & Cie. Rheinische Gasmotorenfabrik“ zu Mannheim. 1926 ass dës Firma zu „Daimler Benz AG“ ëmbenannt ginn.

Am Alter vu 84 Joer ass den Automobilpionéier um 4. Abrëll 1929 zu Ladenburg gestuerwen.

Opmaacherbild: Den Ingenieur Karl Benz op der éischter Motorkutsch. Fir hien geet een Dram an Erfëllung. © Daimler AG

Quellen:

Ähnlech Sujeten Carl Benz, Daimler, Karl Benz, Mercedes Benz, Patent DRP 37435, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel