Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Verzweiwels du un eisem Lëtzebuergesch-Test?
International Kultur Neiegkeeten Stories

Verzweiwels du un eisem Lëtzebuergesch-Test?

Och am Lëtzebuergesche gëllt dat, wat op ville Plaze gëllt:

Reduzéierten Asaz vu Pestiziden: Wann et muss sinn gëtt dat ageklot
International Kultur Neiegkeeten Stories

Reduzéierten Asaz vu Pestiziden: Wann et muss sinn gëtt dat ageklot

Beim Mouvement Ecologique (MECO) ass de Gedoldsfuedem gerass. Schonn zanter

De Pappe-Congé op zéng Deeg verlängert
International Kultur Neiegkeeten Stories

De Pappe-Congé op zéng Deeg verlängert

Gutt Nouvellen a se kommen direkt aus dem Mond vum

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vum Merci!

What the Fakt – Haut ass internationalen Dag vum Merci!

Dir Dammen an dir Hären, haut geet et net ëm de Schockela vu Storck. Nee, haut geet et ëm d’Wuert „Merci“ a Gemeinschaft mam dozou gehéierege Gefill, ganz am Zeeche vun der Dankbarkeet. Wat et domadder op sech huet, gitt Dir den Ament gewuer.

All Joer feiere Mënsche weltwäit um 11. Januar den internationalen Dag vum Merci. An enger Welt, déi zum Groussdeel vu schlechten Noriichte gepräägt ass, bitt dëse Feierdag eng flott Ofwiesslung. Generell geet et dorëm, datt mir all mëttlerweil villes vir selbstverständlech huelen an dobäi de Merci of ze kuerz kënnt. Dobäi weist gutt Behuelen an Dankbarkeet sech an éischter Linn an de Wierder, déi de Mënsch benotzt.

Déi genau Originne vun dësem Dag bleiwen onbekannt. Déi meescht Quelle ginn awer dovunner aus, datt et eng Erfindung vun der Gléckwonsch-Kaarten-Industrie ass fir hire Verkaf ze fërderen. Aner Portaler beruffen sech dorobber ze wëssen, datt de Feierdag aus Mendota, Illinois kënnt. Sou soll d’Adrienne Sioux Koopersmith den Dag 1994 agefouert hunn, wou et och een Blogbeitrag vun 2012 gëtt, wou d’Madamm d’Urheberschaft bestätegt.

Ee Merci ass sou einfach!

Et ass schnell a liicht erkläert, wat haut ze maachen ass: einfach MERCI soen. Dobäi sollt een als éischt emol bei sech selwer ufänken. Richteg héieren! Soot Iech selwer Merci fir ärt Liewen, fir d’Fräiheet, de Fridden, är Aarbecht an är Gesondheet. All dat huele mir ze selbstverständlech, woubäi et sou ville Leit am Rescht vun der Welt immens schlecht geet, se un Aarmut, Krankheet oder extreme Konflikter leiden.

Am private Beräich kann een d’Dankbarkeet dann méi intensiv ausliewen. Sot ärer Famill, enke Frënn a gudden Aarbechtskollegen, Noperen a Bekannte Merci, datt se fir Iech do sin an hëllefen, wann Dir se braucht.

Als nächst kommen déi kleng Gesten am Alldag. Och déi Leit, déi eis Dag fir Dag am Restaurant, an de Geschäfter oder am Cafe beschtens versuergen e bedéngen hunn ee Merci verdéngt. Grad bei hinnen als Déngschtleeschter wier et ubruecht mat Respekt a Frëndlechkeet ze agéieren, wëll och si sinn just Mënschen, déi Dag fir Dag mat onfrëndleche Clienten ze dinn hunn a selwer trotzdeem ëmmer de Client als Kinnek ugesi mussen.

„Maacht et zu enger Gewunnecht Leit Merci ze soen. Fir är Wäertschätzung éierlech an ouni Erwardung, eppes dofir zeréck ze kréien, auszedrécken. Appreciéiert déi Leit ëm Iech a schnell wäert Dir vill Gläichgesënnter ëm Iech fannen. Appreciéiert d’Liewen a schnell wäert Dir mierken, datt dir méi dovun hutt.“ – Ralph Marston

De Gest zielt

Et geet net dorëm, mat Cadeauen seng Dankbarkeet auszedrécken, mee einfach mat engem Wuert. Wëll si sinn vu gréisserer Bedeitung a Wäert, wéi all Objet op der ganzer Welt. Et sollt awer net eleng bei dësem Dag bleiwen, mee eng Gewunnecht sinn, mat Respekt, Frëndlechkeet a Verstees-de-mech duerch d’Welt ze treppelen an d’Matmënschen anstänneg ze behandelen.

Och op Social Media kann ee seng Dankbarkeet ausdrécken. Heivir muss ee ganz einfach #ThankYouDay bei sengem Bild dobäi setzen.

Wat mir Iech nach matdeele wëllen

Bei dëser Geleeënheet loossen och mir vu MOIEN! Eis et net entgoen, fir Iech, eisen treie Lieser a Lieserinnen Merci ze soen. Ouni Iech, är Kritiken an Umierkungen, är Reaktiounen a virun allem är Zäit, déi Dir an d’Liese vun eisen Artikelen investéiert, wir dëse Projet net méiglech. Mir freeën eis all Kéier dorop, vun Iech ze héieren. Sief et eng gutt oder schlecht Kritik, just esou kënne mir als Firma wuessen a léieren. Hei zielt den Zesummenhalt! An dofir sprieche mir eis Dankbarkeet aus, fir dat annerhalleft Joer, wat mir bis elo mat Iech haten!

Merci

D’Moien-Equipp seet Iech Merci!

Quellen:

Ähnlech Sujeten Dag vum Merci, Dankbarkeet, Frëndlechkeet, Merci, moien.lu, Respekt, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel