Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Theresa May ënner Drock
International Kultur dating a single mom with herpes 10 tips on dating a korean girl

https://moien.lu/best-online-dating-for-artists/

Kënnegt haut déi konservativ Premierministesch Theresa May  hir Demissioun un?

Et goufen iwwert 6.000 Gebuerten am leschte Joer – mee ëmmer manner pro Fra
International Kultur dating a single mom with herpes 10 tips on dating a korean girl

Et goufen iwwert 6.000 Gebuerten am leschte Joer – mee ëmmer manner pro Fra

Den Taux vun de Gebuerte geet am Land weider erof:

Terror iwwert Europa: E Réckbléck
International Kultur dating a single mom with herpes 10 tips on dating a korean girl

Terror iwwert Europa: E Réckbléck

Zanter 2015 muss sech Europa mat enger gréisser Zuel un

What the Fakt – Déi grouss Séil vun Indien gëtt ëmbruecht

What the Fakt – Déi grouss Séil vun Indien gëtt ëmbruecht

De Mohandas Karamchand Gandhi ass weltwäit bekannt als Fräiheetskämpfer vun Indien. Mat friddleche Methode wollt hien ënnert anerem de Sträit tëschent den Hindu an de Mosleme schlichten. Dobäi ass hie schliisslech selwer engem Attentat zum Opfer gefall.

Alles huet domadder ugefaangen, datt de jonke Gandhi, den als Affekot a Südafirka geschafft huet, wéint senger Hautfaarf diskriminéiert ginn ass. Schockéiert doriwwer, datt hien aus dësem Grond beim Coiffeur d’Hoer net geschnidde krut a souguer keng medezinesch Verfleegung an Usproch dierft huele wëll hie sech fir déi ronn 60.000 gläichgesënnte Leit a Südafrika, déi als Mannerwäerteger behandelt ginn.

Gandhi

De Gandhi a Südafrika (1906)

1914 zitt et de Gandhi nees zeréck an Indien, wou hie schonns den Éierentitel „Mahatma“ verdéngt huet, wat esou vill heescht wéi „grouss Séil“. Hie selwer wollt dësen Numm laang net akzeptéieren, an awer ass hien och nach hautdesdaags éischter als Mahatma, wéi al Mohandas Karamchand bekannt. Nees an Indien well hie sech weider fir d’Mënschen, déi ënnert der Ënnerdréckung vun de Brite gelidden hunn, vum Land asetzen. Déi friddlech Beweegung mam Numm „Satyagraha“ huet ëmmer méi Unhänger fonnt bis schlussendlech gehandelt ginn ass.

Gandhi

Seng friddlech Aart a Weis fir un d’Ziel ze kommen war d’Inspiratioun vu villen anere Matmënschen

„Et gëtt kee Wee zum Fridden, de Fridden ass de Wee“

Als Pazifist ziele fir de Fräiheetskämpfer just friddlech Mëttel, sou wéi beispillsweis een Hongerstreik. Am Joer 1947 ass Indien endlech onofhängeg ginn, an awer huet d’Land sech an een hinduisteschen a muslimeschen Deel gespléckt. Domat ass et fir de Mahatma Gandhi keng Fro, fir sech fir ee friddlecht Zesummeliewen tëschent de Relioune staark ze maachen.

Mat senge Priedegten an dem Hongerstreik wollt hien een Enn vun der Gewalt erzwéngen. Mat der Zäit krut de Gandhi, selwer gleewegen Hindu, ëmmer méi muslimesch Unhänger. Zum Schluss huet hien esouguer virgeschloen, de Moslemen d’Féierung vum ongedeelteen Indien ze iwwerloossen. Mat sengem Denken huet hien awer leider och den Haass vun hinduistesche Fanatiker ugezunn, déi sech komplett géint d’muslimesch Pakistaner gewënnt hunn.

Gandhi

De groussen indesche Fräiheetskämpfer beim Hongersträik (1932) © Bundesarchiv

„Ech gesi mech selwer als Zaldot, een Zaldot vum Fridden“

Um 30. Januar 1948 ass de charismatesche Priedeger zu Delhi bei engem ëffentleche Gebiet erschoss ginn. De fanateschen Hindu Nathuram Vinayak Godse huet sech hei virum Gandhi verneigt, op e geschoss an ass uschléissend stoe bliwwen. D’Dot, déi hien als Signal wäerte loosse wollt, sollt sech géint d’Zesummeféierung vun de Reliounen an Indien wennen. Dobäi huet de Mäerder zouginn, datt hien der Meenung ass, datt de Gandhi de ville Moslemen an Indien ze vill Plaz géif loossen.

Ee Joer nom Attentat op de Gandhi gouf dem Nathuram Godse de Prozess gemaach. Heibäi gouf hien zum Doud veruerteelt an 1949 higeriicht.

D’Utopie zerbrécht

Nom Dout vum Fräiheetskämpfer geet et viru mam Massaker, der Verdreiwung an der Masseflucht. Et war um briteschen Affekot Cyril Radcliffe de Grenzverlaf tëschent Indien a Pakistan festzeleeën. Dobäi huet hien sech un de reliéise Majoritéiten inspiréiert, déi an de jeeweilege Géigende wunnen. Bei der Deelung vun der Provinz Punjab huet de Radcliffe d’Grenz matzen duerch d’Duer gezunn, sou datt beispillsweis de Bauer säin Haus an engem anere Staat virfonnt huet, wéi säi Feld.

Am Endeffekt huet de Brit mat sengem Konzept vum Grenzverlaf eng ganz Kultur zerrappt, wouduerch et zu Massakeren an Duerfgemeinschafte komm ass, déi bis dato friddlech zesumme gelieft hunn. Op mannst 200.000 Mënsche sinn dobäi ëm d’Liewe komm. Fënnef Milliounen Hinduen a Sikhs sinn an Indien geflücht, selwecht mat de ville Moslemen, déi a Richtung Pakistan gerannt sinn.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Attentat, Fräiheetskämpfer, Hongersträik, Indien, Mahatma Gandhi, Pakistan, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel