Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Italienesch Regierung setzt Rentereform ëm a féiert Biergerakommes an
International Neiegkeeten https://moien.lu/100-procent-gratis-dating-sites/

https://moien.lu/csgo-3v3-matchmaking/

Um spéiden Donneschdegowend war et beschloss: Milliounen Italiener solle vun

cancer woman dating a libra man
D‘Scholdekris a Griicheland geet op en Enn
International Neiegkeeten https://moien.lu/100-procent-gratis-dating-sites/

D‘Scholdekris a Griicheland geet op en Enn

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg hunn

„LALA – Lauter lëschteg Lauter“ soll d’Liesen an der Spillschoul fërderen
International Neiegkeeten https://moien.lu/100-procent-gratis-dating-sites/

„LALA – Lauter lëschteg Lauter“ soll d’Liesen an der Spillschoul fërderen

D‘Fuerscher vun der Uni-Lëtzebuerg hunn e wëssenschaftlech gepréifte Lies-Programm fir

What the Fakt – Ee fir all, all fir een mat der NATO?

What the Fakt – Ee fir all, all fir een mat der NATO?

Säit der Grënnung vum militäresche Bündnis vun der NATO sinn elo op den Dag genau 70 Joer vergaangen. Den Zesummeschloss vun 28 nordamerikaneschen an europäesche Staaten soll heibäi fir Fräiheet a Sécherheet vun de Memberen duerch politesch a militäresch Moossname suergen, an donieft demokratesch Wäerter, sou wéi d’Vertrauensbild fërderen.

Zur Zäit vum Kale Krich waren natierlech déi grouss Muechte Russland an Amerika am Klinsch. Als Äntwert op d’Bedrohung vu Russland hunn 12 Staaten sech zesummegedoe fir um 4. Abrëll 1949 d’NATO (North Atlantic Treaty Organization) ze grënnen. Esou ware bei der éischter Stonn vum Bündnis d’USA, d’Belsch, Dänemark, Frankräisch, Groussbritannien, Island, Italien, Kanada, Lëtzebuerg, Holland, Norwegen a Portugal dobäi.

De Vertrag vu Washington, oder och Nordatlantikpakt – wat jiddwerengem als NATO-Vertrag bekannt ass – gesäit fir, datt am Fall vun engem Ugrëff d’Memberstaate militäresche Bäistand leeschten. Dobäi kann all Land selwer entscheeden, ob a wéi gehollef gëtt. Esou kann ee beispillsweis Hëllef duerch Militär bidden oder och Sanitäter op d’Plaz schécken an esou netmilitäresch Moossnamen ergräifen.

Den Eeschtfall um 11. September

Wou jorelaang net besonnesch vill virgefall ass, do huet d’Allianz sech missen zesummendoen, fir esou op déi terroristesch Uschléi vum 11. September 2001 zu New York a Washington ze reagéieren. Nëmmen een Dag méi spéit ass decidéiert ginn, sech zur Wier ze setzen. Doduerch si beispillsweis däitsch Zaldoten an den Afghanistan geschéckt ginn. Nom kollektive Selbstverdeedegungsprinzip, den am Artikel 5 vum Washingtoner Vertrag festgehalen ass, ass een Ugrëff géint een oder méi Memberstaaten nämlech een Ugrëff op se all.

Am Hierscht 2001 ass de Militär géint den Taliban-Regimm vum Osama bin Laden virgaangen an huet d’Ausliwwerung vum al-Qaida-Führer verlaangt. Ziel war et, d’Terrororganisatioun ze vernichten.

Natierlech souz ee scho virdrun net faul ronderëm. D’Grondprinzip läit schliisslech am Erhalt vun der Sécherheet am europäesche Raum. Am Kader vum Jugoslawiekrich war d’NATO beispillsweis am Asaz oder och am Joer 1999 beim KFOR-Asaz (Kosovo Force).

Wéi ass et viru gaangen?

Mëttlerweil zielt d’NATO 28 Memberstaaten. Am Joer 1952 sinn zu de Grënnungsmemberen nämlech d’Tierkei a Griicheland, 1955 Däitschland, 1982 Spuenien an 1999 Polen, Tschechien an Ungarn dobäi komm. Fënnef Joer méi spéit hu sech Bulgarien, Estland, Lettland, Litauen, Rumänien, d’Slowakei a Slowenien dozou gesellt. Erweidert ginn ass d’NATO um 1. Abrëll 2009 duerch Albanien a Kroatien. Als Lescht ass 2017 de Montenegro dozou gestouss.

D’Bezéiung tëscht Russland an der NATO

Säit dem Kale Krich ginn et ëmmer erëm Spannungen tëscht dëse Staaten. No der „Oranger Revolutioun“ am Joer 2004 an der Ukrain hu sech d’Bezéiungen tëscht Russland an de Memberlänner vun der NATO nees verschäerft. Dräi Joer drop huet de Putin ënnerstrach, datt hien d’Abezéie vun der Ukrain an d’Bündnis als immens Provokatioun ugesäit. Schliisslech wier dës Aktioun och een Agrëff an eng Bedreeung an d’Sécherheet vu sengem Land.

De Staatspresident Putin warnt ëmmer nees mat neier Oprëschtung. Eleng am Joer 2009 huet déi russesch Regierung 33. Milliounen Euro, wat 4% vu russesche BIP sinn, fir militäresch Zwecker ausginn. Dës Spannunge wäerten och zukünftegt wuel nach viru goen.

Ähnlech Sujeten 70 Joer, Friddensmissiounen, NATO, Nordatlantikpakt, North Atlantic Treaty Organization, Russland, Sécherheet, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel