Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Sommet: Europaminister bereeden sech zu Lëtzebuerg vir
International Kultur https://moien.lu/indian-bride-matchmaking/ speed dating sport

online dating chancen

Um Dënschdeg hunn sech zu Lëtzebuerg d‘EU-Europaminister zesummefonnt, fir sech

„A Scene At The Sea“ am Ciné-Club um 29. Mee!
International Kultur https://moien.lu/indian-bride-matchmaking/ speed dating sport

„A Scene At The Sea“ am Ciné-Club um 29. Mee!

Den Escher Ciné-Club huet och dëse Mount nees ee fantastesche

NATO-Sommet: Et sinn och Entscheedunge geholl ginn
International Kultur https://moien.lu/indian-bride-matchmaking/ speed dating sport

NATO-Sommet: Et sinn och Entscheedunge geholl ginn

Datt dem Donald Trump, a senger rabiater Aart a Weis

What the Fakt – De Quarks & Co Moderator Ranga Yogeschwar huet Gebuertsdag!

What the Fakt – De Quarks & Co Moderator Ranga Yogeschwar huet Gebuertsdag!

Den aus Lëtzebuerg stamenden Ranga Yogeshwar feiert haut säin 59. Gebuertsdag an do kann een dësem helle Kapp just gratuléieren! Als diploméierte Physiker, Wëssenschaftsjournalist an Auteur mat indesche Wuerzelen ass hie virun allem ab den 90er Joer am däitsche Fernseh ee vun de bekanntste Gestalter a Moderatore vu wëssenschaftleche Sendungen.

Eigentlech heescht hie mam ganzen Numm Ranganathan Gregoire Yogeschwar an ass um 18. Mee 1959 am Grand-Duché op d’Welt komm. Zesumme mat sengem Zwillingsbrudder huet hien säin indesche Papp a seng lëtzebuergesch Mamm gutt op Trapp gehalen. A mat dëse Viraussetzungen hunn d’Bouwen ëmmer ofwiesselnd d’Schoul an Indien an hei am Land besicht.

Seng Premieren huet de Ranga am Lycée zu Dikrech (LCD) gemaacht, woubäi hien sech och nach um Piano am Stater Conservatoire ausbilde gelooss huet. Schlussendlech huet seng Gier no Wëssen de jonke Kärel op Oochen gezunn, fir un der RWTH erfollegräich mat engem Diplom als Physiker ofzeschléissen.

Duerch seng éischt Schrëtt als Wëssenschaftsjournalist huet de Ranga sech bei diversen Editeure bekannt gemaach, ier et dunn fir hie Richtung Radio a Fernseh gaangen ass. Déi eng Halschent vu sengem Häerz huet dobäi nach ëmmer Indien gehéiert, wou hien 1985 Konferenzen a Seminairen am Indian Institute of Science in Bangalore organiséiert huet. Knapp zwee Joer méi spéit duerft de Yogeschwar un der säit vum Jean Pütz beim WDR zu Köln ufänken an zuelräich Sendunge vun der „Wissenschaftsshow“ moderéieren.

Säit 1993 kennt wuel all passionéierte Fernseh-Kucker, deen op Sendunge mat Niveau steet, de lëtzebuergesch-indesche Moderator duerch seng Sendung „Quarks & Co“. A well en esou talentéiert war duerft e vun 1995 bis 2001 d’Programmgrupp am Beräich Wëssenschaft vum WDR leeden. Weider goe sollt et vun 2006 un mat senger Moderatioun bei „W wie Wissen“.

Nodeems hien awer dës Sendung un den Dennis Wilms ofginn huet, ass kuerz drop d’Format „Wissen vor 8“ um Bildschierm opgedaucht. An 145 Sekonne konnt den Ranga Yogeschwar mat vill Hannergrondwëssen de Publikum kuerz a knackeg mat diversen Informatioune versuergen. Zënter September 2008, wou hie seng Tätegkeet als Redakter beim WDR opginn huet, schafft de Ranga als fräiberuffleche Moderator.

Ranga

Mat léierräichen Experimenter huet hien säi Publikum begeeschtert © Axel Hindemith

Succès, Succès, Succès!

Wann ee sech de ganze Verlaf esou ukuckt, da kann ee sech net wonneren, datt de kultivéierte Kärel virun 10 Joer vun der Universitéit Wuppertal eng Éierung am Beräich Elektrotechnik, Informatiounstechnik a Medientechnik kritt huet. Kuerz drop ass säi Buch „Warum der Apfel vom Baum fällt un d’ weitere Rätsel des Alltags“ erauskomm. Bis ewell kann hie scho ganzer 60 Fachpräisser seng eegen nennen. Et stécht also an all Zell a Wierk ee Soupçon Wëssenschaft, déi de Ranga mam Rescht vun der Welt deele well.

Privat ass gewosst, datt de Yogeschwar bestuet a Papp vu véier Kanner ass. Mat senger Famill wunnt hien an der Géigend vu Köln a wäert haut hoffentlech genau esou feieren, wéi et fir ee lafende Lexikon ubruecht ass. Mir wënschen op alle Fall alles Guddes!

Opmaacherbild: De Ranga Yogeshwar bei der Frankfurter Buchmesse 2017 © Heike Huslage-Koch

Ähnlech Sujeten Physik, Quarks & Co, Ranga Yogeshwar, Wëssenschaft, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel