Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Venezuela schéckt EU-Ambassadrice heem
International Kultur Neiegkeeten Stories

Venezuela schéckt EU-Ambassadrice heem

Nodeems Bréissel weider Sanktioune géint dat südamerikanescht Land verhaangen huet

Katalounien: Eng Paus fir d‘Onofhängegkeet
International Kultur Neiegkeeten Stories

Katalounien: Eng Paus fir d‘Onofhängegkeet

„D‘Onofhängegkeet? Suspendéiert!“: dat waren d‘Wieder déi um Dënschdegowend e bëssen

Ieweschten US-Geriichtshaff: ass dem Trump säi Kandidat e Sexualtäter?
International Kultur Neiegkeeten Stories

Ieweschten US-Geriichtshaff: ass dem Trump säi Kandidat e Sexualtäter?

Si hunn et an de Bistroen, am Bus, am Auto

What the Fakt – Dräi Deeg Summer a Léift um Monterey Pop Festival!

What the Fakt – Dräi Deeg Summer a Léift um Monterey Pop Festival!

De Monterey Pop Festival a Kalifornien gëtt oft als Ufanks-Evenement vun der Hippie-Kultur duergestallt. Anescht wéi de berühmte Woodstock Festival, ass dëst musikalescht Erliefnis, dat vum 16. bis den 18. Juni 1967 organiséiert ginn ass, just bei Insidere bekannt. Zesumme mam Jimy Hendrix, The Who an dem Janis Jopin ass esou an eng nei Ära vun de Rockfestivalen eragefiert ginn.

Am kalifornesche Monterey, ronn 200 Kilometer südlech vu San Francisco hunn dräi Dose Gruppen zesummen ee fräit Liewensgefill eriwwerbruecht a soumat den Héichpunkt vum „Summer of Love“ geschaf. De Monterey Pop Festival gëllt als musikaleschen Initiateur vun der Hippie-Beweeung an der Pop-Musek.

Um Ufank steet eng Iddi

De Werbemanager Derek Taylor ass viru laanger Zäit op den John Phillips vun der Band The Mamas and the Papas getraff. Zesumme mam Paul McCartney vun de Beatles an dem Musekproduzent Lou Alder wollt een, datt de Rock a senger ganzer Konscht-Form unerkannt gëtt an een net Liicht op der Géigend wërft, déi eigentlech bekannt ass fir seng Jazz-Festivalen.

Zur Zäit vum Vietnam-Krich an dem domat verbonnenen Opkomme vun dem alternative Liewensstil vun den Hippien huet ee sech nom „Human Be-In“ vum Januar 1967 am Golden Gate Park, deen iwwer 40.000 Visiteuren ugezunn huet, fir een eegene Festival duerchgerong.

Un den dräi Deeg sinn insgesamt 200.000 Musek-Fans op de kreesfërmege Foire-Terrain komm, fir esou den Monterey Pop Festival mat ze erliewen. Mat enger Bühn fir d’Museker, der Tribün fir de Publikum an déi generell ronn Form vum Site ass engem dës Plaz wéi een Amphitheater eriwwer komm. Duerch déi gutt Vernetzung an der Musek-Zeen vun der Organisateure war et fir si ee Klacks, fir Fotografen, Reporter, Funk a Fernseher op d’Plaz ze lackelen.

Monterey Pop Festival

International Monterey Pop Festival 1967 © Monterey Pop Festival

Wat ee Programm!

An Erënnerung bliwwen ass besonnesch den Optrëtt vum Eric Burdon a senger Band The Animals, als wichtegst Vertrieder vum Psychedelic Rock, sou wéi de Concert vun den Englänner vun The Who, déi engem mat hirer haarder Musek dem Tinitus ee Stéck méi no bruecht hunn.

Dës weidere ware folgend Band a Museker mat dobäi: The Association, The Paupers, Lou Rawls, Beverly, Johnny Rivers, Simon & Garfunkel, Canned Heat, Big Brother an d’ the Holding Company, Country Joe and the Fish, Al Kooper, The Butterfield Blues Band, Quicksilver Messenger Service, Steve Miller Band, The Electric Flag, Moby Grape, Hugh Masekela, The Byrds, Laura Nyro, Jefferson Airplane, Booker T. & the M. G.’s, The Mar-Keys, Otis Redding, Ravi Shankar, Blues Project, Big Brother and the Holding Company, The Group With No Name (Cyrus Faryar), Buffalo Springfield, Grateful Dead, The Jimi Hendrix Experience an de Scott McKenzie.

All d’Kënschtler hunn dobäi op hir Gage verzicht a wollte just de Fluch an Hotel bezuelt kréien. De Gewënn vum Festival ass – getrei der Hippie-Kultur – fir de gudden Zweck gespent ginn. Duerch den immensen Erfolleg huet ee probéiert, och an de Joren duerno de Festival weider liewen ze loossen. Scheitere sollt et allerdéngs duerch de Widderstand vun der Stadverwaltung.

Den Optakt vun den internationale Musek-Festivallen

Fir den Himi Hendrix, d’Janis Joplin an The Who huet mam Optrëtt um Monterey Pop Festival hir steil Karriär ugefaangen. Donieft markéiert de Festival awer och de Start vun der „Summer of Love“ Beweegung an déi domat verbonne laang Rei u Rock- a Pop-Festivals. Zwee Joer méi spéit ass nämlech an den USA de weltbekannte Woodstock oder och den Isle of Wight am Joer 1968 organiséiert ginn. Mëttlerweil zeien Evenementer wéi Rock am Ring, Wacken Open Air, Super Bock Super Rock, Lollapalooza oder och den Azkena Rock Festival all Joer dausende Musek-Fans un!

Ähnlech Sujeten Concert, Festival, Hippie-Kultur, Janis Joplin, Jimi Hendrix, Monterey Pop Festival, The Who, What the Fakt, Woodstock
Nächsten Artikel Virrechten Artikel