Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Grëff an d‘Toilette: EPP „suspendéiert“ Fidesz
https://moien.lu/best-free-android-app-for-dating/ intj woman single

fresh water rv hook up

Gëschter war de Gremium vun der europäescher Vollekspartei (EPP) zesummekomm,

senior guy dating sophomore girl
https://moien.lu/best-free-android-app-for-dating/ intj woman single

Kanadescht Parlament stëmmt e Gesetz fir Bréifdréierstreik ze beendegen

D‘Service vun der Post sollten op dësem Dënschdeg nees „normal“

70 Joer NATO: Zum Gebuertsdag e Bierg aus Gold
https://moien.lu/best-free-android-app-for-dating/ intj woman single

70 Joer NATO: Zum Gebuertsdag e Bierg aus Gold

Et ass jo net well engem no Feieren ass, datt

What the Fakt – 3. Doudesdag vum Lemmy Kilmister

What the Fakt – 3. Doudesdag vum Lemmy Kilmister

„Rock’n’Roll ass definitiv näischt fir al Leit, dat ass bewisen. Eist Geheimnis ass wuel, datt mir eigentlech nach ëmmer Kanner sinn“, esou huet de Sänger, Bassist a Grënner vun der Band Motörhead et viru Joren op de Punkt bruecht. No erfollegräiche Joerzéngten op der Bühn ass de Lemmy Kilmister um 28. Dezember 2015 gestuerwe.

Beim Lemmy hu mir wuel direkt all de Mann mat laangen Hoer, Trucker-Bart an Hut virun Aen. Et kennt ee sech es bal net zou, datt déi legendär Band Motörhead schonns 1975 gegrënnt ginn ass. Mee elo fänke mir emol beim Ufank un.

Um Helleg Owend 1945 ass den Ian Fraser Kilmister an England gebuer ginn. Den Numm Lemmy krut hie spéider an der Schoul. A senger Kandheet a Jugend war hie rebellesch an ass wéinst diverse „Meenungsverschiddenheeten“ mat de Proffe vun der Schoul geflunn, wouduerch hien ni een richtege Schoulofschloss maache konnt. Doropshin huet de britesche Museker ëmmer nees Aarbechten als Aushëllef ugeholl, fir alt e puer Su an der Täsch ze hunn. Majo ee vun deene Jobs war et, als Roadie dem Jimi Hendrix als Roadie ënnert d’Äerm ze gräifen.

Seng éischt musikalesch Erfarung koum dunn, wou de Lemmy d’Hawaiigittar vu senger Mamm ausprobéiere konnt. Trotz wéineg Geschéck soll hie wuel mat der Musek de Meedercher imponéiert, ee Grond fir virun ze fueren. Esou huet hien sech dunn selwer Gittar spille bäibruecht. Mat sengem Talent ass de Museker schliisslech diverse Gruppe bäigetrueden, mat deenen hien och CD’en opgeholl huet.

Den Erfolleg koum schliisslech mat der Grënnung vu Motörhead am Joer 1975, wou hien als Bassist a Sänger mat senger onverwiesselbarer, rauer Stëmm aus der Mass eraus gestach ass. De Mister Kilmister war jo schonn ee Markenzeeche fir sech, dobäi koumen dunn awer nach beispillsweis d’Fibromer op der lénker Gesiichtssäit oder säi Mikro, den ëmmer esou héich misst positionéiert sinn, datt hien erop kucke misst.

„Ech hunn et gaer dräi Wochen um Stéci déi selwecht Strëmp unzehunn, raus op d’Bühn ze goen, der éischter Rei meng Sténker an d’Gesiicht ze drécken an Ace of Spades ze grölen“, sou de Lemmy an engem Interview. A besser kéinnt een hien och net beschreiwen. De britesche Museker ass den Idol vun der Heavy Metall a Rock’n’Roll Zeen.

Ab 1990 huet hien dunn ouni Fra zu Los Angeles gewunnt. Gewosst ass nach, datt hien zwee Kanner huet: den Sean Inder an de Paul Kilmister.

Musek war d’Essenz vu sengem Liewen. Dat kann een net ofstreiden, wann ee bedenkt, datt hien och nach mat 70 Joer an der Zeen aktiv war. Vill méi laang sollt en et awer net packen, well kuerz no sengem ronne Gebuertsdag ass hien, haut virun dräi Joer, u Kriibs gestuerwe.

Foto: © Alpha coders/Motörhead

Quellen:

Ähnlech Sujeten Ace of Spades, Heavy Metal, Kriibs, Lemmy Kilmister, Motörhead, Musék, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel