Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Service vun de Stater Parke sicht no Dännebeem fir Chrëschtdag
International Neiegkeeten Stories

De Service vun de Stater Parke sicht no Dännebeem fir Chrëschtdag

D‘Stad Lëtzebuerg informéiert, datt hire Service vun de Parken, op

Europa League: F91 huet trotz Néierlag impressionnéiert
International Neiegkeeten Stories

Europa League: F91 huet trotz Néierlag impressionnéiert

Den AC Milan, deen sech zu gudder Lescht mat engem

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!
International Neiegkeeten Stories

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!

Zwee Méint virum Austrëtt aus der europäescher Unioun, ass dat

What the Fakt – Kennt Dir Äre Bluttdrock?

Haut ass nämlech Internationalen Dag vum Blutthéichdrock!

What the Fakt – Kennt Dir Äre Bluttdrock?

Duerch d’World Hypertension League ass säit geraumer Zäit de 17. Mee zum weltwäiten Dag géint ze héije Bluttdrock erkläert ginn. Dobäi ass et essentiell, d’Ëffentlechkeet zum Eescht vun de medezinesche Komplikatiounen ze sensibiliséieren, déi hei entstoe kënnen. Stellt Iech also emol d’Fro op Dir Äre Bluttdrock kennt!

Zu Lëtzebuerg leiden 31% vun der erwuessener Bevëlkerung un ze héijem Bluttdrock. Eng vun zwou Persounen ignoréiert, datt si un der Krankheet leit. Kuckt een elo d’Altersgrupp iwwer 60 Joer, esou kann ee bei 2/3 vun de Persounen de Blutthéichdrock feststellen. Oft leiden d’Männer méi heefeg dorun, wéi Fraen. An dat schlëmmt ass: d’Krankheet bleift oft onentdeckt a gëtt schlussfolgernd net genuch behandelt.

Bluttdrock

Wat ass Blutthéichdrock?

Laut der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) ass ze héije Bluttdrock déi éischt vermeidbar Uersach, vir Häerzkreeslaf-Erkrankungen, a besonnesch ee Schlag, ze verhënneren. Wat de Bluttdrock méi héich ass, wat eist Häerz och méi pompele muss. Duerch dës Iwwerlaaschtung kann et schnell zu engem Häerzinfarkt, enger Häerz-Niereschwächt oder Ähnlechem kommen. Dobäi kann dëse Risiko souwuel Jonk, wéi och Al betreffen.

Wisou ee seng Wäerter kenne sollt

Steigt de Bluttdrock, da steigen och d’Risiken. Bei der lueser Krankheet besteet de Problem, datt een se net fréi genuch oder och guer net erkennt an esou net den noutwennegen Traitement kritt. A stellt een et fest, da bei enger Routineënnersichung beim Dokter oder wann ee schonn u schwéiere Schied leit, déi sech bemierkbar maachen.

Wie seng Wäerter kennt, dee ka säi Liewensstil esou upassen, datt schlëmm gesondheetlech Konsequenze vermeit kënne ginn. Schliisslech erweist et sech als esou einfach, een Häerzinfarkt, Demenz, oder och sexuell Stéierungen, déi duerch ze héije Bluttdrock gefërdert ginn, duerch reegelméisseg Kontrollen ze vermeiden.

Een ideale Bluttdrock sollt bei 12/8 cm Hg leien. De systolesche Bluttdrock sollt op alle Fall ënnert 14 cm Hg leien, beim diastolesche Bluttdrock sollt een ënnert 9 cm Hg sinn. Déi éischt Zuel bezitt sech op d’Kontraktioun vum Häerz an déi zweet Zuel, op den Drock wärend dem Relachement vum Organ.

Bluttdrock

Wéi kann een de Blutthéichdrock verhënneren?

A senger Missioun offréiert de Gesondheetsministère eng räichhalteg an flott gestalt Informatiounsbroschür, déi d’Thematik genau erkläert. Hei ginn och verschidde Rotschléi am Detail erkläert. An der Kuerzfaassung sollt een op Folgendes oppassen:

  • Eng gesond an equilibréiert Ernierung, sou wéi d’Reduktioun vu Salz, Zocker an gesättegt Fettsaieren
  • Ausräichend kierperlech Aktivitéiten (op mannst 150 Minutte pro Woch)
  • Stress reduzéieren a sech selwer Pause gënnen
  • Den Tabak-Konsum ënnerloossen, sou wéi beim Konsum vun Alkohol net iwwerdreiwen (Frae gëtt maximal 1 Glas den Dag ugeroden, bei Männer sinn et der 2. An der Woch sollten et 2 abstinent Deeg ginn)

Dobäi muss een allerdéngs soen, datt verschidde Leit besonnesch ufälleg fir ze héije Bluttdrock sinn. Et sollt ee sech beispillsweis froen, op schonn d’Elteren un dëser Erkrankung gelidden hunn, op een Iwwergewiicht huet, wei vill Alkohol ee konsuméiert oder fir d’Fraen, ob se d’Pëll zur Verhiddung huelen.

Am Zweiwel, a spéitstens bei éischten Unzeechen zum Blutthéichdrock, sollt ee sech un een Dokter wennen. Fir Elteren ass et zudeem och wichteg, d’Wäerter vum eegene Kand ze kennen.

D’Informatiounsbroschür kënnt Dir bei eis op Däitsch a Franséisch eroflueden, oder och d’Internetsäit vun der Santé besichen. Fir weider Informatioune sollt een www.science.lu besichen.

Ähnlech Sujeten Blutthéichdrock, Gesondheetsministère, Häerzinfarkt, Häerzkreeslaf-Erkrankungen, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel