Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brasilien schaaft den Aarbechtsministère of
International Kultur Neiegkeeten Stories

Brasilien schaaft den Aarbechtsministère of

Wéi et en héije Responsabel vun der Exekutive, déi den

Lëtzebuerger Kino am Trauer: den Nick Rollinger ass dout!
International Kultur Neiegkeeten Stories

Lëtzebuerger Kino am Trauer: den Nick Rollinger ass dout!

Am jonken Alter vu 57 Joer ass de Lëtzebuerger Produzent

Steesel: op Karfreideg e gebakene Fësch vu „La Perche“
International Kultur Neiegkeeten Stories

Steesel: op Karfreideg e gebakene Fësch vu „La Perche“

Et muss een net e gleewege Mënsch sinn fir gewëssen

What the Fakt – Iwwert de katastrophale Start vum Disneyland…

What the Fakt – Iwwert de katastrophale Start vum Disneyland…

Eigentlech hätt dem Walt Disney säi Fräizäitpark Disneyland a Kalifornien eng erliefnisräich Plaz fir Kanner an Eltere solle ginn, wou ee sech de ganzen Dag, ganz am verdreemte Stil, amuséiere kann. D’Iddi vum Perfektionist wier bei der Erëffnung 1955 allerdéngs bal an engem Fiasko ausgaangen.

Um 17. Juli, viru 64 Joer, sollt de groussen Dag vum kaliforneschen Disneyland ginn. Op enger Fläch vu ronn 3200 Quadratmeter huet den US-amerikaneschen Trickfilmzeechner a Filmproduzent Walt Disney ee fantastesche Park entstoe gelooss. Ganz nom Motto „Wanns du et dreeme kanns, da kanns du et och verwierklechen“ ass probéiert ginn, un all Detail ze denken a ganz vill Léift mat anzebauen.

Un dësem Dag konnten zu Anaheim Temperature vun 43°C gemooss ginn. Just d’Press an ausgewielte Perséinlechkeeten hunn eng Invitatioun fir d’Erëffnung kritt. Aus der klenger Grupp u Visiteuren ass awer schonn no kierzester Zäit eng Mass entstanen, déi de grousse Chaos mat sech bruecht huet. Mat gefälschten Ticketen hu schliisslech, amplaz vun den 15.000 Invitéen, ganzer 28.154 Persounen de Wee an de Park fonnt.

Disneyland

De Walt Disney presentéiert d’Pläng fir all Themenberäich

D’Katastroph hëlt hire Laf

De frësch verluechte Buedem huet de Stuerm u Visiteuren net verdroen. Am Fantasyland ass no an no de Stroum ausgefall an och an de Buden ass schonn no kuerzer Zäit d’Iessen ausgaangen. Donieft ass nach eng Gasleitung futti gefuer an och d’Spiller hunn am Laf vum Dag de Geescht opginn.

Kuerz virun der Erëffnung huet den Disney sech och missen tëscht Toiletten a Waasserspender entscheeden. Ganz nom Gedankegang „Du kanns dir och eppes ze drénke kafen, awer schlecht op de Buedem pissen“ huet hie sech schliisslech fir d’Toiletten entscheet. Natierlech huet hien un esou engem waarmen Dag fir seng Decisioun masseg Kritik akasséiert.

Inspiratiounsquell Disney

Wéi et sech fir ee Perfektionist gehéiert, huet de Walt Disney, beim Bau vu senger Dramwelt, all eenzele Schrëtt akribesch kontrolléiert. Am Ganze sinn iwwer 32.000 Säck Zement, 3,5 Milliounen Holzbrieder a 17 Milliounen Dollar verschafft ginn. Donieft huet de Papp vun der Micky Maus all eenzelt Stéck am Park 60 Prozent vun der Originalgréisst ufärdege gelooss, sou datt ee sech wéi an enger Märchenwelt fillt. Bei der Erëffnung sot hie selwer: „Disneyland wäert nimols fäerdeg sinn, esou laang nach ee Fonke Fantasie an der Welt ass.“

Beim Bau vu sengem Disneyland huet hie sech iwwregens vum Tivoli zu Kopenhagen inspiréiere gelooss. Wat elo zu Anaheim mat engem „Land“ ugefaangen huet, sollt um Lake Buena Vista zu enger ganzer „Welt“ ginn. Op enger Fläch vun 120 Quadratkilometer ass esou an der Géigend vun Orlando Disneyworld entstanen. Pünktlech um 15:00 Auer Mëttes kann een all Dag, an engem vu de mëttlerweil 4 Themenparken, déi beléift Disneyfiguren zur Musek duerch d’Stroossen danze gesinn. Owes triomphéiert ee spektakuläert Freedefeier iwwert dem Cinderella Schlass an léisst Kannerae liichten.

Ufank vun den 90er Joer ass dem Disney dunn och d’Rees iwwert den Atlantik gelongen. Ronn 30 Kilometer ëstlech vu Paräis ass op enger Fläch vu 600.000 Quadratmeter den Disneyland Resort Paris opgaangen. All Joer maachen sech iwwer 12 Milliounen Touristen op de Wee, fir nieft dem Eiffeltuerm an dem Louvre och dës Attraktioun ze bestaunen.

Ähnlech Sujeten Disneyland, Kalifornien, Katastroph, Mickey Maus, Walt Disney, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel