Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass eng Fusioun tëscht FNCTTFEL an OGBL sënnvoll? (ee Gedanken)
Neiegkeeten

Ass eng Fusioun tëscht FNCTTFEL an OGBL sënnvoll? (ee Gedanken)

D‘Eisebunnergewerkschaft FNCTTFEL – déi am Volleksmond de „Landesverband“ genannt gëtt

Visitt vun de Léifsten an den Alters-a Fleegeheemer nees méiglech
Neiegkeeten

Visitt vun de Léifsten an den Alters-a Fleegeheemer nees méiglech

Gëschter am Nomëtteg huet d’Familljeministesch Corinne Cahen matgedeelt, datt Visitten

geek
Selwer Mario-Levelen designen: Super Mario Maker 2
Neiegkeeten

Selwer Mario-Levelen designen: Super Mario Maker 2

Wie schonn ëmmer eng Kéier den italienesche Blechschléier mam markante

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!

Um 18. November 1928 war d’Gebuertsstonn vun der bekanntster Figur vu Walt Disney. D’Micky Maus ass virun genau 90 Joer am New Yorker Universal’s Colony Theater fir eng éischt Kéier presentéiert ginn an ass säithier d’Symbol vun eiser Kandheet.

Den haitegen Broadway Theater ass d’Nummer 1 an Amerika wann et ëm Filmer a Shows geet. Do ass et och kee Wonner, datt genau dës Lokatioun fir déi éischt schwaarz-wäiß Projektioun vum Film mat der schwaarzer Maus mat de grousse ronnen Oueren ausgewielt ginn ass. Dësen ëffentlechen Tounfilm-Optrëtt vum Mickey leet d’Gebuertsstonn vun der Figur an.

Scho siwen Méint virdrun ass d’Maus ënnert dem Numm Mortimer Mouse beim Stommfilm „Plane Crazy“ opgedaucht. Allerdéngs war dëst just eng Testvirféierung, déi wéinst der Verëffentlechung vun engem anere Film zeréck gestallt ginn ass.

E puer interessant Fakten iwwert dat klengt Déierchen

  1. Och dem Micky seng Frëndin, d’Minnie Maus, an de béisen Kater Karlo sinn beim Film eng éischte Kéier opgedaucht.
  2. Och wann déi déieresch Koppel scho 60 Joer verloobt ass hu si sech bis haut ni bestuet.
  3. Laut Walt Disney soll d’Maus 1,20 Meter (4 Fouss) grouss sinn.
  4. Dem Micky seng éischt Wierder waren net „Hey ech sinn de Micky“ mee witzegerweis „Hot Dogs“, duerch dem Walt Disney seng Leidenschaft fir dëst Iessen.
  5. D’Maus hat net ëmmer Händschen un. Eréischt 1929 am Film „The Opry House“ huet een den wäissen Accessoire fir déi éischt Kéier un ëm gesinn, fir d’Déier an de schwaarz-wäiß Filmer vum Hannergrond ofzehiewen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Disney, Film, Mickey Maus, Micky Maus, Walt Disney, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel