Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen
Neiegkeeten

Séisse Bäigeschmaach: D’Universitéit a Ferrero schaffen zesummen

Um Dënschdeg huet d‘Universitéit vu Lëtzebuerg e neien Accord mat

Jemen um Rand vum Ënnergang
Neiegkeeten

Jemen um Rand vum Ënnergang

Laut engem aktuelle Faktencheck vun der UNO, benéidege 70% vun

Tacheles: CGFP: Déi sozial Dimensioun vun Europa elo stäerken
Neiegkeeten

Tacheles: CGFP: Déi sozial Dimensioun vun Europa elo stäerken

An erëm geet e Joer zu Enn. Laut dem Statec

What the Fakt – Metallica verëffentlecht virun 19 Joer den Album „S&M“

What the Fakt – Metallica verëffentlecht virun 19 Joer den Album „S&M“

Mat 120 Millioune verkaafte Placke sinn si déi erfollegräichst Heavy Metal Band weltwäit. Um 23. November 1993 konnten sech d’Fans endlech d’Lidder vum 9. Album mam Numm “S&M” ulauschteren. Et war ënnert anerem awer och den zweete Live-Album fir Metallica, den zesumme mam Michael Kamen an der San Francisco Symphony entstanen ass.

Fir d’Bandmembere war et een Experiment fir hiren Horizont ze erweideren. Schonn 1983 hu si mam Album „Kill’ Em All“ bewisen, datt si Pionéier an der rockeger Musekszeen sinn, andeems si Trash Core Elementer mat agebaut hunn. „S&M“ gehéiert net zu hire revolutionäre Leeschtungen, an awer ass et ee flott Experiment gewiescht mat vill Ënnerhalung, musikalescher Villfalt an enger Mëschung aus Metal a Klassik.

Wien hei eralauschtert fënnt eng Auswiel u Lidder vun alle Virgänger-Alben, ausser „Kill ‘Em All“, mat awer zwee neie Songs. Den Album S&M, deen sech net, wéi déi meescht elo denke wäerten, vum Numm hir u sexuell Aktivitéiten uleet, mee fir „Symphony and Metallica“ steet, zielt d’Songs „No Leaf Clover“ an „Human“ zu sengen neien Errongenschaften.

Metallica

Metallica Memberen (v.l.n.r.) Jason Newstead, Kirk Hammett, Lars Ulrich and James Hetfield mat hirem Präis um 25. Januar 1993 bei den 20. American Music Awards zu Los Angeles.
© Photo by VINCE BUCCI / AFP

D’Kollaboratioun mat engem Orchester war hei dem Kamen seng Iddi. Nodeems hien um Akustik Remix vun „Nothing Else Matters“ matgeschafft huet, wollt hien onbedéngt eng Mëschung aus haardem Heavy Metal an doucen Orchesterkläng woen. Oft ginn esou Kollaboratioune vun de Fans kritesch ugesinn, net esou bei Metallica.

An der éischter Woch si ronn 300.000 Albe verkaaft ginn an d’Band ass domat op Platz 2 vun de Billboard Charts geklommen. Am Januar 2000 huet Metallica schliisslech véier Mol Platin erhalen, zwee Joer drop souguer nach fënnef Platin-Auszeechnungen.

Iwwert d’Grënnung vun der Band

Metallica ass um 28. Oktober 1981 zu enger Zäit gegrënnt ginn, wou den entschlofenen Heavy Metal, duerch Bands wéi Iron Maiden, nees opgeblitt ass. Vu klengem un war et dem Batteur Lars Ulrich säin Dram eng Bannd ze grënnen. Esou reagéiert hien, no sengem Ëmzuch a Kalifornien, op eng Annonce vum James Hetfield, Gittarist a Sänger vun der Band. Déi zwee Kärel zéien de Ron McGovney als Bassist, an den Dave Mustain als Gittarist mat an d’Boot an huelen hir Demo „No Life ‘Til Leather“ op. Kuerz Zäit iwwerhëllt de Cliff Burton d’Roll vum Bassist.

Hiren alleréischten Album „Kill ‘Em All“ sprengt all Regëster an bréngt Metallica den Erfolleg, den si sech ëmmer erhofft hunn. Och haut nach 37 Joer no der Grënnung, touren si duerch d’Welt a begeeschteren d’Heavy Metal Fans, fir déi si Musekslegende sinn. Op Metallica-Unhänger oder net, et muss een zouginn, datt „Nothing Else Matters“ eent vun de schéinsten a beandrockendste Lidder ass, déi jeemools entstane sinn.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Album, Heavy Metal, Live, Metallica, S&M, San Francisco Symphony, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel