Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cooltongue
Ëmmer méi Leit léiere Lëtzebuergesch. Elo kéint et zu enger offizieller EU Sprooch ginn!
Neiegkeeten

Ëmmer méi Leit léiere Lëtzebuergesch. Elo kéint et zu enger offizieller EU Sprooch ginn!

Et ass eng Sprooch déi vu manner wéi 400.000 Mënsche

Parlamentaresche Bilan DP: „Mir wëllen an der Verantwortung bleiwen“
Neiegkeeten

Parlamentaresche Bilan DP: „Mir wëllen an der Verantwortung bleiwen“

„Et ass keen definitive Bilan, well mir wëllen och an

angry
Rechtsstaat: d‘EU fuerdert vu Warschau Kloerheet
Neiegkeeten

Rechtsstaat: d‘EU fuerdert vu Warschau Kloerheet

De Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Frans Timmermans, huet um Mëttwoch

What the Fakt – d’Mauer fält, Däitschland ass nees vereent!

What the Fakt – d’Mauer fält, Däitschland ass nees vereent!

28 Joer laang war Ost- a Westdäitschland duerch eng Mauer getrennt.De Mauerfall um 9. November 1989 ass d’Enn vun der Spléckung vun Däitschland. Un dësem Owend huet den Zentralkomité-Sekretär Günter Schabowski, um Enn vun enger Pressekonferenz, bäileefeg eng nei Reegelung fir d’Reese vun den DDR-Bierger bekannt ginn.

D’Mauer war d’Symbol vir d’Ofgrenzung tëschent dem Osten a Westen an hire komplett verschiddene politesche Systemer. No groussem Drock vun der Bevëlkerung ass iwwert een neit Reesgesetz ofgestëmmt ginn, wat awer eréischt no an no sollt agefouert ginn.

Nodeems den ARD dem Schabowski seng Ried ënnert dem Titel „d’DDR mëscht d’Grenzen op“ausgestraalt huet, hu sech d’Bierger vum Osten a Westen direkt bei der Mauer zesumme fonnt, fir vum neie Gesetz Gebrauch ze maachen. D’Mënschemasse sinn ëmmer méi grouss ginn, d’Grenzzaldoten haten awer nach keng Instruktioune kritt.

Fir den Drock vum Vollek liicht ze miniméieren hunn d’Zaldote bei der Bornholmer Strooss géint 21:20 Auer ugefaangen déi éischt DDR-Bierger no West-Berlin ausreesen ze loossen. Kuerz viru Mëtternuecht war den Ustuerm awer esou grouss, datt trotz mangelnden Uweisungen zirka 20.000 Mënschen ouni Kontroll iwwert d’Bösebréck gelooss gi sinn.

Am Verlaf vum Owend si schliisslech och déi aner Grenziwwergäng opgemaach ginn, wouduerch des politesch Verännerung als Mauerfall deklaréiert gouf. Um 22. Dezember 1989 ass schliisslech och den Iwwergang beim Brandenburger Tor fir d’Bierger opgemaach ginn. Vu Juni bis November 1990 huet schlussendlech d’Ofrappe vun der Mauer ugefaangen. E puer Leit hu sech schonn deemools ee Stéck vum Symbol vum Kale Krich mat Heem geholl.

Haut kann een de Verlaf vun der Mauer iwwer 20 Kilometer am Zentrum vu Berlin novollzéien, duerch eng duebel Paweessträif um Buedem vun der Stad. Ganz erhalen Deeler, mat immenser Stroossekonscht kann een bei der East Side Gallery bewonneren.

Berliner Mauer

Do wou emol d’Mauer war verleeft elo eng Paweessträif.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Berlin, Berliner Mauer, Günter Schabowski, Mauerfall, Ostdäitschland, Westdäitschland, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel