Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

crying
Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann
Neiegkeeten

Etüd: 36 Millioune Mënschen op der Welt si blann

Enger um Donneschdeg verëffentlechter Etüd no, waren 2015 weltwäit 36

tonguemoney
Den Donald Trump besteiert den Import vum Stol an Aluminium
Neiegkeeten

Den Donald Trump besteiert den Import vum Stol an Aluminium

D‘Ukënnegung vum US-President, ab e Méindeg den Import vu Stol

Chrëschtbeemchen: Brennt e schonn oder hues de nach keen?
Neiegkeeten

Chrëschtbeemchen: Brennt e schonn oder hues de nach keen?

Mer hunn den éischten Dezember, den éischte Schnéi huet d‘Landschaft

What the Fakt – Presidenten, déi an den USA un dësem Dag an der Vergaangenheet gewielt gi sinn

What the Fakt – Presidenten, déi an den USA un dësem Dag an der Vergaangenheet gewielt gi sinn

Abraham Lincoln, John F. Kennedy, George Bush oder Donald Trump: eis all sinn dës Nimm bekannt, déi mir direkt mat de Presidente vun den USA a Verbannung bréngen. Iwwert hir Kompetenz an der Politik léisst sech streiden, mee eppes haten si gemeinsam. Déi véier Männer sinn alleguer um 8. November an der Vergaangenheet gewielt ginn.

Mat enger däitlecher Majoritéit huet 1864 den Abraham Lincoln fir déi zweete Kéier d’Wahle gewonne. De Republikaner konnt mat sengem Programm géint d’Sklaverei a fir d’Chancëgläichheet vun alle Bierger. An Amerika gëllt hien als Symbol vun der Eenheet vun der Natioun gefeiert. 1865 stierft de 16. President bei engem Attentat.

Och den John F. Kennedy, 35. President vun den USA, ass 1963 ëmbruecht ginn. Dräi Joer virdru gewënnt de jonken Demokrat de Bierger hir Stëmmen a kann esou an d’Wäisst Haus anzéien. Bis haut ass hien ee vun de beléiftste Presidenten. Do ass et kee Wonner, datt hie wéi ee Pop-Star veréiert gouf a Millioune Mënschen no sengem Dout ëm hie getrauert hunn.

1988 besiegt den Goerge W. Bush säin demokratesche Konkurrent, den Michael Dukakis. Duerch seng militäresch Aktiounen am Afghanistan an aner politesch Zieler sinn d’USA ëmmer méi onbeléift ginn. Um 11. September 2001 huet zu senger Presidentschaftszäit déi gréisst Terrorattack vun Amerika statt fonnt, bei der ënnert anerem zwee Fligeren an de World Trade Center geflu sinn, woubäi méi wéi 3.000 Mënschen ëm d’Liewe komm sinn. No engem zweete Sig bei de Wahle gëtt hien dëst Amt schlussendlech of.

An elo komme mir zum speziellste Fall vun en all. Virun zwee Joer gewënnt den Donald Trump d’Wahlen an Amerika. Trotz senge speziellen Usiichten, sengen haasserfëllte Riede géint alles wat anescht ass. Duerch de Chaos, den entstanen ass, hunn zwee Drëttel vun den US amerikanesche Bierger kee Vertraue méi an den Trump. Et kann een an dësem Fall just hoffen, datt d’Bierger sech bei den nächste Walen 2020 méi informéieren an fir eng kompetent Persoun entscheeden, déi och ee positiven Impakt fir d’Land bitt.

D’Repräsentantenhaus besteet aus 435 Sëtzer. D’Duerchschnëttsalter vun de Membere läit bei 57,8 Joer. Fir sech als Kandidat kënnen ze bewerbe muss een op mannst 25 Joer hunn a säit 7 Joer US-Bierger sinn. Insgesamt zielt de Kongress momentan 112 Fraen, wouvun 23 am Senat an 89 am Ofgeuerdnetenhaus sëtzen.

Quellen:

Ähnlech Sujeten Abraham Lincoln, Donald Trump, Geroge W Bush, John F. Kennedy, USA, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel