Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

„Looss alles eraus“ – Danz a Rap als Form vun Therapie
Neiegkeeten Stories

„Looss alles eraus“ – Danz a Rap als Form vun Therapie

Wien eng zweet Editioun organiséiert, dee muss och un eng

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net
Neiegkeeten Stories

Sorry, Donald, mee esou funktionéiert et net

Et misst ee laang sichen, fir een ze fannen, dee

T’sinn Solden: Gutt ewech komme vum 2. bis de 25. Januar!
Neiegkeeten Stories

T’sinn Solden: Gutt ewech komme vum 2. bis de 25. Januar!

Vum 2. bis de 25. Januar sinn nees Wantersolden ugesot.

What the Fakt – Ee laangen Dag, eng kuerz Nuecht!

What the Fakt – Ee laangen Dag, eng kuerz Nuecht!

Um haitegen 21. Juni fënnt d’Summersonnewend statt. D’Sonn steet um héchste Stand op der Nordhallefkugel, wouduerch haut de längsten Dag, mat der kierzester Nuecht entsteet. Wat huet et genau domat op sech?

D’Summersonnewend (lat. „solstitium“, wat esou vill wéi „Stëllstand vun der Sonn“ bedeit) beschreift den Ufank vum astronomesche Summer. Um 17:54 Auer (MESZ)erreecht d’Sonn, onofhängeg vun der Zäitzon an de Koordinaten, hiren Zenit um nërdlechste Punkt um nërdleche Wendekrees.

A Kombinatioun mat hirer Achs, déi schif läit, féiert dëst Phenomen dozou, datt den Dag haut 17 Stonnen huet an et just 7 Stonnen däischter ass. Den Ofstand tëscht der Äerd an der Sonn bedréit elo wärend dem nächsten hallwe Joer zirka 5 Millioune Kilometer, wouduerch d’Distanz méi grouss ass, wéi am Dezember.

Summersonnewend

Besonnesch däitlech gesäit een dëst Natur-Phenomen um Polarkrees. Hei gëtt nämlech zur Summersonnewend déi sougenannt Mëtternuechtssonn – dofir och den skandinaveschen Numm „Midsommar“ – gefeiert. D’Lafbunn vun der Sonn läit nämlech komplett iwwert der Horizontlinn, wouduerch et an der Nuecht guer net däischter gëtt. Am Norde gëtt dësen Dag och nach „Wäiss Nuecht“ genannt.

A wat mëscht een, wann een duerch d’Hellegkeet souwisou net schlofe kann? Majo a Schweden organiséiert een beispillsweis zuelräich Fester a Partien. A ländleche Gebidder versammelen sech d’Mënschen, fir zesumme mat der Famill ee mat Blummekränz dekoréierte Meebam (op Schwedesch majstång) opzestellen. Donieft ginn och nach Volleksdänz opgefouert. Der Traditioun no droe Meedercher a Fraen Truechten a faarweg Blummekränz.

Wien feiert, muss och eppes iessen. Esou hunn d’Schweden sech fir ageluechten Hierk mat Gromperen, Dill, Sauerram an Fréijoerszwiwwelen entscheet. Oft ginn awer och gegrillt Rëppercher a Saumon opgedëscht. Als séissen Ofgang punkten si mat saisonale Friichten.

De kale Pendant zur Summersonnewend ass iwwregens d’Wantersonnewend. Um 21. oder 22. Dezember erreecht d’Sonn déi geréngst Héicht um Mëtteg.

An dësem Kader kann ee sech jo emol iwwerleeën, wat een dann haut mat deene villen helle Stonnen ufänkt. Sidd Dir éischter produktiv oder tankt Dir Sonnestrahlen a grillt vläicht zesumme mat Kollegen?

Ähnlech Sujeten Astronomesche Summer, Midsommar, Schweden, Sonn, Summersonnewend, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel