Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

rout-rout-gréng Koalitioun: Eng kloer Fuerderung un d‘Sozialisten an déi gréng
individual dating

rout-rout-gréng Koalitioun: Eng kloer Fuerderung un d‘Sozialisten an déi gréng

E Sonndeg ass et esou wäit, da gëtt gewielt. Fir

satu mare dating
individual dating

adam ruins dating

Si ass déi regional Virsëtzend vun der gréisster Oppositiounspartei an

Winterlights 2018 – Gläich geet et erëm lass mat de Chrëschtmäert
individual dating

Winterlights 2018 – Gläich geet et erëm lass mat de Chrëschtmäert

Vum 23. November bis de 24. Dezember wäert een op

What the Fakt – den Alexander von Humboldt an d’Nordliichter

What the Fakt – den Alexander von Humboldt an d’Nordliichter

Aurora Borealis – esou ginn déi wonnerschéi faarweg Liichter um Himmel vun der Nordhallefkugel och nach genannt. An der Nuecht vum 19. op den 20. Dezember konnt den Alexander von Humboldt d’Naturphenomen fir eng éischt Kéier zu Berlin beobachten. Haut virun 212 Joer huet hien seng Entdeckung engem Physiksprofesser matgedeelt.

Et ass eent vun de schéinsten Naturspektakelen, déi et op eiser Äerd gëtt. Déi gréng, rosa a blo Liichter sinn dofir bekannt, éischter an den nordeschen a skandinavesche Regioune bestaunt ginn ze kënnen. A seelene Fäll ass dëst awer och an Europa, wéi an dësem Fall zu Berlin, méiglech.

„Géint 10 Auer hu mir bemierkt […] ee Lichtbou, den 2° 38′, an eng giel-rout Faarf hat. De ganzen Himmel war ouni Wolleken an azurblo“, esou beschreift den von Humboldt d’Naturschauspill a sengem Bréif un de Physiker. Wärend véier Stonne konnten hien a säi Mataarbechter, den Jabbo Oltmanns, dat Ganzt studéieren.

Säi Liewen huet sech staark un d’Polarliichter gericht. A villen Disserten an Artikelen huet hien et scho beschriwwen an ënnersicht. Dobäi goung et him awer net ëm déi physikalesch Erklärung vum Spektakel, mee méi ëm den Afloss vum Liichtmeteor op d’Magnéitnol.

Polarlicht

D’Nordliichter am Süden vun Island – ee stärekloeren Himmel, ganz ouni Liichtverschmotzung, dofir awer mat engem hypnotiséirenden, gréngen Liichtbou.
© Shari Pleimelding/moien.lu

Genuch Geschicht – elo méi zum Liicht

De laténgeschen Numm „Aurora Borealis“ ass zesumme gesat aus dem Numm „Aurora“, vun der Göttin vun der Morgenröte am ale Roum, an „Borealis“ wat „nërdlech“ heescht. Eis Sonn schéckt dauernd Sonnewand aus elektresch geluedenen Deelercher lass, déi awer ënnerschiddlech Stäerkten hunn. Wann si op d’Äerd kommen, gi si duerch eist Magnéitfeld ëmgeleet. Doduerch, datt d’Magnéitfeld vun eisem Planéit a Réng verleeft, ginn d’Sonnendeelercher a Richtung Nord- oder Südpol geschéckt.

Duerch eng chemesch Reaktioun stralen d’Sonnendeelercher Liicht aus. Iwwregens entstinn déi verschidde Faarwen duerch ënnerschiddlech Héichte vun den Atomer. Sinn d’Sauerstoffatomer beispillsweis op enger Héicht vun 100 Kilometer, liichten se gréng, bei 200 Kilometer geet d’Faarf da Richtung rout. Stéckstoffatomer gi mooft oder blot Liicht of.

Verschidde Regiounen – aner gëttlech Opfaassungen

Fréier hunn d’Mënschen d’Polarliichter als gëttlech Zeeche beschriwwen. Dobäi hat awer all Kultur oder Vollek seng eegen Erklärung fir d’Naturphenomen. Wëll d’Spektakel bei den ale Réimer a Griichen enorm seele war, hu si et als Resultat vu grousse vergaangene Kricher vun alen Helde gefeiert.

D’Inuit dogéint gleewen, d’Liicht danzt, an dat duerch Kanner, déi bei der Gebuert verstuerwe sinn. Dat nordamerikanesch Vollek vun den Alqouin dogéint seet, datt hire Schöpfer, nodeems en d’Welt erschaf huet, an den Norde gereest ass an ee Feier gemaach huet. D’Reflexioun vum Feier, wat een als Polarliicht gesäit, soll un d’Léift zu sengem Vollek erënneren.

Alles an allem muss een einfach zouginn, datt d’Polarliichter déi enorm Schéinheet vun eiser Natur ënnersträichen. Et kann een nëmme jiddwerengem uroden, dëst Naturspektakel ee Mol a sengem Liewe gesinn ze hunn a sech esou vum liichtenden Himmel faszinéieren ze loossen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Alexander von Humboldt, Aurora Borealis, Magneitfeld, Naturspektakel, Nordliicht, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel