Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen
Um Méindegowend huet eng Untersuchungsriichterin, déi zwee Leader vun de
Um Méindegowend huet eng Untersuchungsriichterin, déi zwee Leader vun de
Nodeems mir gëschter op déi revidéiert Wuesstemsprevisioune vum Weltwährungsfong higewisen
Den dschihadistesche Grupp Islamesche Staat (IS) huet a 24 Stonnen
Bekannt ass d’legendär Rockgrupp Led Zeppelin fir Stairway To Heaven. Den zweete vu ganzer aacht Alben ass um 22. Oktober 1969 eraus komm an huet d’Musekswelt begeeschtert.
D’Band huet sech 1968 fir d’éischt Kéier zu London zesumme fonnt. Den Jimmy Page war zu der Zäit ee vun de gefrooteste Museker aus England. Op der Sich no engem neie Projet trëfft hien am Studio op de Bassist John Paul Jones. Bei engem Konzert ginn si zwee op de bis dohin erfolleglose Sänger Robert Plant opmierksam gemaach, den de Batteur John Bonham mat an d’Grupp bréngt.
No engem éischten Optrëtt nennt d’Band sech schlussendlech Led Zeppelin. Den Numm geet op d’Kritik vum The Who-Bassist John Entwistle zeréck, den prophezeie wollt dass de Projet wéi ee bläie Ballon („lead balloon“ wäert ënnergoen. Doropshi koum de Memberen d’Iddi sech Led Zeppelin ze nennen.
Mat enger Mëschung aus Hard Rock, Folk a Blues entwéckelt sech d’Band zu enger vun de bekanntste Gruppen aus de 70er Joer. Dem Plant säi Charisma a säi gefillsvolle Gesang sinn esou onverwiesselbar wéi dem Page den anere Memberen hiert virtuoost Talent.
© Rare Records Collector
Um 22. Oktober 1969, viru genau 49 Joer, huet Led Zeppelin hiren zweeten Album Led Zeppelin II verëffentlecht. Op de Billboard-Charts ass d’Plack op Platz 15 geklommen an huet um Enn vum Joer souguer Abbey Road vun de Beatles vun der éischter Platz verdrängt. Den Album erlieft ee risegen Erfolleg.
Den Design vum Cover baséiert op engem Poster vum David Juniper senger Reklamm mam Slogan „Led Zeppelin II Now Flying“. D’Illustratioun ass vun enger Foto vun der Jasta-Divisioun vun der däitscher Loftwaff inspiréiert.
Den zweeten Album markéiert eng zimlech kreativ Period vun der Band a weist och haut nach eng nostalgesch Reflektioun vun der Liewensfreed a Kreativitéit, déi Led Zeppelin op hiren Touren erlieft.
Quellen: