Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

International Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/can-you-hook-up-spotify-to-alexa/

https://moien.lu/e4-dating-clones/

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!
International Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/can-you-hook-up-spotify-to-alexa/

RANTANPLAN – mam Rudel zu Saarbrécken!

Vergaangene Sonndeg huet déi Hamburger Ska-Punk Band Rantanplan zu Saarbrécken

Nom G7-Sommet vu Biarritz…
International Kultur Neiegkeeten https://moien.lu/can-you-hook-up-spotify-to-alexa/

Nom G7-Sommet vu Biarritz…

Et war kee Sommet wéi vill anerer, a wann et

What the Fakt – D’Elizabeth II gëtt zur Queen

What the Fakt – D’Elizabeth II gëtt zur Queen

Am jonken Alter vu 25 Joer ass d’Elizabeth II 1952 zur Kinnigin vun England ernannt ginn. Nom Dout vun hirem Papp war si déi rechtméisseg Trounfolgerin a gouf den 2. Juni 1953 an der Westminster Abbey gekréint. Dobäi war awer net ëmmer alles esou elegant ofgelaf, wéi ee sech dat vläicht vum Kinnekshaus erwaart.

Als Kand huet d’Elizabeth d’Kréinung vu sengem Papp, dem Georg VI materlieft. Um 6. Februar 1952 ass de Kinnek gestuerwen, wouduerch säi Meedchen op den Troun komm ass. Eréischt 16 Méint méi spéit ass déi feierlech Zeremonie organiséiert ginn, bei der si offiziell d’Kroun opgesat krut. Ënnert den 8200 Gäscht war natierlech just den héijen Adel a Prominenz, sou wéi och verschidde Scheichen, Sultaner a Maharadschaen.

queen

Kréinungsporträit vun der Kinnigin Elizabeth II an dem Duke vun Edinburgh

Et sot keen, datt et einfach gëtt

Mat 2 Kilogramm Gewiicht a 444 Saphiren, Smaragden, Rubiner an Diamanten ass déi 350 Joer al St. Edwards-Kroun net grad liicht um Kapp ze droen. Bei engem Interview mam Alastair Bruce zum BBC-Film „The Coronation“ huet d’Queen zouginn, datt een – ee Mol d’Kroun opgesat – de Kapp besser net méi ze vill beweege sollt, wouduerch et schonn immens schwéier gëtt, fir eng Ried ze liesen. D’Gefor besteet, datt ee sech d’Genéck brieche kéint. Dobäi hat déi nei Kinnigin awer Gléck, datt hire Papp eng ähnlech Kappform hat, wéi säi Meedchen.

Och den Trajet an der gëllener Kutsch soll net immens bequem gewiescht sinn. Hiren Erzielungen no sollt de Sëtz sech ugefillt hunn, wéi wann d’Fiederen just mat dënnem Lieder iwwerzunn waren, wat een immens onconfortabelt Gefill bis an d’Westminster Abbey erzielt huet.

War déi jonk Kinnigin am Ufank dach esou schei, sou huet si sech mat der Zäit ee Richteg Empire opgebaut, mat enger ganzer Natioun, déi total hannert der Herrscherin steet. Mëttlerweil gëllt si als Éieren-Damm, déi duerch hir Eleganz an hire Sënn fir manéierlecht Verhalen, Anhale vun Traditiounen an exzellent Representatioun vum Kinnekshaus weltwäit immens gutt ugesi gëtt.

queen

D’Kréinungszeremonie an der Westminster Abbey

Et ass vill geschitt

Mëttlerweil ass d’Queen Elizabeth II schonn 92 Joer al, an trotzdeem léisst d’Kinnigin sech net vum Alter ënnerkréien. Am Ufank vun hirer Regentschaft hat Groussbritannien nach iwwer 70 Kolonien, wouvun hautdesdaags bal keng méi iwwreg bliwwen ass. Bis ewell huet si 12 Premierministeren an divers politesch Krisen materlieft. Trotzdeem bleift d’Queen de Fiels an der Brandung a weist sech ëmmer flichtbewosst.

D’Goe fält hir ëmmer méi schwéier, an awer ginn alleguerten d’Rendez-Vous’en agehalen. Sief et fir Gesetzer ze ënnerzeechnen, Staatsgäscht ze empfänken oder Déieren am Zoo ze fidderen, d’Elizabeth II ass mat dobäi a vertrëtt hiert Land ganz virbildlech. A grad elo zur Zäit vum Brexit representéiert si dat eenzegt Zeeche vu Stabilitéit, wat d’Land momentan huet.

Ähnlech Sujeten Brexit, England, Groussbritannien, Kinnekshaus, Kréinung, Queen, Queen Elizabeth II, What the Fakt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel