Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CSJ: Deene jonken eng reell Chance bidden
International Kultur dating sites look up dating girl divorced parents

confused dating quotes

De „Conseil Supérieur de la Jeunesse“ (CSJ) hat rezent dem

money
Prognose: Lëtzebuerger Sozialversécherungssystemer ze deier, seet den CNFP
International Kultur dating sites look up dating girl divorced parents

Prognose: Lëtzebuerger Sozialversécherungssystemer ze deier, seet den CNFP

De nationale Rot fir ëffentlech Finanzen (CNFP) huet bei senge

SNCT reagéiert op Kritik mat engem Communiqué
International Kultur dating sites look up dating girl divorced parents

SNCT reagéiert op Kritik mat engem Communiqué

Iwwert de Beholl vun der Privater Entreprise mat ëffentlechem Kapital,

What the Fakt – Wat ass da Péngschtméindeg?

What the Fakt – Wat ass da Péngschtméindeg?

Och haut ass nees Feierdag, fir genau ze si Péngschtméindeg, an esou kann een vun der Fräizäit profitéieren, fir emol endlech auszeschlofen, ee rouegen Dag ze genéissen, oder eben och am Stau ze stoen. Wisou gëtt dësen Dag dann iwwerhaapt gefeiert?

Péngschten ass ee kathoulescht Fest an ee gesetzleche Feierdag. Ganzer 7 Wochen no Ouschtere gëtt dësen Dag zelebréiert, woubäi et nieft Ouschteren a Chrëschtdag eent vun de wichtegste Festivitéiten am Chrëschtentum ass. D’Wuert gëtt dobäi vum griicheschen „pentekoste“ ofgeleet, wat esou vill bedeit wéi „de 50. Dag“ (säit der Operstéiung Jesu).

Laut der Bibel solle sech dem Jesus seng Jénger zu Jerusalem getraff hunn, wou d’Bevëlkerung kräfteg um Feiere war. Si hu sech alerdéngs decidéiert, enk zesummen ze bleiwen an ze bieden, aus Angscht, datt déi Männer, déi hire Kolleg ëmbruecht hunn, elo och si fänken an hiriichten. Do soll awer anscheinend den Hellege Geescht vum Himmel erof komm sinn, fir de Jénger d’Sprooch ze schenken.

D’Fäegkeet endlech schwätzen ze kenne gëtt als Péngschtwonner bezeechen. Hinne war et nämlech elo méiglech der Bevëlkerung d’Evangelium ze presentéieren. Soumat ass Péngschten den Ufank vun der Missionéierung an der Kierch u sech, sou wéi och dat definitiivt Enn vun der Ouschterzäit.

Wat maachen?

Wien net grad op der traditioneller Päischtcroisière ass, dee kritt och zu Lëtzebuerg ee räichhaltege Programm fir de fräien Dag gebueden:

  • Stroossemaart – zu Munneref
    Ab 09:00 Auer
    Avenue des Villes Jumelees 1

  • Bleechfest – an der Fiels
    Ab 10:00 Auer
    Place Bleech

  • Veiner KonschTour
    De KonschTour ass en Trëppelwee duerch d’Stad an d’Natur vu Veianen a bréngt de Wanderer op interessant Plaze wou ee Konschtausstellungen vu renomméierte Lëtzebuerger Kënschtler an senger Groussregioun entdecke kann.
    Ab 10:00 Auer
    Impasse Léon Roger 6

  • Si je ne m’abuse – Banannefabrik Lëtzebuerg
    Wat ass eigentlech aus dem Dr. Mabuse ginn? De Superschuerk mat hypnotesche Fäegkeeten, de gerëssene Manipulateur, den astronomesch Zomme Geld verréckelt, den onfaassbare Verbriecher, dee Mënsche verschwannen an der ganz Stad ziddere léisst, ass virun 99 Joer vum Lëtzebuerger Auteur Norbet Jacques geschaf ginn.
    Entrée ass um 20:00 Auer
    Rue de Puits 12

  • Welshly Arms – an der Escher Rockhal
    Bekannt ass d’Band Welshly Arms duerch hiren Hit „Legendary“. Haut spillen si an der Rockhal!
    Avenue du Rock’n’Roll 5
Ähnlech Sujeten Bibel, Gebuert vun der Kierch, Jesus, Kierch, Péngschtméindeg, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel